Search

You may also like

Neie Streckeradar Waldhaff-Gonnereng: Ab nächster Woch gëtt geblëtzt!
Neiegkeeten

Neie Streckeradar Waldhaff-Gonnereng: Ab nächster Woch gëtt geblëtzt!

Ab dem 15. Juni 2020 geet de Streckeradar tëscht dem

E Sardinneschwarm géint den italienesche Rietspopulismus
Neiegkeeten

E Sardinneschwarm géint den italienesche Rietspopulismus

Ugefaangen huet dat Ganzt de 14. November, wéi ee Grupp

Haut huet de Groussherzog Jean Gebuertsdag
Neiegkeeten

Haut huet de Groussherzog Jean Gebuertsdag

Um haidege Samschdeg feiert de Groussherzog Jean säin 98. Gebuertsdag.

What the Fakt – De Farin Urlaub huet Gebuertsdag!

What the Fakt – De Farin Urlaub huet Gebuertsdag!

Mat senger Band Die Ärzte feiert de Sänger ee risegen Erfolleg. Och de Concert fir nächst Joer an der Rockhal war immens schnell ausverkaaft. Haut kritt hie scho 55 Joer.

Als Vakanzen-Junkie koum de Jan Ulrich Max Vetter schnell zu sengem Kënschtler Numm Farin Urlaub („Fahr in Urlaub“). D’Punk-Rock Band Die Ärzte besteet säit 1993 offiziell aus dem Bela B, dem Rodrigo González an natierlech dem Farin Urlaub. Iwwert d’Hierkonft vum Numm ass ee sech net esou ganz eenz, mee et gëtt emol spekuléiert, datt de Bela B an den CD’Geschäfter Bands mam Buchstaw Ä vermesst huet Ganz ironesch nennen si sech mëttlerweil selwer déi bescht Band vun der Welt.

Un Erfolleg mangelt et der Band op alle Fall net. Mat 6,8 Millioune verkaften Tounträger gehéiert d’Berliner Punkrock-Grupp zu de kommerziell erfollegräichsten däitsche Bands.

Säit 2001 ass d’Gebuertsdagskand mam Soloprojet Farin Urlaub Racing Team ënnerwee. Am Ganzen huet de Rocker hei 6 Alben erausbruecht, dat lescht koum 2015 op de Marché an heescht „Danger!“. Ganz de Profi gëtt hien sech immens vill Méi fir seng Musek. Fir de Video vun „OK“ huet seng Schwëster wärend Jore missen al futtis Gittaren um Floumaart kafen, fir datt hien der schliisslech 75 dovu futti schloe konnt.

Als Kand krut de Farin Urlaub vu Proffen ugeroden, an Zukunft nimools eppes mat Musek ze maachen. Mir sinn frou, datt hien do säi Kapp duerchgesat huet an de Géigendeel beweist. D’Redaktioun wënscht alles Guddes a freet sech op de Concert de 25. Mee!

Quellen:

Foto: Farin Urlaub am Musekvideo “Herz? Verloren”

Related topics Bela B, Die Ärzte, Farin Urlaub, Gebuertsdag, Punk Rock, Rockhal
Next post Previous post