Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Äerdbiewen an Albanien: Lëtzebuerg hëlleft mat 100.000 €
https://moien.lu/march-dating-site/

Äerdbiewen an Albanien: Lëtzebuerg hëlleft mat 100.000 €

Nom Äerdbiewen an Albanien um vergaangenen Dënschdeg sinn ronn 900

https://moien.lu/korean-dating-news-2018/
https://moien.lu/dating-antique-nuts-and-bolts/
https://moien.lu/march-dating-site/

https://moien.lu/dating-a-dawes-galaxy/

En Dënschdeg huet d‘Handelskummer, déi zum Acteur vun der wirtschaftlecher

Wann eppes gutt ass gëtt et bäibehalen
https://moien.lu/march-dating-site/

Wann eppes gutt ass gëtt et bäibehalen

D‘Stroossebauverwaltung huet beschloss d‘Vitessereguléierung op den Autobunnen „A6“ an „A1“

What the Fakt – „de groussen Diktator“ vum Charlie Chaplin erlieft seng Uropféierung

What the Fakt – „de groussen Diktator“ vum Charlie Chaplin erlieft seng Uropféierung

Haut virun 78 Joer huet de populäerste Komiker vun den 20er Joer, den Charlie Chaplin, d’Uropféierung vum Satire-Film „The Great Dictator“ an den USA gefeiert. Hei mécht hien sech iwwert den Adolf Hitler, deemolegen Diktator vum Däitsche Räich lëschteg.

Als Kand vun zwee Schauspiller war den Chaplin schonn ëmmer a Kontakt mat der Bühn. Säin éischten Optrëtt huet hie mat 12 Joer als Coursier „Billy“ am Film „Sherlock Holmes“. De jonke Charlie Chaplin ass doropshin ëmmer erëm gefrot ginn, fir a Filmer matzewierken a gouf ee vun de bekanntste Schauspiller vun der Zäit.

Mam kommenden Erfolleg wollt hien awer och eegestänneg schaffen a selwer Filmer dréinen, wéi och Dréibuch schreiwen. Aus senger Passioun eraus ass 1939 de Film mam groussen Diktator entstane. Schonn eleng wéinst dem gläiche Schnutz huet hien den Adolf Hitler missen op d’Schëpp huelen. Fir de Schauspiller war et dann och säin éischte Film mat Toun.

Am Film spillt den Chaplin zwou Rollen. Op der enger Säit ass hien de jüddesche Coiffeur, den bei engem Fligeraccident säi Gediechtnes verluer an duerno Joren am Spidol verbruecht huet. No senger Rehabilitatioun kënnt hien an een antisemitescht Land, wat hie guer net versteet.

Op der anerer Säit verkierpert hien den Diktator vun Tomanien, den Hynkel, den alles maache géif fir un d’Weltmuecht ze kommen. Duerch d’Ausgesinn gëtt hien dauernd mam jüdesche Coiffeur verwiesselt. De Film end mat der berühmter Ried vum Coiffeur, déi dem Chaplin sengen eegene Wierder entsprécht. Déi berühmtste Szen ass awer déi, wou den Anton Hynkel mat senger Weltkugel spillt, bis se schlussendlech platzt.

D’Premiere zu New York verleeft ouni Tëschefäll, d’Reaktioune sinn awer gespléckt. Begeeschtert Meenungen treffen op Kritik, déi de Film zur Zäit vun Nazi-Däitschland net akzeptabel fannen. Trotzdeem deet et dem Erfolleg näischt an de groussen Diktator verzeechent nieft „Vom Winde veweht“ déi héchst Zuelen u verkaafte Karten.

Hei kënnt Dir Iech d’Schlussried vum Film ukucken.

Quellen:

Foto: © picture-alliance / dpa/A0009_dpa/dpa Picture-Alliance / dpa

Ähnlech Sujeten Charlie Chaplin, Diktator, Film, Satire, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel