Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dës Steiervergënschtegung droen zu engem soziale Loyer bäi
https://moien.lu/disabled-dating-australia-free/ Neiegkeeten free dating sites waterloo

https://moien.lu/seeing-a-girl-vs-dating/

Fir de Wunnengsbauministère, ass déi säit dem 1. Januar 2017

https://moien.lu/heart-dating-login/
https://moien.lu/disabled-dating-australia-free/ Neiegkeeten free dating sites waterloo

Kenns du Hesper gutt genuch fir dëse Quiz ze packen?

Hesper gehéiert zu deene gréisste Gemengen am Land, wat d’Awunnerzuel

Eurostat: Industrieproduktioun am Euroraum ëm 1,6 % erofgaangen
https://moien.lu/disabled-dating-australia-free/ Neiegkeeten free dating sites waterloo

Eurostat: Industrieproduktioun am Euroraum ëm 1,6 % erofgaangen

De Schätzungen no vun Eurostat, dem statisteschen Amt vun der

What the Fakt – De Jangeli rullt!

What the Fakt – De Jangeli rullt!

Vum 17. Februar 1882 un ass de „Jangeli“ iwwer 70 Joer vun eiser Haaptstad iwwert Fréiseng a Mondorf bis op Réimech gefuer. Mat dëser Bimmelbunn konnt och Lëtzebuerg säin Eisebunn-Reseau ausbauen, an huet mat Garen zu Gréiwemaacher, Réiden a Veianen och manner interessant Gebidder un d’Verkéiersnetz ugeschloss.

Mat enger Geschwindegkeet vun 30km/h war de Jangeli vläicht net den aller schnellsten, an awer gouf a gëtt dësen Zuch op schmuele Spueren nach ëmmer vun all Lëtzebuerger Bierger geschat. Benannt ginn ass d’Bunn nom deemolegen Deputéierten a Buergermeeschter Jean Knaff. Ronn 60 Leit kruten duerch dëst Transportmëttel eng Aarbecht offréiert a misste vir een idealen Oflaf vum Verkéier suergen.

Geet een elo e bëssen zeréck an der Geschicht fënnt een eraus, datt no der Fräigab vun der Eisebunn-Streck an England am Joer 1825, och Europa an Amerika dem Trend zum schmuelspueregen Eisebunnsreseau nogaange sinn. Nodeems de Grand-Duché 1842 dem däitschen Zollveräi bäigetrueden ass konnt och bei eis am Land mam Bau ugefaange ginn. Um 11. August 1859 ass esou déi éischt Streck tëscht der Haaptstad op Diedenhofen a Metz a Betrib geholl ginn.

Elo koum awer och d’Iddi op, fir manner bewunnte Gebidder a wirtschaftlech net esou interessant Géigenden an dat neit Verkéiersnetz anzebezéien. Esou huet de Staat um 6. August 1880 decidéiert fir am Ganzen 7 Schmuelspuerlinnen ze bauen. Mat engem Meter Breet hu si de Virdeel gebueden, beim Bau an am Entretien méi bëlleg ze sinn.

Jangeli

De Lockführer, Heizer an Aarbechter bei de Reparature vun der Maschinn © Sammlung Alice Michels-Lenger

Eng Hoffnung fir de Kanton Réiden

Am Joer 1885 waren nach ëmmer d’Haaptuertschafte vun dräi Kantonen – Gréiwemaacher, Réiden a Veianen – net mat dësem moderne Verkéiersmëttel equipéiert. Sou ass um 27. November d’Konzessioun fir de Bau vun de Strecken Näerden – Rombech/Maarteleng (29,54km) an Dikrech – Veianen (14,11km) mat Schmuelspueren vun der Regierung komm. Waasserbëlleg – Gréivemaacher (6,16km) sollt mat enger Normalspur bebaut ginn.

Eleng d’Gemeng Réiden war gutt 24 Kilometer vun der nächster Bunnstatioun ewech, wouduerch mam Jangeli elo d’Hoffnung op ee wirtschaftlechen Opschwong gewuess ass. Mat dëser Bunn kéinten nämlech endlech d’Produiten aus der Regioun, virun allem awer de Schifer vu Perlé an Uewermaarteleng transportéiert ginn.

Réiden huet zu dëser Zäit ongeféier 15.538 Awunner gezielt, woubäi ëmmer méi Leit schonn eleng wéinst der Aarbecht plënnere wollten. Mam moderne Verkéiersmëttel sollt och dëse Problem gestoppt ginn. Duerch verschidde Streidereien, Diskussiounen a Feeler am Plang ass eréischt den 1. Juli 1889 den éischte Stee gesat ginn, deen alles un d’Rulle bruecht huet. Ee Joer méi spéit konnt de Jangeli endlech fir eng éischt Kéier duerch Réiden un der Attert fueren.

Jangeli

Op der Gare zu Réiden © Sammlung Alice Michels-Lenger

De Jangeli an den CFL

A ganz Lëtzebuerg huet déi kleng Bunn vun 1882 bis 1955 nohalteg d’Liewen an den Alldag vun de Bierger gepräägt. Virun allem d’Handwierk an d’Industrie sinn duerch d’Zuchstrecken enorm opgebléit.

Duerch Schwäizer Kapital koum et zur Lëtzebuerger Sekundär-Bunngesellschaft. 1934 huet schliisslech de Lëtzebuerger Staat d’Strecken iwwerholl. Wärend dem zweete Weltkrich sinn d’Linnen allerdéngs staark beschiedegt ginn, wouropshin den CFL d’Rudder an d’Hand geholl an esou de Jangeli gerett huet.

Ee Lidd fir d’Bunn

Wien kennt dat traditionellt Lëtzebuerger Lidd, bei dem de Jangli den Houwald erop fiert schonn net? Fir e puer Detailer méi ze kréien, hu mir eis un den Här Jean Kandel gewent, den Expert vun de Lëtzebuerger Lidder ass, se sammelt an eis Sprooch oprecht erhale wëll. Sou si mir gewuer ginn, datt den Text vum Lidd vum Fernand Wark a Jeff Besch ass. Als Inspiratioun huet een amerikanescht Lidd mam Titel “On the Atchison, Topeka on the Santa Fee” vun 1944 gedéngt, wat och an d’Franséischt iwwersat ginn ass. D’Musék kënnt hei vum Harry Warren an den Text vum Jacques Plante.

“De Jangeli fiert den Houwald erop, oh wir den gutt do uewen op der Hesper Kopp! D’Maschinn wackelt iwwert d’Schinnen dohin, vu lauter Damp hutt Dir net méi ganz vill gesinn” – sou heecht et am musikalesche Stéck, wat och haut nach gären vun Jonk an Aal matgesonge gëtt. A sollt Dir Informatiounen zu anere Lëtzebuerger Lidder sichen, wësst Dir elo sécher, wien Dir froe kënnt! Iwweregens ass de Jean Kandel nach ëmmer op der Sich nom Stéck “Sonili”. Hutt Dir et vläicht doheem?

Opmaacherbild: Am Februar 1882 gëtt de Jangeli zu Cruuchten ageweit © Nationalarchiv

 

Ähnlech Sujeten 1882, Gare, Jangeli, Transport, Verkéier, What the Fakt, Zuch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel