D’Pirate mat Zouversiicht um Wee an d’Gemengewahlen
De Landeskongress vun der Piratepartei Stong voll an ganz am
De Landeskongress vun der Piratepartei Stong voll an ganz am
Well et einfach net nei ze erdroen ass, datt ëmmer
Um 15. November 1992 sollt den Heavy Metaller a Member
Mat 35. Staffele war déi däitsch Fernsehshow „Wetten, dass…?“ eng vun den erfollegräichste Sendungen a ganz Europa. Um 13. Dezember 2014 sollt, mat der 215. Folleg eng Ära op een Enn goen.
Um 14. Februar 1981 huet de Fernsehsender ZDF déi éischt Ausgab vun dësem Format gewisen. Deemools huet säin Erfanner, de Frank Elstner, nach d’Show moderéiert. Wärend 39 Sendungen ass hien „Wetten, dass…?“ trei bliwwen. Elo war et dann um Thomas Gottschalk, den haut nach d’Gesicht vun dësem Format ass, fir d’Rudder an d’Hand ze huelen.
D’Konzept war einfach a kloer: Eng Persoun gëtt un, eppes Besonnesches oder Skurrilles ze kënnen. D’Show hunn ëmmer nees op een neits national an international Berühmtheete besicht, déi dann dofir oder dogéint wette konnten. An der Ufankszäit vun der Sendung huet de Wettpate, wann en da falsch louch, eng Strofaufgab erfëllen missen. An de Joren duerno ass dëst Konzept dann zum Sammele vu Spenden higaangen, bis schlussendlech erëm kleng Aufgaben agefouert goufen.
Zu den Highlights vu „Wetten, dass…’“ huet den Optrëtt vum Michael Jackson 1995 gehéiert, woubäi hien op enger Hebebühn performt huet. Mee och Gäscht, wéi de Michail Gorbatschow, de Gerhard Schröder, den Tom Hanks, den Udo Jürgens, den Elton John, d’Cher oder d’Tina Turner duerfte scho Platz op der grousser Promicouch huelen.
Iwwer drësseg Joer Showgeschicht bréngen nieft der grousser Prominenz awer och immens opreegend, kuriéis awer och bedréckend Optrëtter mat sech. Jo, hei war et da méiglech d’Faarf vu Stëfter un hirem Goût ze erkennen, wärend dem Autofueren d’Pneuen ze wiesselen (ass vläicht am Alldag net esou empfeelenswäert) oder zu 84 Persounen op 9 Motorrieder als Pyramid 100 Meter wäit ze fueren.
Een trauregt Enn hat dem Gottschalk seng Show mam Accident vum Samuel Koch. Bei senger Wett, fir iwwert fuerend Autoen ze sprangen, gëtt hie bei sengem leschte Sprong esou staark blesséiert, datt de Sportler säit hier queeschschnëttsgeläämt ass. De Schock huet net nëmmen de Publikum, mee och de Moderator selwer schwéier getraff, sou datt hien 2011 net méi fir dës Sendung zur Verfügung stoe wollt.
Fir dräi Joer huet de Markus Lanz dunn d’Show geleet, an awer war et net méi dat selwecht ouni de Gottschalk. Et muss ee wëssen, wéini et eriwwer ass, a sou war dunn den 13. Dezember 2014 déi allerlescht Folleg vu „Wetten, dass…?“ um Fernseh.
Foto: © Jan Woltas/dpa/AFP
Quellen: