Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg: Wat muss sinn, muss sinn
Neiegkeeten

Lëtzebuerg: Wat muss sinn, muss sinn

Eng Gemengerotssëtzung een Dag no de Walen, dat klengt erstaunlech

Äddi Führerschäin!
Neiegkeeten

Äddi Führerschäin!

Et ass esou onverständlech wéi onverstänneg, mee et gëtt anscheinend

Wéi gutt kenns du d’EU?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’EU?

D’europäesch Unioun ass zwar all Dag an den Noriichte present,

What the Fakt – dem Ozzy Osbourne säi leschte Concert…oder och net

What the Fakt – dem Ozzy Osbourne säi leschte Concert…oder och net

Um 15. November 1992 sollt den Heavy Metaller a Member vu Black Sabbath säi leschte Concert ginn a mat 44 Joer a Pensioun goen. D’Show zu Costa Mesa end an engem risege Medien-Hype. Et war awer ze erwaarten, datt et wuel net de leschte Concert vum britesche Museker wäert sinn.

Scho mat 16 Joer hat de musekbegeeschterte John Michael Osbourne seng éischt Band mam Numm „Black Panthers“. Zesumme mat senge Kollegen Tony Iommi, Geezer Butler a Bill Ward grënnt hie schlussendlech déi legendär Grupp „Black Sabbath“. Mat haarder Heavy Metal Musek konnten si 1970 endlech hire groussen Duerchbroch an den USA feieren an hir éischt Tournéeë starten.

Den Ozzy huet awer och als Solokënschtler ofgedréite Shows geliwwert an d’Fans mat düstere Kläng d’Fans begeeschtert. Fir si war de Museker ab elo de Papp vum Metal a gouf och „Prince of Darkness“ genannt.

Trotz dem immensen Erfolleg vun der Band an dem Osbourne als Solokënschtler wollt hien no 25 Joer Business net méi viru fueren. Hie selwer huet et als irreal Zäit beschriwwen, déi och emol een Enn muss hunn. Fir hie wier et Zäit Heem ze goen, endlech a sengem Haus ze wunnen, wou hien ni wierklech dra war, den Auto ze fueren, den laang Zäit onbenotzt an der Garage stoung an ee Liewe mat senger Famill opzebauen.

D’Show a Kalifornien sollt seng lescht sinn. No esou enger erfollegräicher Geschicht hätt domadder kee gerechent. Op senger „No More Tours“ Tour leet hie säi Statement zur Pensioun of. Eleng, an awer och mat senger Band Black Sabbath faszinéiert hien d’Metalfans am Pacific Amphitheater zu Costa Mesa.

Et sollt awer net laang unhale mat der Fräizäit. Scho kuerz drop ass de Sänger nees present an de Medie mat der Ausso „Ech si scho gelangweilt vun der Pensioun. […] Et nervt einfach. Et huet net laang gedauert bis et mir an de Fanger gekribbelt huet fir erëm nei Songs ze schreiwen.“

Kuerz Zäit drop steet Black Sabbath nees op der Bühn. No „Dehumanizer“ kënnt zwee Joer méi spéit den Album „Cross Purposes“ eraus an d’Band geet op Tour.

Och haut ass souwuel den Ozzy, wéi och seng Band nach ëmmer ganz uewen am Metalberäich. Dem Osbourne seng Farewell Tour geet nach bis Juli 2019. De „Prince of Darkness“ wäert wuel sou schnell net ophalen.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Band, Black Sabbath, Musék, Ozzy Osbourne, Pensioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel