Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UNESCO Molconcours – D’Jugend zeechent de Weltierwen
International Kultur Neiegkeeten Stories

UNESCO Molconcours – D’Jugend zeechent de Weltierwen

Um Freideg, de 7. Juni 2019 ass an der Stater

Den Ausseminister hëlt Stellung zu engem Fall, deen d’Gemidder erhëtzt huet
International Kultur Neiegkeeten Stories

Den Ausseminister hëlt Stellung zu engem Fall, deen d’Gemidder erhëtzt huet

Et ass net ëmmer kloer, wat bei Meldungen, déi duerch

Knock it out: Véier Fäischt fir de gudden Zweck
International Kultur Neiegkeeten Stories

Knock it out: Véier Fäischt fir de gudden Zweck

Bei deem fir „Amateuren“ an aner Frënn vum Boxsport organiséierten

What the Fakt – Dem Spielberg säin E.T. kënnt op d’Äerd!

What the Fakt – Dem Spielberg säin E.T. kënnt op d’Äerd!

E koum eleng a mat vill Angscht op eise Planéit, 3 Millioune Liichtjoer vu senger Heemecht ewech an och Heem telefonéieren huet net funktionéiert. Viru genau 37 Joer huet de Regisseur Steven Spielberg de klengen Ausserierdeschen E.T. an de Kino, sou wéi an d’Hierzer vun de Mënsche bruecht. Och haut nach ass den zerdruddelten an tollpatschegen Alien bei Grouss a Kleng beléift.

Schonn als kleng Kand hat de Spielberg d’Grondiddi fir ee Film mat engem Jong, deen een Alien entdeckt, ze dréien. Och no der Scheedung vu sengen Elteren huet hien oft un dës nach imaginär Geschicht zeréck geduecht a sech ee Brudder virgestallt, deen hien ni hat. Schlussendlech hätt sech de Film nach bal zu enger Geschicht mat engem béisen Alien entwéckelt, deen een Bauerenhaus attackéiert, mee glécklecherweis konnt ee spéider ee lëschtegen zerdruddelten Ausserierdeschen um Ecran gesinn, deen ee Wee Heem sicht.

Ënnerhalb vun 8 Wochen ass d’Dréibuch geschriwwe ginn. Déi selwecht Zäit huet ee gebraucht, fir déi komplett Dréiaarbechten, déi pünktlech fir Chrëschtdag 1981 ofgeschloss konnte ginn. Am Film spillt d’Drew Barrymore – deemools nach jonk 6 Joer – dat klengt Gertie, Schwëster vum Elliott. Den E.T. selwer ass zum Groussdeel mat enger elektrescher Popp gespillt ginn, an awer huet een a verschidde Situatiounen op zwee Klengwüchseger – d’Tamara De Treaux an de Pat Bilon zeréck gegraff. Tëschenduerch huet och den 12 Joer jonke Matthew De Meritt, deen ouni Been gebuer ginn ass, den Alien gespillt.

E.T.

© Universal Pictures Germany

De Film „E.T. – Der Außerirdische“ huet zum Schluzss just 10,5 Milliounen US-Dollar kascht, woubäi eleng een Zéngtel genotzt ginn ass, fir déi animatronesch Popp vum Alien ze bauen. Fir säi Wierk huet de Steven Spielberg méi positiv Bewertungen erhalen, wéi hien et sech jeemools virgestallt hat. Donieft konnt d’Geschicht ëm den Alien sechs Wochen an den US-Kino Charts bleiwen an zuelräich Präisser akasséieren.

Et sollt dann och ee vun de meescht verkaaften an meescht ausgeléinte Filmer op VHS aus den 80er Jore ginn. D’Iddi vum grujelege Film mam béisen Alien huet de Regisseur iwwregens och bäibehalen. Am selwechte Joer ass nämlech de Fantasy-Thriller „Poltergeist“ erauskomm.

An ëm wat geet et beim Film?

Bei enger friddlecher Missioun wëllen déi Ausserierdesch eise Planéit erfuerschen, ginn awer vu FBI-Agenten an der NASA gestéiert a flüchte schnell zeréck an hir Heemecht. An der ganzer Hektik hu si een vun hire Komerode vergiess, deen schliisslech Schutz an enger klenger Siidlung sicht. Hei wunnt ënnert anerem och den Elliott mat senger Mamm Mary, sengem grousse Brudder Michael an der klenger Schwëster Gertie.

Wéi den Elliott den Alien hannert dem Haus entdeckt frënnen si sech no engem éischte Schock schnell un an dat tollpatschegt Wiese vun engem anere Planéit kritt den Numm E.T.. Keen dierf eppes vum neie Kolleg am Haus wëssen, bis op d’Geschwëster. Schnell entwéckelt sech tëscht dem Ausserierdeschen an dem klenge Jonk eng besonnesch telepathesch Verbindung, wouduerch si Gedanken a Gefiller deelen.

De klengen E.T. Verlaangert no sengem Doheem an natierlech wëll den Elliott sengem besonnesche Kolleg hëllefen, nees zeréck op säi Planéit ze kommen. Allerdéngs sinn och d’Regierung a Wëssenschaftler op der Sich nom Wiesen aus dem Weltall.

Ähnlech Sujeten Alien, E.T. - Der Ausserirdische, Film, Steven Spielberg, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel