Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Biber: De Buerghäer ass zeréck!
International Neiegkeeten dating site with email address

tempat dating kota kinabalu

Zu Lëtzebuerg war de Biber ronn 200 Joer ausgestuerwen. De

seventy thirty dating agency reviews
International Neiegkeeten dating site with email address

D’Sloganen vun de Gemengewahlen ënnert d’Lupp geholl

D’lëtzebuergesch Youtuberin Tatta Text hëlt an hirem aktuellste Video d’Sloganen

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan
International Neiegkeeten dating site with email address

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan

Nodeems Netflix dëse Mount schonn mat Annihilation en neien Science

What the Fakt – Den Aarbechter vum Tipp ee grousse Merci!

What the Fakt – Den Aarbechter vum Tipp ee grousse Merci!

Et gëtt kee mannerwäertege Beruff. Et gi just Uerteeler vu Leit, déi sech als eppes Besseres ugesinn. Ëmsou méi ee grousse Respekt a Merci hu genau déi Leit haut verdéngt, déi sech dagdeeglech fir d’Propretéit vun eiser Ëmgéigend asetzen, andeems si Poubellen eidel maache kommen, no Festivitéiten den Dreck opsammelen an domat fir d’Wuelbefanne vun eis all schaffen.

De 17. Juni steet ganz am Zeeche vum Tipp a sengen Aarbechter. De sougenannte Global Garbage Man Day, deen op Initiative vum US-Amerikaner John D. Arwood entstanen ass, gëllt als Éierendag vun eise Fraen a Männer, déi am Service Hygiène schaffen. Am Joer 2011 hat de Gerant vun Arwood Waste, dee selwer an zweeter Generatioun als Aarbechter um Tipp aktiv ass, den Aktiounsdag an d’Liewe geruff.

Duerch de grousse Succès an déi vill positiv Reaktiounen huet een den nationale Gedanke schliisslech international verbreet, sou datt dës Beruffsgrupp fir hir Aarbecht méi geschat soll ginn. Schliisslech ass, wéi och bei villen aneren Éierendeeg fir verschidde Beruffer, d’Schafung vum ëffentleche Bewosstsinn vu grousser Bedeitung.

Tipp

Botze vum “Bock” mat Hëllef vun der Botzmaschinn an elektreschem Gebléis © Service Hygiène / VDL

Dramberuff Service Hygiène?

Generell versteet een ënnert dësem Beruff, datt d’Aarbechter Offäll sammelen a sortéieren. De Service vun der Stad Lëtzebuerg ass, fir genau ze sinn, fir folgend Aufgaben zoustänneg:

  • D’Gestioun vum Offall an der Stad: Poubellen an Dreckstuten zur Verfügung stellen; den Offall vum Haushalt, der Entreprise, Festivitéiten a villes méi ofhuelen an transportéieren;…
  • D’Erhale vun der Propretéit am ëffentleche Raum: Stroossen, Trottoiren, Foussgängerzonen, ëffentlech Plazen, Schoulhäff, Sportshalen an Ëmgéigend, sou wéi touristesch Sitte propper halen; Knätsch um Buedem vu staark besichte Plazen ewech huelen, Gebaier vu Graffitie befreien, Fréijoersbotz,…
  • De Recycling-Zenter: Kollekte vu Batterien (ECOBATTERIEN), elektroneschen Apparater (ECOTREL), Glas, Pabeier, Kartong, Verpakungen (VALORLUX), Gestioun vum Recycling-Zenter a verdeele vun der SuperDrecksKëscht;…
  • Wanterdéngscht: Befreiung vu Schnéi an Äis an den zougeschriwwene Beräicher; Gestioun vun de Behälter fir Streesalz, Organisatioun vum Propper-Maache vum Trottoir virun den Diere vun eeleren oder handicapéierte Persounen
  • Ëffentlech Toiletten a Quellen
  • D’Verdeele vu Kraaftstoff un d’Servicer an der Stad
  • Den Atelier fir Reintegratioun EKIPP: nieft den Ateliere fir de generellen Entretien, sou wéi den Entretien vun de Gefierer, kréien hei „kränkelnd“ Persounen d’Chance op professionell Reintegratioun
Tipp

D’Stroossen an der Stad nom Virowend vun Nationalfeierdag – si mir all Knaschterten? © Service Hygiène / VDL

An hirem Bilan vum Joer 2017 ass uginn, datt am Ganze 64.275 Tonnen un Offall gesammelt gi sinn, wouvun der nees 26.754 Tonne recycléiert, kompostéiert oder traitéiert gi sinn. Mat 135 Gefierer hunn 340 Kollaborateuren sech fir eng propper Stad agesat. Säit der Veruerdnung vum 14. Dezember 1789 besteet den Artikel 50, dee beseet:

„…de faire jouir les Habitants des avantages d’une bonne police, notamment de la propreté, de la salubrité, & de la tranquillité dans les rues, Lieux & Edifices publics…“

Tipp

Deemools…
© Service Hygiène / VDL

Tipp

…an haut
© Service Hygiène / VDL

An esou schaffen dës Ekippen net just an der normaler Schaffwoch, mee zemools un de Weekender. Duerch hiert Wierken am Hannergrond, wat awer vun essentieller Bedeitung ass, gëtt dëse Beruff oft net genuch gewierdegt a geschat, woubäi mir ouni eis Aarbechter vum Service Hygiène dach total opgeschmass wiren. Do wier jo alles fir d’Tonn!

Mir soe MERCI!

Opmaacherbild: Och an de 50er Joren huet de Knuedler missen no de Festivitéite propper gemaach ginn © Service Hygiène / VDL

Ähnlech Sujeten 120 Joer Service Hygiène, Offall, Poubelle, Propper, Stad Lëtzebuerg, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel