Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den F91 bitt eng flott Virstellung géint den FC Sevilla
International Kultur Neiegkeeten

Den F91 bitt eng flott Virstellung géint den FC Sevilla

Erwaardungsgeméiss huet den FC Sevilla den F91 an der Europa

Accelerator-Pilotprojet: 314 Milliounen Euro zur Bekämpfung vum Virus
International Kultur Neiegkeeten

Accelerator-Pilotprojet: 314 Milliounen Euro zur Bekämpfung vum Virus

D’EU-Kommissioun huet gëschter ugekënnegt datt si 36 Entreprisen, déi zur

Brexit: D‘Theresa May wëll et nach emol wëssen
International Kultur Neiegkeeten

Brexit: D‘Theresa May wëll et nach emol wëssen

Et war eng Noriicht, déi esou keen aus der Downing

What the Fakt – Den Abrëllsgeck a seng Geschicht

What the Fakt – Den Abrëllsgeck a seng Geschicht

Besonnesch um éischten Dag vum Abrëll muss een immens virsiichteg sinn, fir net op de geckege Blödsinn eranzefalen. D’Matmënsche probéieren, een mat alle Methoden ze beaarbechte fir hir Dommheeten glafhaft eriwwer ze bréngen an uschléissend de Geck opfléien ze loossen. Mee wisou gëtt et dës aussergewéinlech Traditioun eigentlech?

Sidd och Dir haut schonn op ee Geck eragefall? Sief et eng Fal vum eegene Kand, Geschichte wéi datt d’Post zukünfteg mat Drone schaffe wäert oder och lëschteg Offeren u Servicer an Objete vun diversen Entreprisen – haut ass der Fantasie wuel keng Grenze gesat (sou laang ee kengem domat schued). An dësem Kader wëlle mir awer kloerstellen, datt dësen Artikel WIRKLECH der Realitéit entsprécht!

Een um 1. Abrëll ze veraarschen ass eng weltwäit verbreeten Traditioun. De genauen Ursprong ass net bekannt, an awer geet een dovun aus, datt d’Wuerzelen an Däitschland oder Frankräich leien:

Geet een der däitscher Erklärung no, sou soll beim Augsburger Räichsdag am Joer 1530 nieft dem Reliounssträit och d’Mënzwiese gereegelt gi sinn. Vill Leit hunn zu dëser Vereenheetlechung vun de Suen unhand vu Spekulatiounen hir Suen op d’Spill gesat a se uschléissend verluer, wouropshin si ausgelaacht gi sinn. De Saz „een an den Abrëll schécken“ existéiert säit 1618 a kënnt aus Bayern. Méi ass hei allerdéngs net gewosst.

Geet een elo der franséischer Geschicht no, sou soll den Abrëllsgeck op d’Kalennerreform vum Karl IX den Ausléiser gewiescht sinn. Am Joer 1564 huet hien de Joreswiessel vum 1. Abrëll op den 1. Januar gesat. Jiddwereen, deen aus Onwëssenheet oder Traditioun trotzdeem um 1. Abrëll Neijoerschdag gefeiert huet, ass ausgelaacht ginn.

Déi gréisst Abrëllsgecken an der mënschlecher Geschicht

Bei dëser Joerhonnerte laanger Traditioun ass et kee Wonner, datt mat der Zäit ëmmer méi afaalsräich Geschichten opgedëscht gi sinn.

  • Am Joer 1957 huet de britesche Sender BBC eng Dokumentatioun iwwer d’Spaghettiernte an der Schwäiz gewisen, woubäi verschidde Leit herno ugeruff hu fir ze froen, wou een dann ee Spaghettibam hir kritt.
  • 1962 ass et wuel just ee Sender am schwedesche Fernseher ginn. Nach mat schwaarz-wäissem Bild huet deemools den Noriichtespriecher Kjell Stensson zouginn, datt de Faarffernseh ganz einfach mat engem klengen Trick méiglech wier. Eng Nilonsstrëmp iwwert der Tele sollt d’Bild a liichtende Faarwen erstrale loossen!
  • Viru 24 Joer huet eng mexikanesch Zeitung uginn, datt de Bundesstaat Alabama de Wäert Pi (3,12159…) op de biblesche Wäert 3,0 ännere wéilt.
  • Am Joer 1995 huet de Magazinn „Discover“ geschriwwen, datt eng Biologin an der Antarktis eng nei Déierespezies entdeckt huet. Den „Heisskopfnackteisbohrer“ kann mat der Hëtzt vu sengem Kapp d’Äis zum Schmëlze bréngen an esou Pinguine joen.
  • Ikea ass 2011 mat der Geschicht komm, datt si een neie spezielle Produit hätten. De Stull fir den Hond géif et esou dem Hausdéier erméiglechen, besser um Familljeliewen deelzehuelen.
Ähnlech Sujeten Abrëllsgeck, Post, Traditioun, What the Fakt, Witzeg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel