LuxCon 2019: Loosst iech net fléiwen an kommt op de Festival vun der Imaginatioun
De Fall gesat dir hutt iech fir dëse Weekend nach
De Fall gesat dir hutt iech fir dëse Weekend nach
Fir déi, déi et nach net woussten: E Wahlkampf ass e Wettsträit
Et klengt onvirstellbar, mee de 6. Oktober 1582 huet ni existéiert. Duerch d’Ëmstellung vum julianeschen op de gregorianesche Kalenner si ganzer 10 Deeg vun dem Joer verluer gaangen.
De gregorianesche Kalenner, den nom Poopst Grégor XIII benannt ass, definéiert eis aktuell a weltwäit Zäitrechnung nom Sonnekalenner. Dauer vun der Zäit geet op d’Beobachtung vun de Planéiten zeréck.
No ville Berechnunge koum et schliisslech dozou, datt ee Joer aus 365,2422 Deeg besteet an d’Äerd 24 Stonne fir d’Emrennung vun der Sonn braucht. Uschléissend gouf dunn no an no an de verschiddene Länner des Zäitrechnung agefouert, wouduerch de 4. Oktober 10 Deeg iwwerspronge goufen.
Virun der Reform gouf et de julianesche Kalenner, den nom Julius Cäsar benannt ass. Bei dëser Zäitrechnung huet ee Joer 365,25 Deeg, wat Ufanks no kengem esou groussen Ënnerscheed, mat 11 Minutten a 14 Sekonnen, zu sengem Nofolger ausgesäit.
Wann een dat awer elo erop rechent, bedréit Differenz tëschent den zwee Kalenneren am 14. Joerhonnert scho méi wéi 7 Deeg. Mat enger komplizéierter Rechnung kann ee kalkuléieren, datt den 29. Dezember 1620 (JK) eigentlech den 8. Januar 1621 (GK) ass.
Dat läscht Land um europäesche Kontinent, wat déi gregorianesch Zäitrechnung agefouert huet, war 1926 Tierkei, wouduerch dëst Land direkt 13 Deeg iwwersprongen huet.
Quellen: