Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?
International Kultur what to do when your best friend is dating a bad guy introduction for dating sites examples

boston dating coach

Reegelméisseg verëffentlecht Eurostat Statistiken doriwwer, a wéi engem Zoustand sech

se7en singer dating
International Kultur what to do when your best friend is dating a bad guy introduction for dating sites examples

Pestiziden: D‘Gëft an den eegene véier Wänn

Am Kader vun enger Pressekonferenz am Haus vun der Natur

Die Lieferantin vum Zoë Beck liwwert eng realistesch an erschreckend Zukunftsvisioun
International Kultur what to do when your best friend is dating a bad guy introduction for dating sites examples

Die Lieferantin vum Zoë Beck liwwert eng realistesch an erschreckend Zukunftsvisioun

D’Zoë Beck, gebuer 1975, schreift, iwwersetzt a leet zesummen mam

What the Fakt – den Dag un dem d’Musek gestuerwen ass

What the Fakt – den Dag un dem d’Musek gestuerwen ass

Um 3. Februar fält an den USA ee Fliger erof. U Bord sinn d’Rock’n’Roll Ikonen Buddy Holly, Ritchie Valens an The Big Hopper – si all kommen beim Accident ëm d’Liewen. Domadder ass viru 60 Joer d’Musek gestuerwen.

Et hätt sollen eng phenomenal Tour vun de gréisste musikaleschen Talenter aus de 60er Joer ginn. Ufank 1959 sinn eng Rei Rock’n’Roll Sänger, zesumme mat hire Bands op eng grouss Tour duerch d’Stied vum mëttlere Westen an den USA opgebrach. Mat engem Bus sinn d’Museker vu Location zu Loation gereest. No kuerzer Zäit war hiert Transportmëttel der amerikanescher Keelt awer net méi gewuess, sou datt d’Heizung ausgefall ass an d’Passagéier un deene schrecklech kalen Temperature gelidden hunn.

De Batteur vum Buddy Holly huet souguer wéinst der Keelt missten an d’Spidol ageliwwert ginn. Um 2. Februar ass et de Museker schlussendlech duergaangen, an esou huet de Buddy Holly ee Fliger fir sech a seng Bandkollegen gechartert. Natierlech kréien déi aner Insassen dat mat, sou freet den Jiles Perry Richardson, bekannt als The Big Hopper, ee Band-Member, op hien, wéinst enger Gripp, déi hien sech am Bus zougezunn huet, net kann a senger Plaz mam Fliger matfléien. Schliisslech kritt hien den Accord.

Buddy Holly

De Buddy Holly mat sengen zwee Band-Kollegen. Mat hirer Entscheedung de Bus ze huelen konnte si iwwerliewen.

Reng als Witz geduecht seet de Buddy Holly zu sengem Kolleg, datt hien hofft, datt den ale Bus zoufréiere soll. Doropshin kritt hien d’Äntwert „An ech hoffen, äre Fliger fält erof!“. Wat als Spaass geduecht war sollt awer puren Eescht ginn, an esou wëll ee guer net wëssen, wéi dës Persoun sech no der Katastroph gefillt huet.

Och de Ritchie Valens wëll déi nächst Etapp vu 600 Kilometer net an dem äiskale Bus verbréngen. Esou gëtt eng Mënz geworf, an dem Museker säi Schicksal steet fest. Déi dräi Passagéier betrieden, trotz staarkem Schnéi de Fliger – ee grousse Feeler, wéi sech schonns no kuerzer Zäit erausstelle sollt.

Am Bundesstaat Iowa rullt d’Propellermaschinn lues op d’Startpist an hieft of. Duerch den heftege Schnéistuerm kann de Pilot d’Maschinn net ënnert Kontroll halen, an esou iwwerschléit de Fliger sech scho kuerz nom Start. Déi dräi Passagéier ginn erausgeschleidert, d’Maschinn gëtt op engem Feld an dausende Stécker gerappt an komplett zerstéiert, jiddwereen u Bord stierft. Mat dësem Ongléck ass och schliisslech d’Musek gestuerwen.

Buddy Holly

Déi accidentéiert Propellermaschinn kuerz no der Katastroph

A Gedenken un d’Museker

De Buddy Holly war 22 Joer al, den Big Hopper 29 Joer an de Ritchie Valens emol net Volljäreg. Si all stounge grad eréischt am Ufank vun hirer Karriär an hunn an de 50er Joer jonk Dammen mat hirer Musek an Extas versat. Eeler Generatiounen hunn hir Lidder als skandaléis ugesinn a si veruerteelt. An awer liewe si och haut nach, duerch d’Musek virun. Esou huet beispillsweis 1971 den US-amerikanesche Sänger Don McLean d’lidd „American Pie“ erausbruecht, wou hien mat der Songzeil „The day the music died“ un dat schrecklecht Ongléck erënnert.

Och de Musical „The Buddy Holly Story“, den scho säit e puer Joren duerch d’Welt tourt, léisst d’Museker weiderliewen. Dobäi kommen nach Lidder vum Eddie Cochran an Die Ärzte, déi un déi dräi talentéiert jonk Kärelen erënnere sollen. Mat „Buddy Holly’s Brille“ erzielt d’Grupp ëm de Farin Urlaub an de Bela B d’Geschicht vum Museker, den duerch säin décke Brëll opgefall ass, sief et op positiv oder negativ Aart a Weis. A sollt iergendengem d’Ausgesinn vum Buddy net gefall hunn, sou huet hien einfach drop lass gesongen, bis datt een him net méi widderstoe konnt.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Buddy Holly, Fligeraccident, Musék, Ritchie Valens, The Big Hopper, The day the music died, USA, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel