Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Team Lëtzebuerg zu Sarajewo
International Kultur Neiegkeeten Stories

D’Team Lëtzebuerg zu Sarajewo

Um vergaangene Sonndeg huet d’Erëffnungszeremonie vum Olympesche Festival vun der

Frankräich: kloer Majoritéit fir „en Marche“
International Kultur Neiegkeeten Stories

Frankräich: kloer Majoritéit fir „en Marche“

De President vu Frankräich kann ouni gréisser Schwieregkeete säi Programm

London verlaangt vu Washington „méi wäit ze goen“ fir Moskau ze bremsen
International Kultur Neiegkeeten Stories

London verlaangt vu Washington „méi wäit ze goen“ fir Moskau ze bremsen

D‘USA a Groussbritannien musse „wierklech“ méi no unenaner réckele fir

What the Fakt – Den Dracula gëtt bësseg!

What the Fakt – Den Dracula gëtt bësseg!

Um 14. Februar 1931 ass den Horrorfilm „Dracula“ vum Regisseur Tod Browning zu New York uropgefouert ginn. D’Verfilmung vum Bram Stoker sengem Roman, mam selwechten Numm, glänzt dobäi net mat speziellen Effekter, mee iwwerzeegt duerch dem Bela Lugosi seng immens schauspilleresch Verkierperung vum Vampir. Wat kéint wuel haut ee bessere Kontrast zum rosa-roude Vältesdag sinn, wéi ee gudden alen Horrofilm?

Laang ass et hir, datt dem Auteur Bram Stoker d’Iddi komm ass fir ee Roman iwwert ee bluttsaugend Wiesen ze schreiwen, wat iwwerall Angscht verbreet. Vir genau ze sinn war et am Joer 1897, datt „Dracula“ verëffentlecht ginn ass an zu engem vun de populäerste Literatur-Wierker weltwäit ginn ass. Domadder huet de Stoker de Wee fir divers Vampir-Legenden a Mythen opgemaach, Virun allem awer huet hien d’Basis fir een neie Literatur- a Filmgenre geliwwert.

Schonn den Auteur selwer hat geplangt, säi Wierk als Theaterstéck ze presentéieren. Allerdéngs huet d’Realisatioun him immens Schwieregkeete bereet, wouduerch den Dracula, den an dësem Fall vum Sir Henry Irving sollt gespillt ginn, schmäerzhaft fënnef laang Stonne gedauert hätt. Do hat de Regisseur Tod Browning natierlech seng Chance ergraff, fir d’Verfilmung vum Vampir unzegoen.

dracula

Ausschnëtt aus dem Film “Dracula” (1931)

Wéineger ass méi

Mat einfachen Effekter an Aspueren an der Geschicht bréngt hien d’Angscht virum Dracula laut de Kritiker immens gutt eriwwer. Och de Schauspiller Bela Lugosi huet säin Deel zum Succès bäigedroen. Mat sengen ungaresche Wuerzelen hat hien quasi de perfekten Accent an déi lues Aart a Weis fir ze schwätzen drop, déi fir d’Verkierperung vum Vampir gebraucht ginn ass.

Dobäi gëtt och ervir gehuewen, datt 1922 de Max Schreck an der Roll vum Nosferatu kloer déi grujeleg Säit vum Monster gewisen huet. De Lugosi dogéint huet der Figur eng gewëssen Ästhetik an Eleganz gespent, déi de Vampir nieft senger märderescher Aart och immens vill Charme offréiert.

Ganz nei fir dës Zäit war den Toun. De Film, mam Stoker sengem Roman als Virlag, war déi éischt Versioun vum Dracula, déi souwuel Bild an Toun verbonnen huet. Aus dësem Grond ass engem d’Verfilmung nach vill méi grujeleg virkomm: Elo konnt een d’Monster net nëmme gesinn, mee och nach héieren!

Zur Geschicht

No enger schrecklecher Rees duerch d’Karpathen an Ost-Europa kënnt de Renfield endlech am Dracula sengem Schlass un. Dobäi gëtt hie vum fierchterleche Graf an Hypnos versat, sou datt hien zum Dénger vum Dracula gëtt an hie bei senger Rees op London protegéiert.

Nodeems dat jonkt Lucy Weston gebass an doduerch a sech an ee Vampir verwandelt, gëtt de Graf op d’Frendin Mina Seward opmierksam. Säi Papp, den Dokter Seward rifft de Spezialist Dokter Van Helsing, den eng Diagnos zum verschlechterte Gesondheetszoustand vum Mina maache soll.

Nodeems den Van Helsing erausfënnt, datt den Dracula tatsächlech ee Vampir ass an, an der Géigend säin Onheel dreift, probéiert hien dem Mina säi Verloobten, den John Harker, sou wéi de Papp vum Meedchen op déi weider Schrëtt virzebereeden, sou datt si dat jonkt Meedchen eventuell geschützt kréien, fir net zu den Ondoudegen ze gehéieren.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Bela Lugosi, Dracula, Film, Roman, Tod Browning, Vampir, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel