Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA-Iran: Eng gezéckte Waff erschwéiert den Dialog
https://moien.lu/is-tan-dating-antoni/

USA-Iran: Eng gezéckte Waff erschwéiert den Dialog

Wéinst dem Dissens tëscht den USA an dem Iran ass

dating handout
https://moien.lu/is-tan-dating-antoni/

dating a conservative christian man

Et kann ee schwéierlech behaapten, datt den Europadag um 9.

money
Cargolux: Eng Fluchgesellschaft gënnt sech e neit Kleed
https://moien.lu/is-tan-dating-antoni/

Cargolux: Eng Fluchgesellschaft gënnt sech e neit Kleed

Fir d‘Cargolux an Lux-Airport schreift sech den 10. August a

What the Fakt – Virun 61 Joer rullt den éischten Trabi vum Band

What the Fakt – Virun 61 Joer rullt den éischten Trabi vum Band

Am November 1957 koum den Éischten, am Abrëll 1991 de Leschten. Ried ass natierlech vum Trabant, bekanntsten Transportmëttel vun der deemoleger DDR. Fir d’Bierger vun Ostdäitschland war et, zur Zäit vum Ost-West-Konflikt, déi bëllegst an einfachst Méiglechkeet vun A no B ze kommen, a sech esou bësse Luxus ze leeschten.

Ab 1957 huet déi an der DDR konstruéiert Baureih vum Trabant ugefangen. Wärend 34 Joer hunn d’Hiersteller vu VEB Automobilwerk zwickau an VEB Sachsenring Automobilwerk Zwickau iwwert 3 Millioune Gefierer vun dëser Rei produzéiert. Bis zum 1. Januar 2011 waren nach genau 33.726 Trabien an Däitschland registréiert, aner Autoe goufen a Polen oder Ungarn exportéiert.

Eis däitsch Nopere waren an de 50er Joer éischter vir d’Produktioun vum VW Käfer bekannt. Trotz Materialknappheet a Mangel u Produktiounsplatze wollt den Osten op alle Fall mam Weste gläich zéihen a war soumat quasi verflicht hinnen technesch no ze zéien.

Virbild vum Auto war de Lloyd LP 300, mat enger Karosserie aus Sperrholz, déi mat Konschtlieder iwwerzu war. D’Gefier haat ee Gewicht vu 600 Kilogramm an ee Verbrauch vu 5,5 l/100 km. De Präis loung deemols bei knapp 4.000 Mark.

Een Astig an Automobilwelt fir Normalverdinger a Familljen

Den Trabant gouf zum Sënnbild fir déi stagnéierend Wirtschaft an der DDR a fir d’Sturheet vun der Politik, fir een neie Modell eraus ze bréngen. Trotzdeem war den Auto ee séchert Investissement: Deemols hat quasi all Bierger eng Wartburg oder den Trabi. Ee gutt gefleegten Trabant war mat enger gewësse Klass verbonnen, schonn eleng wéinst de laange Waardezäiten, déi bei bis zu 15 Joer louchen.

Als Chauffeur sollt een dann och kucken, datt näischt futti goe soll. Ersatzstécker ze fannen huet sech als immens schwéier erausgestallt. Zemools wou den zweete Modell bis eraus war, huet et fir de Virgängermodell vill Méi kascht nei Stécker ze kréien.

Am léifsten haten déi Däitsch hiert Gefier am Gletscher-Blo oder Papyrus. Mat senge 615 Kilogramm Gewiicht ass den Auto op 26 PS komm, de schnellsten (getuntent) Trabi ass mat senge 70 PS op eng Vitesse vun 180 km/h komm. Ee Gemësch aus Bamwoll an Konschtharz, och Duroplast genannt, huet d’Karosserie gebilt. Och hautdesdaags ginn et an Länner wéi Tschechien, Polen, Ungarn an natierlech Däitschland grouss Fanclubs, déi dësen DDR-Auto vollkommen zelebréiert.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Berlin, DDR, Ostdäitschland, Trabant, Trabi, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel