Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

T’ass Europäesch Sportswoch!
International Kultur Neiegkeeten Stories

T’ass Europäesch Sportswoch!

Gëschter huet de Sportminister Dan Kersch de Programm vun der

De Kampf ëm d‘Muecht a Libyen (Analys)
International Kultur Neiegkeeten Stories

De Kampf ëm d‘Muecht a Libyen (Analys)

Datt d‘Tierkei sech mat der vun der UN-legitiméierter libescher Regierung

Dublin-Transferte: Lëtzebuerg handelt verantwortlech
International Kultur Neiegkeeten Stories

Dublin-Transferte: Lëtzebuerg handelt verantwortlech

Am Kader vun de Preoccupatioune, déi am Bezuch op „Dublin-Transferte“

What the Fakt – Den Ufank vum Enn vun der Titanic!

What the Fakt – Den Ufank vum Enn vun der Titanic!

Als deemoleg gréisst Passagéierschëff vun der Welt huet d’Titanic als onsénkbar gegëllt, wat sech leider zu enger schrecklecher Katastroph entwéckele sollt. Elo ass et op den Dag genau 107 Joer hir, datt dat risegt Schëff seng éischt Rees ugetrueden huet. Allerdéngs sollt schonn d’Jongfernfart mat engem béisen Omen ufänken.

Um Mëtteg vum 10. Abrëll 1912 setzt d’Titanic un, fir lues op d’Hafenausfart hinzesteieren. Duerch den enorme Sog soll d’Seel, déi ee weidert Schëff hale sollt, wuel gerass sinn, woubäi een Zesummestouss just knapp verhënnert konnt ginn. Vläicht hätt ee schonn zu dësem Zäitpunkt d’Unzeechen deiten an einfach op d’Faart mam gréisste Schëff weltwäit verzichte sollen.

The show must go on – esou ass d’Titanic no engem éischte Schock schliisslech a Richtung iresch Insele gefuer, wouduerch e puer wéineg Passagéier um 11. Abrëll beim Verloosse vum Schëff virun der Katastroph sécher ware. Mat méi wéi 2200 Gäscht u Bord, wou virun allem eng grouss Zuel un Auswanderer mat vun der Partie waren, ass nom Tëschestopp zu Queenstown iwwert eng südlech Streck d’Ziel New York ugesteiert ginn.

titanic

D’Titanic am Hafe vu Southamptom um 10. Abrëll 1912

Fir déi geféierlech Äisfelder ze ëmgoen ass a leschter Sekonn nämlech d’Streck geännert ginn, wat de Passagéier an der Besatzung am Endeffekt trotzdeem net hëllefe sollt. Just 3 Deeg méi spéit, kuerz viru Mëtternuecht, huet den Offizéier William M. Murdoch an der Donkelheet een Äisbierg erbléckt an de Manöver zum Auswäichen ausgeruff, woufir et allerdéngs schonn ze spéit war.

Just wéineg Minutten no Mëtternuecht huet de Kapitän Edward John Smith d’Evakuéierung vun der Titanic veruerdent. A senger schottescher Heemescht gëtt de Kapitän, deen zu den iwwer 1.500 Doudesopfer zielt, och haut nach als Held gefeiert.

„Mir sénke schnell. D’Passagéier ginn an d’Booter gesat“, steet um SOS-Telegramm vun der Onglécksnuecht. Zu dësem Zäitpunkt war den Offizéier Murdoch well am gaangen op der Steierbordsäit d’Passagéier an d’Rettungsbooter ze guidéieren.

De Kampf hëlt säi Laf

Wärend déi eng sech panesch a Richtung Rettungsbooter beweegt hunn an um äiskale Mier wärend Stonnen ëm hiert Iwwerliewe gekämpft hunn, haten Anerer sech scho mat hirem Schicksal offonnt. Mat zouhuelender Panik huet d’Bordorchester decidéiert fir d’éischt bannen am Schëff Musek ze spillen, ier et schliisslech iwwer Deck gaangen ass. Wat als Berouegungsmoossnam gëlle sollt, huet awer och dozou bäigedroen, datt den Eescht vun der Lag vu verschiddene Passagéier ënnerschat ginn ass a si u Bord vun der Titanic bliwwe sinn.

Trotz zuelräichen Noutruff-Aktioune war dat nooste Schëff, der Titanic hiert Schwësterschëff Olympic nach gutt 500 Séimeilen ewech a konnt d’Onglécksplaz eréischt no 20 Stonnen erreechen. Zwou Stonnen nodeems dat onsénkbart Schëff ganz vun der Bildfläch verschwonne war, konnt d’Carpathia antreffen, déi een Deel vun den Iwwerliewenden op de Rettungsbooter opgeholl a mat un dat séchert Land geholl huet. Just een Drëttel vun den iwwer 2000 Passagéier si mam Liewen dovu komm.

titanic

Ee Rettungsboot vun der Titanic, opgeholl vun der Carpathia aus.

E puer Detailer zur Titanic

Déi dräi Schwësterschëffer Titanic, Olympic a Britannic sollten nei Moossstiew a Saache Reeskomfort setzen, wouduerch méi no enger luxuriéiser Ausstattung, wéi no schneller Geschwindegkeet gekuckt ginn ass. Dat bekanntste Schëff vu White Star Line ass um 1. August 1908 bestallt an, an de folgenden dräi Joer gebaut ginn.

Mat enger Längt vun 260 Meter an 28 Meter Breed huet d’Titanic deemools als gréisst Passagéierschëff weltwäit gegollt. D’Maschinnen hunn dobäi eng Leeschtung vun 51.000 PS gehat a konnten dat risegt Fortbeweegungsmëttel mat 39 km/h (29 Kniet) a Richtung New York beweegen. Vun de Kapassitéiten hir sinn an der éischter Klass 750 Passagéier zougelooss ginn. An der zweeter Klass waren et der 550 an, an der drëtter Klass 1100 Persounen.

Opmaacherbild: D’RMS Titanic verléisst um 2. Abrëll 1912 Belfast, wou et gebaut ginn ass fir schliisslech zu Southampton seng Jongfernfart opzehuelen.

Ähnlech Sujeten Äisbierg, Katastroph, New York, Schëff, Titanic, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel