Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nationale Commemoratiounsdag 2018
International Kultur dating sites west vlaanderen weight loss surgery dating

the girl im dating just told me she has herpes

Den Nationale Commemoratiounsdag gëtt zënter 1946 alle Lëtzebuerger d’Geleeënheet, sech

ex is dating a loser
International Kultur dating sites west vlaanderen weight loss surgery dating

15. Joer Slowenien an der EU: De Xavier Bettel bei der Zeremonie!

Um vergaangene Mëttwoch huet de Premierminister Xavier Bettel an der

Stroossen: Aquapark „Les Thermes“ zelebréiert 10. Jubiläum
International Kultur dating sites west vlaanderen weight loss surgery dating

Stroossen: Aquapark „Les Thermes“ zelebréiert 10. Jubiläum

Woubäi dat Wuert „Schwämm“ sech fir dësen imposante Bau an

What the Fakt – Dëse Gebuertsdag gëtt legen… waart …där!

What the Fakt – Dëse Gebuertsdag gëtt legen… waart …där!

Den amerikanesche Schauspiller Neil Patrick Harris, deen haut iwwregens säi 46. Gebuertsdag feiert, ass de Serie-Fans wuel besser als Barney Stinson bekannt. An egal wéi mir et elo dréinen, hie bleift wuel einfach „legen…wait for it…DARY!“

Um 15. Juni 1973 ass de klengen Neil zu Albuquerque an den USA op d’Welt komm. Scho frei huet sech seng Begeeschterung an d’Talent fir d’Schauspillerei gewisen, wouduerch hien an der Schoul bei kengem Theater a Schauspillcamp feelen duerft. Am zaarten Alter vu 15 Joer ass hie vum Regisseur Mark Medoff entdeckt ginn an endlech duerft den Neil Patrick Harris seng éischt richteg Roll besetzen.

Duerch säi Wierken am Film „Claras Geheimnis“ ass den Harris eng éischt Kéier fir de Golden Globe nominéiert ginn. Uschléissend duerft hien d’Haaptroll bei der Komödie „Der kleine lila Menschenfresser“ spillen a bei diverse Serien matspillen. No sengen Nominéierunge fir de Young Artist Award an ee weidere Golden Globe ass et steil Bierg erop gaangen.

Duerch Filmer wéi „Starship Troopers“ vum Paul Verhoeven, „Ein Freund zum Verlieben“ vum John Schlesinger, „Harold un d’ Kumar“ oder och „Die Schlümpfe“ huet den talentéierten Acteur et op déi grouss Ecrane gepackt. Seng Wuerzelen am Theater sollt den Harris awer net vergiessen an esou gehéiert hie säit 1997 zum Ensembel vum Musical „Rent“ dobäi, wou hie vir seng Leeschtunge souguer mam Drama-League Award belount ginn ass.

An natierlech dierf eng ganz speziell Roll net feelen. Nieft Optrëtter an TV-Serien, wéi „Männer ohne Nerven“ a „Glee“ ass den Neil Patrick Harris weltwäit fir seng Verkierperung vum Barney Stinson an der Serie „How I Met Your Mother“ bekannt. Als charmante Player verdréint hien a senger Roll, gekleet am Kostüm, alle Fraen de Kapp. Duerch seng Spréch a geniaalt Schauspill huet de Stinson sech mëttlerweil zu enger Kultfigur entwéckelt.

Als Schauspiller, Regisseur, Musicalacteur a Familljepapp huet den Neil Patrick Harris alles erreecht, wat ee sech nëmmen erdreeme kéint. Als Kannerstar ass hien opgewuess an zielt mëttlerweil zu den erfollegräichsten Acteure weltwäit, an dat ouni Skandal. Duerch säi Coming Out am Joer 2006 hat hien et ufanks net einfach. Haut wëll hien aner Leit dozou motivéieren, einfach ee selwer ze sinn an zu senger sexueller Orientéierung ze stoen.

Mir wënschen dem Neil Patrick Harris nëmmen dat Bescht!

Opmaacherfoto: © Angela George

Ähnlech Sujeten Barney Stinson, How I Met Your Mother, Neil Patrick Harris, Schauspiller, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel