Operatioun Moukewanderung: Sitt virsiichteg op de Stroossen!
Naasst Wierder an Temperaturen, déi klammen ginn de Mouken den
Naasst Wierder an Temperaturen, déi klammen ginn de Mouken den
No der ministeriellerer Veruerdnung vum 27. Februar 2020 ass de
270 Infektiounsfäll pro honnertdausend Awunner ass den Autoritéiten eppes ze
Um 6. Abrëll 1984 ass dem Wolfgang Petersens seng Verfilmung zum Kannerbuch „Die unendliche Geschichte“ an den däitsche Kinoe komm. Dat geheimnisvollt „Näischt“ léisst hei lues a lues déi ganz Magie verschwannen. Et ass um jonke Bastian Balthasar Bux dat magescht Räich vun der Fantasie retten. Och haut nach dreemt den een oder aneren dovun, um Réck vum Fuchur ze reiden.
Déi onendlech Geschicht, déi a Wierklechkeet 99 Minutten dauert, ass op Basis vum Michael Ende sengem Roman entstanen. Bei der Inzenéierung vun der US-amerikanesch-däitscher Koproduktioun huet de Regisseur Wolfgang Peters säin éischte Film an englescher Sprooch geschaf. D’Effekter a klassesch Tricks sinn an der Bavaria Filmstad zu München entstanen.
A wien ass elo de Fuchur an ëm wat geet et?
Generell handelt d’Geschicht vum romantesche Wonsch, d’Welt nees ze verzauberen. D’Land Phantásien ass a Gefor, doduerch, datt kee Mënsch méi un dat Fantastesch gleewe well.
De Bastian Balthasar Bux verkrëscht sech an déi magesch Welt vun de Bicher, nodeems hien am reale Liewe mat Mobbing vu senge Matschüler an engem Papp, dee souwisou ni Zäit fir säi Kand huet, liewe muss. Nodeems hien an engem Antiquitéitegeschäft ee Buch mam Titel „Die unendleche Geschichte“ fënnt, liest hien um Späicher vu senger Schoul vun der Herrscherin vu Phantásien, déi schwéier krank ass.
Elo ass et um Atréju de Retter vun dësem geheimnisvolle Land ze fannen, woumat och d’Keeserin nees kéint gesond ginn. Zesumme mam wäisse Glécksdraach Fuchur geet déi geféierlech Sich lass an de Bastian verschléngt mat grousser Spannung all eenzelne Schrëtt vum Atréju, gëtt dobäi awer och selwer ëmmer méi zum Deel vun der Handlung, bis hie schliisslech feststellt, datt hie selwer de Retter vum fantastesche Land ass.
E puer spannend Fakten
Mat zwou Fortsetzungen- eemol am Joer 1990 mat „Auf der Suche nach Phantásien“ an 1994 mat „Rettung vun Phantásien“ – sollt den Erfolleg vum Wolfgang Petersens sengem éischte Wierk virugoen. Obwuel hien net zefridde mam Resultat war, huet déi onendlech Geschicht nämlech weltwäite Succès erlieft an divers Präisser gewonnen, wéi beispillsweis den Däitsche Filmpräis. Dofir ginn et och hei eng Rei spannend Fakten iwwert den Dréi, de Fuchur an aner Personnagen: