Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken
Kultur alpha dating app headlines for a dating website examples

elite dating nz

Déi franséisch Insele Saint-Barthélémy a Saint-Martin sinn op Alarm „Mof“

Alles geet op de BD-Festival zu Contern
Kultur alpha dating app headlines for a dating website examples

Alles geet op de BD-Festival zu Contern

Den nächste Weekend ass et nees esouwäit, d‘Bande Dessinée oder

dislike
De Stroumpräis geet zolidd an d‘Luucht
Kultur alpha dating app headlines for a dating website examples

De Stroumpräis geet zolidd an d‘Luucht

Laut der Matdeelung vum lëtzebuergesche Reguléierungsinstitut (ILR) sinn d‘Stroumpräisser nees

What the Fakt – Ee Gebuertsdag, fir dee geknuppt gëtt!

What the Fakt – Ee Gebuertsdag, fir dee geknuppt gëtt!

Wien et nach net matkritt huet: Haut ass Nationalfeierdag! Mat diverse Festivitéiten um Virowend, Freedefeier, enger Parad an esou villem méi gëtt souwuel d’Onofhängegkeet vun der Monarchie vum Land an de Kinneksgebuertsdag gefeiert.

Mam Gebuertsdag vun der Groussherzogin Charlotte ass den nationale Feierdag am patriotesche Sënn agefouert ginn. Wëll et awer um 23. Januar 1962 immens kal ass, an d’Temperaturen net wierklech zum feieren agelueden hunn, huet een den Datum an de Summer, nämlech op den 23. Juni, verluecht.

Wou de verstuerwene Groussherzog Jean zwee Joer méi spéit op den Troun komm ass, huet een den Nationalfeierdag am ausgedeente Sënn zelebréiert. Zënterhier hunn d’Lëtzebuerger sech dozou entscheet, schonn een Dag am viraus d’Haaptstad onsécher ze maachen. Souwuel duerch d’Freedefeier, wéi och duerch d’Kanouneschëss gëtt un de Feierlechkeeten esou uerdentlech geknuppt, a wie weess, wou et owes, gefëllt mat Schampes an Euphorie nach esou knuppt vun Zäertlechkeeten.

Gebuertsdag

De Fakelzuch 2018 © SIP / Charles Caratini

Och an dësem Joer gëtt nees de Roude Léiw opgehaangen! Landeswäit gëtt de Virowend, wéi och Nationalfeierdag uerdentlech gefeiert. Den Haapt-Programm vum Weekend huet/wäert Folgendermoossen ausgesinn:

Samschdes, den 22 Juni 2019

  • 16:00 Auer Traditionell Wuechtofléisung virum groussherzogleche Palais
  • 17:00 Auer Fest zu Esch-Uelzecht mat der ierfgroussherzoglecher Koppel
  • 17:30 Auer Fest um Buerschenter Schlass mat der groussherzoglecher Koppel
  • 21:30 Auer Fakelzuch um Boulevard Roosevelt, mat ofschléissendem Freedefeier op der Place de la Constitution

Sonndes, den 23. Juni 2019

  • 10:00 Auer Offiziell Zeremonie an der Philharmonie
  • 11:00 Auer Kanouneschëss um Fetschenhaff
  • 12:00 Auer Militärparad un der Avenue John F. Kennedy
  • 16:30 Auer Te Deum an der Kathedral Notre-Dame

An den 105 Gemenge vum Land wäert een um Weekend feierlech Evenementer fannen. Ob Dir Iech elo an der Grupp mat engem gudde Patt amüséiert, oder och gemittlech dat Ganzt doheem vum Fernseher aus beobacht, bleift jiddwerengem selwer iwwerlooss. Mir wënschen op alle Fall ee flotten Nationalefeierdag!

Opmaacherbild: © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli 

Ähnlech Sujeten Fetschenhaff, Gebuertsdag, Militärparad, Nationalfeierdag, Philharmonie, Te Deum, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel