Amerika an de Mythos vum „onpolitesche“ Sport (Analys)
Allerdéngs ass 2020 net 2017, wou den Donald Trump carrement
Ab dem 14. Abrëll gëtt déi lescht Staffel vu „Game
Et waren Emotiounen ze erkennen, mee et war ee siichtlech
Haut viru 51 Joer huet d’Medezin een enorme Fortschrëtt gefeiert. Fir eng éischte Kéier konnt engem Mënsch erfollegräich een Häerz transplantéiert ginn. Wat deemools eng Sensatioun war ass haut scho bal een normale Bestanddeel vun der Aarbecht vun engem Chirurg.
Um 3. Dezember 1967 ass dem südafrikanesche Chirurg Christiaan Barnard den Duerchbroch gelongen. No der erfollegräicher Operatioun huet den 53 Joer ale Patient Louis Washkansky nach 18 Deeg gelieft, wat deemools ee risege Succès war. Duerch seng schwéier Krankheeten, wéi beispillsweis Diabetis, an no zwee Häerzinfarkter hätt säin eegent Häerz de Mann net méi laang um Liewen hale kennen.
No engem schwéieren Accident vun enger jonker Fra, déi déidlech Hierverletzungen erlidden huet, krut den Louis, mat Awëllegung vum Meedche sengem Papp, d’Organ gespent. Een Team vun 30 Leit huet uschléissend äifreg drun geschafft, fir dem Mann d’Häerz anzesetzen. No engem Elektroschock huet et schlussendlech ugefaangen mat schloen. De Patient ass awer leider no knapp 3 Wochen un enger Longenentzündung verscheet.
Ab dësem Zäitpunkt ass an der Medezin ee richtege Wettkampf entstanen. Bis 1968 ass weltwäit 60 Patienten een neit Häerz transplantéiert ginn, mee och si hunn just wéineg Deeg bis Wochen iwwerlieft.
1982 gouf et dunn déi zweet grouss Sensatioun. 15 Joer nom Barnard senger Leeschtung planzt de Chirurg William DeVries engem Mann zu Salt Lake City ee kënschtlecht Häerz an. Méi genau gesot war dat een Loftkompressor vun 180 Kilogramm, den ausserhalb vum Kierper louch. Esou huet den 62 Joer ale Barney Clark nach 112 Deeg viru gelieft ier och hien gestuerwen ass.
Hautdesdaags sinn d’Waardezäiten fir déi Betraffen extrem laang. Hir scho geschwächt Kierperen bauen an der Zäit, wou si op een neit Organ waarden ëmmer weider of, wouduerch 10 % vun de Patienten den Agrëff net iwwerliewen. Bei engem normale Verlaf leiden déi häerztransplantéiert Leit awer quasi net méi ënnert enger ageschränkter Leeschtungsfäegkeet.
Quellen: