Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mir hunn eis um KUKI ëmgekuckt
International Neiegkeeten Stories

Mir hunn eis um KUKI ëmgekuckt

Dee vun der Kielener Kulturkommissioun organiséierte Kultur- a Konschtfestival, huet

E klengen Asaz mat grousser Wierkung
International Neiegkeeten Stories

E klengen Asaz mat grousser Wierkung

Blummen an enger Wiss ze séinen, ass net nëmmen eng

What the Fakt – Haut ass Weltmännerdag
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Haut ass Weltmännerdag

Léif Männer, maacht schonn emol ee Béier op, well haut

What the Fakt – Déi éischt Impfung géint d’Pouken virun 223 Joer!

What the Fakt – Déi éischt Impfung géint d’Pouken virun 223 Joer!

Viru méi wéi 200 Joer huet den engleschen Dokter Edward Jenner engem klenge Bouf déi éischt Schutzimpfung géint d’Pouken gesprëtzt. De Serum dofir hat hien aus dem Poukevirus vun de Kéi entwéckelt. Bis zum 17. Joerhonnert war een dëser Krankheet ausgeliwwert.

Den Edward Jenner ass 1749 gebuer ginn an huet scho mat jonke 14 Joer d’Chirurgie bei engem Dokter an Abdikter zu Bristolz geléiert. No weidere Studien an England huet hie schliisslech selwer als Dokter um Duerf zu Berkeley geschafft an divers wëssenschaftlech Experimenter duerchgefouert.

De Gedanken, déi geféierlech Pouken auszerotten ass dem Jenner schonn eng Zäitchen am Kapp ronderëm geschwieft. A schlussendlech konnt hien um 14. Mee 1796 der éischter Persoun – dem 8 Joer jonken James Philipps – dat neit Mëttel vun der Vaccinatioun sprëtzen. Den Impfstoff huet dobäi aus de Poukeviren vun der Kou bestanen, wëll dës Krankheetserreeger fir de Mënsch ongeféierlech sinn. Knapp 2 Méint méi spéit krut de geimpfte Bouf den „echte“ Virus gesprëtzt. D’Nervositéit war grouss an awer sollt de Jong weiderhi gesond bleiwen.

Impfung

1796: Duerstellung vun der éischter Impfung géint d’Pouken

Trotz dem Succès war d’Medezin an zwee gedeelt. D’Begeeschterung vun der Impfung stoung dem Mësstrauen entgéint. Als Sympathisant huet sech beispillsweis de Christian Ludwig Mursinna, kinnekleche preisesche Generalchirurg, erausgestallt. Als wierksamt an ongeféierlecht Mëttel wier d’Impfung d’Léisung fir Individue vun all Alter. Ganz anerer Meenung war hei den Dr. Marcus Herz, deen den Impfstoff net zur unerkannter Medezin dobäi ziele wollt, mee éischter als einfach Studie kategoriséiert huet.

Schnell Wierkung fir d’Bevëlkerung

Bei der Poukenepedemie am Joer 1800 konnt d’Schutzimpfung sech am grousse Stil beweisen. An Éisträich sinn fir eng éischt Kéier Massenimpfungen duerchgefouert ginn, woubäi de Gros vun der Bevëlkerung direkt bereet war, déi kleng Piqûre gemaach ze kréien. Et sollt eng gutt Entscheedung sinn an esou ass virun allem Wien vu schlëmmere Konsequenze verschount bliwwen. Wärend zwee Joer si „just“ fënnef Kanner un de Pouke gestuerwen, vis-à-vis vu 500 pro Joer virun der Impfung.

Dem Jenner seng Innovatioun huet sech schlussendlech weltwäit duerchgesat an esou erënnert hautdesdaags net nëmmen ee Musée zu Berkeley un de Medeziner, mee och een Denkmal an der Kathedral vun Gloucester.

Impfung

Wat geschitt bei enger Impfung?

Dem Kierper ginn d’Viren an enger klenger Dosis gesprëtzt, sou datt am Kierper eng liicht Erkrankung ausgeléist gëtt, wouvun een oft emol näischt mierkt. Am Kierper selwer gëtt de Krankheetserreeger mat Ofwierstoffer, sougenannten Antikierper bekämpft, déi och no der Krankheet eng gewëssen Zäit bereet stinn, fir esou bei enger neier Attack vun de Viren nees ugräifen ze kënnen.

Vir méi an den Detail ze goen, gëtt beim Impfstoff tëscht dem Totimpfstoff, woubäi den Erreeger oder d’Gëft schonn dout sinn, oder och dem Liewendimpfstoff, woubäi den Erreeger ofgeschwächt weider lieft, ënnerscheet. D’Injektioun gëtt dobäi an d’Haut (intradermal), ënnert d’Haut (subkutan) oder och an de Muskel (intramuskulär) gesat.

Am Normalfall leeft eng Impfung ouni Komplikatiounen duerch. Dokteren erkläeren, datt d’Risiken an Niewewierkunge vum Serum méi geréng sinn, wéi d’Krankheet selwer ze kréien a mat de Konsequenze liewen ze mussen. Zu den harmlose, kuerzzäitege Reaktiounen op de Vaccin gehéiere beispillsweis Kappwéi, Wéi un de Muskelen, eng Schwellung oder rout Plaz wou d’Piqûre gesat ginn ass oder och Féiwer. Immens seele kënnen och allergesch Reaktiounen oder Nervenentzündungen (Neuritis, beispillsweis no enger Tetanus-Impfung) optrieden. Fir duerch eng einfach Sprëtz géint Hepatite B, Riedelen a Co geschützt ze sinn, ass wuel déi einfachst Method gesond ze bleiwen!

Ähnlech Sujeten Edward Jenner, Impfung, Medezin, Pouken, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel