Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

L’Italie en poésie – dëse Freideg am Kinosch!
International Neiegkeeten dating east riding of yorkshire latest online dating site

boy hook up

Bei dëser musikalescher Lecture geet et ëm den italienesch-lëtzebuergeschen Dialog.

Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader
International Neiegkeeten dating east riding of yorkshire latest online dating site

Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader

Den Homeoffice – also vun doheem aus schaffen – wier

Dir gouft geblëtzt an hätt gären e Souvenir?
International Neiegkeeten dating east riding of yorkshire latest online dating site

Dir gouft geblëtzt an hätt gären e Souvenir?

Ass et schonn de Versuch méi Transparenz bei Justiz a

What the Fakt – Déi éischt Mënschen um Daach vun der Welt!

Iwwert dat éischt erfollegräicht Besteigen vum Mount Everest

What the Fakt – Déi éischt Mënschen um Daach vun der Welt!

Wat eng sportlech Leeschtung! Um 29. Mee 1953 hunn den Edmund Hillary an de Sherpa Tenzing Norgay zesummen d’Kopp vum Mount Everest , a soumatt den Daach vun der Welterreecht. Mëtt Mäerz ass d’Expeditiounsgrupp, der déi zwee Memberen ugehéiert hunn, a Richtung Himalaya opgebrach.

Deemools war et den John Hunt, deen d’Grupp ëm den neiséilänneschen an den nepalesesch-indesche Biergsteiger a weider 11 Alpinisten, sou wéi 350 eenheemesch Dréier geleet huet. D’Expeditioun huet an der nepalesescher Haaptstad Katmandu ugefaangen, ier d’Membere schliisslech an den Himalaya – déi héchst Biergketten tëscht dem indesche Subkontinent am Süden an dem tibeteschen Héichland am Norden – gewandert sinn.

Op enger Längt vun 3000 Kilometer streckt sech den Héichgebiergsystem vu Pakistan bis Myanmar an erreecht eng maximal Breet vun 350 Kilometer. Ganzer 10 vun de 14 héchste Bierger op der Äerd, der hir Spëtzt also Aachtdausender sinn, leien am Himalaya. An dozou gehéiert och de Mount Everest, mat sengen 8.848 Meter.

Dach vun der Welt!

Biergsteigen um Mount Everest

Et gëtt gemunkelt, datt den Norgay am Joer 1914 wärend enger Pilgerrees am Tibet gebuer ginn ass. Ee bedeitende Lama soll schliisslech an him d’Reinkarnatioun vun engem räiche Sherpa gesinn hunn. Doduerch ass hie kuerzerhand vu sengem eigentlechen Numm Namgyal Wangdi zu Tenzing Norgay ëmbenannt ginn, wat esou vill heescht wéi „glécklechen Unhänger vun der Relioun“. Säin Numm sollt zu ëm passen, an esou huet hie scho mat jonken 21 Joer seng éischt Expeditioun an de Mount Everest gewot.

Ëmmer ëfters ass den Norgay vun Alpinisten engagéiert ginn, bis hie schliisslech, zesumme mam Edmund Hillary opbrécht, fir den Daach vun der Welt ze erklammen. Nodeems si op enger Héicht vun 5.250 Meter um Südhang vum Mount Everest d’Basislager opgeriicht hunn, ass et um 28. Mee zu der finaler Etapp komm. Sträit dorëm, wien als éischten uewe wier, ass et awer kee ginn. Déi zwee Alpiniste sinn nämlech gläichzäiteg ukomm a sinn ee Liewe laang befrënnt bliwwen.

D’Gefore vum Héichtebiergssteigen

Biergsteigen a lofteger Héicht dréit vill Risike mat sech. Wann et net dat mënschlecht Versoen ass, ass et oft d’Natur, déi net matspillt. Immens bekannt ass natierlech och d’Héichtekrankheet, déi bei Alpiniste jee no Konstitutioun optriede kann.

Ab 2.000 Meter iwwert dem Normalnull kann duerch Iwwerlaaschtung vum Organismus duerch Sauerstoffmangel dës Krankheet ausgeléist ginn. Duerch de sénkenden Drock, deen duerch d’Héicht verursaacht gëtt, kann et zur Sauerstoffënnerversuergung, och Hypoxie genannt, kommen. Dobäi entstinn an eisem Kierper ëmmer méi rout Bluttkierpercher, déi den Oxygen duerch eisen Organismus transportéiere wëllen.

Staarke Kappwéi, kuerz Otemzich, keen Appetit, Insomnie, Iwwelzegkeet a Schwindel kënnen zu de Symptomer gehéieren. Fir schlëmm Konsequenzen ze verhënnere muss een de Kierper lues un d’Héicht gewinnen, wat méi genau heescht, datt een als éischt op 1.000 Meter fir 2 Nuechte bleift, a sech uschléissend net méi wéi 400 Meter den Dag steigert.

Dach vun der Welt

Et sollt awer gewosst sinn, datt et bei der Héichtekrankheet schnell ëm Liewen an Dout goe kann. Grond ass oft een Héichtelongenödem (ab 4.000 Meter Héicht) oder och een Héichtenhierödem (ab 5.000 Meter Héicht). Ab ongeféier 7.000 Meter fänkt dann d’Doudeszon un, woubäi de Gasaustausch an de Longen net méi ausräichend méiglech ass. D’Blutt an den Zelle kann net méi mat genuch Sauerstoff versuergt ginn, wouduerch et an der Reegel no 24 Stonnen zum Doud kënnt. Fir hei virzebeugen droen déi meescht Alpinisten eng Sauerstoffmask.

Ofgesi vun der eegener Gesondheet muss een och domat rechnen, datt d’Wieder immens schnell ëmschloe kann. Dat bedeit, datt d’Temperatur bemol ëm 10°C fale kann, Niwwel entsteet, sou wéi mat extremem Reen a Stuerm ze rechnen ass. An dësem Fall ka falsch Kleedung schonn emol zu Ënnerkillung féieren. Falsch Ausrëschtung, Steen- a Blëtzschléi, sou wéi Lawine maachen d’Pist och net grad ongeféierlech.

Ähnlech Sujeten 1953, Dach vun der Welt, Edmund Hillary, Mount Everest, Tenzing Norgay, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel