Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Päerdshormoner an der Schwéngszuucht: déi gréng besuergt
Neiegkeeten

compatibility dating questions

D‘Agrarindustrie, déi wéi all Wirtschaftszweig op Profitmaximéierung getrimmt ass, bedéngt

do bones and booth ever hook up
Neiegkeeten

Nach keng Eenegung tëscht dem Minister an der Policegewerkschaft

Nodeems de Minister fir Bannesécherheet, François Bauch (déi gréng) Ufank

dislike
Syrien: Den Erdogan fuerdert d‘USA op aus Manbij ofzezéien
Neiegkeeten

Syrien: Den Erdogan fuerdert d‘USA op aus Manbij ofzezéien

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet haut Washington opgefuerdert

What the Fakt: Virun 208 Joer war dat éischt Oktoberfest zu München

What the Fakt: Virun 208 Joer war dat éischt Oktoberfest zu München

Den Oktober ass bekannt dofir, datt mir am Dirndl an, an der Lederhose endlech erëm mam Maass Béier zur Musek schunkele kënnen. D’Fest huet eng laang Traditioun, déi de 17. Oktober 1810 ugefaange gouf.

Fënnef Deeg virdrun huet zu München d’Hochzäit vum Krounprënz Ludwig (spéidere Kinnek Ludwig I.) an der Prinzessin Therese vu Sachsen-Hildburghausen stattfonnt. Als Ofschloss vun de Feierlechkeeten ass op der Theresienwiss ee klengt Volleksfest mat Päerdscourse organiséiert ginn, de Virreider vum haitegen Oktoberfest.

Ee Joer méi spéit ass sech jiddwereen eeneg: d’Fest muss viru gefouert ginn. Des Kéier ass et awer de „Landwirtschaftleche Verain a Bayern“ den d’Event an d’Päerdscourse zur Presentatioun vun de Leeschtunge vun de Bauere genotzt huet.

Nodeems d’Volleksfest 1813 eemoleg wéint dem napoleonesche Krich ausgefall ass, gouf d’Wiesn doropshin all Joer privat finanzéiert. Mat der Zäit sinn ëmmer méi Buden a Kiermesspiller dobäi komm, bis et schlussendlech dat risegt Fest ass, wat mir hautdesdaags kennen.

Oktoberfest

O zapft is! D’Oktoberfest an Zuelen

D’Gelänn vun der Theresienwiese huet eng Fläch vun 42 Hektar. Fir ee sécheren Oflaf ze bidde goufen dëst Joer ronn 8.000 Leit u Personal fest agestallt an 5.000, déi ëmmer erëm gewiesselt hunn. Déi gréisst Festhal kann 9.991 Sëtzplazen offréieren. 2018 louch de Béierpräis tëschent 10,70 € an 11,50 € fir ee Maass.

D’Oktoberfest fänkt mëttlerweil schonn ëmmer am September un, well dëse Mount nach méi waarm an angenehm ass (obwuel dëst Joer den Oktober jo awer zimlech héich Temperature gebueden huet). Traureg ass dann awer den Aspekt vum Dreck. Méi wéi 900 Tonnen Offall sammelen sech wärend der Wiesn.

Mëttlerweil huet och Lëtzebuerg eng Rei Festivitéiten zum Oktoberfest ze bidden. Sou muss een net onbedéngt déi bal 600 Kilometer op sech huele fir de Wiesn-Feeling ze erliewen.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Beier, Dirndl, Lederhose, München, O zapft is, Oktoberfest, What the Fakt, Wiesn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel