Konscht am Gronn – Dëse Sonndeg nach eppes méi extravagant
E Sonndeg de 4. August stellt sech d‘Stad Lëtzebuerg ganz
E Sonndeg de 4. August stellt sech d‘Stad Lëtzebuerg ganz
No vill Gedeessems, Gewaltuwennung an esouguer Doudeger, war en Enn
Am Kontext vun der leschter Terrorwell hunn d‘EU-Inneminister sech ee
A bemol war d’Welt giel! Um 19. Abrëll 1987 haten d’Kultfigure vun de Simpsons nämlech hiren éischten Optrëtt am US-amerikanesche Fernseh, wann och just an enger kuerzer Zeen. Wiem d’Famill ëm den Homer, d’Marge, de Bart, d’Lisa an d’Maggie, esou wéi d’Aventuren am Zesummespill mat Duff-Béier, Donuts an engem Soupçon gesellschaftlecher Kritik nach onbekannt sinn, deen huet mat Sécherheet eppes verpasst!
Elo ass et scho ganzer 32 Joer hir, an awer ass dem Matt Groening seng Famill vun de Simpsons nach kee Stéck gealtert. Zwou Woche virdrun ass déi éischt Folleg vun der Tracey Ullman Show, enger Sketch-Comedy-Sendung mat an ëm d’Sängerin mam selwechten Numm, ugelaf. Um Owend vum 19. Abrëll ass déi drëtt Folleg gelaf an dunn ware si do: An engem kuerze Clip vu grad emol 1 Minutt 49 Sekonne bréngt d’Koppel vum Homer a Marge hir Kanner an d’Bett.
Allerdéngs kréien déi dräi Kanner Bart, Lisa a Maggie esou vill Angscht, datt si schonn no kuerzer Zäit am Bett vu Papp a Mamm Zouflucht sichen. Et sollt vläicht keng spektakulär Geschicht sinn, mee den Ufank vun eppes ganz Groussem. Mëttlerweil ginn et nämlech schonn iwwer 30 Staffele mat insgesamt 654 Folgen, wouduerch d’US-Fernsehsendung mat de meeschten Episoden d’Serie Gunsmoke vum Troun gehäit. An jo, och d’Spillzäit huet sech gesteigert op ongeféier eng hallef Stonn pro Folleg.
D’Gebuert vun de giele Figuren
D’Wuerzele vun de Simpsons leie bei engem einfachen Telefonsgespréich aus dem Joer 1985 tëscht dem erfollegräiche Produzent James L. Brooks an dem deemools klenge Comic-Zeechner Matt Groening. No der Offer, eng kuerz Zeechentrickrei fir d’Tracy Ullman Show ze entwerfen, huet de Matt Groening am Waardezëmmer vum Brooks fënnef Figuren op ee Blat gekritzelt. Nodeems dem Produzent dës Skizz esou gutt gefall huet, ass de Groening engagéiert gi wouduerch den éischte Comic mam Numm „MG01 – Good Night“ um Fernseh flimmeren duerft.
Bei eisen däitschen Noperen huet d’Serie mat der Episod „7G04 – Eine ganz normale Familie“ um 13. September 1989 säi Start gemaach. Déi éischt 2 Staffele waren am Ufank vun den 90er Joer just verschlësselt um Sender Premiere ze kréien. Am September 1991 huet sech den ZDF awer dozou erbaarmt, déi giel Famill am Virowendprogramm ze weisen. Just 3 Joer drop huet Pro7 sech d’Rechter gekroopt an zënterhier zéien den Homer, d’Marge an hir dräi Kanner d’Zuschauer virun de Fernseh.
Erstaunlech Fakten
Am Mëttelpunkt vun der Serie steet d’Famill Simpson, déi ëmmer erëm Handlungen aus dem US-amerikaneschen Alldag opgräifen. Iwwert déi giel Kultfiguren existéiere mëttlerweil immens spannend Detailer a Fakten, wouvun Dir hei e puer Grimmele gewuer gitt:
Opmaacherbild: © FOX