Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Shutdown: Kritt den Donald keng Mauer, kréien seng Leit keng Pai
International Kultur Neiegkeeten Stories

Shutdown: Kritt den Donald keng Mauer, kréien seng Leit keng Pai

Tëscht dem Trump senge Republikaner an den Demokrate ramouert deraart

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel
International Kultur Neiegkeeten Stories

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel

Wien sech bei dem Titel mäi lang ersehntent Cyber-Monster-Mystery-Buch vermutt,

déi gréng: Global denken, lokal agéieren
International Kultur Neiegkeeten Stories

déi gréng: Global denken, lokal agéieren

Déi Déifferdenger Gemeng hat dëse Samschdeg d’Éier de Landeskongress 2017

What the Fakt – den éischte Striptease virun 125 Joer

What the Fakt – den éischte Striptease virun 125 Joer

Alles huet een Ufank, esou och d’Geschicht vum Striptease, woubäi ganz sënnlech Kleedungsstéck fir Kleedungsstéck lues fält an een ëmmer méi vum mënschleche Kierper ze gesi kritt. Den 13. Mäerz 1894 huet am Paräisser Varieté-Theater Divan Fayounau den éischte professionelle Strip weltwäit stattfonnt.

Et ass kaum ze gleewen, datt et des Aart a Weis sech virum Publikum auszedoe scho säit 125 Joer gëtt. Deemools sollt nach kee Gedanken u Burlesque-Shows, liicht bekleet Dammen op der Tele oder ähnlech Sënnlechkeet op der Bühn verschwent ginn. Beim éischte professionelle Striptease ass et dann och esou wäit komm, datt schnell mam moralesche Fanger op déi onbekannt Dänzerin gewise ginn ass. Esou gouf dës Aktioun an den Eck vun der Prostitutioun gesat an d’Madamm misst eng säfteg Geldstrof bezuelen – obwuel et trotz Schock bestëmmt sou munche Persounen am Publikum gefall huet.

striptease

Souguer den Däiwel huet plakeg Haut am Joer 1896 net verdroen.

Hautdesdaags sinn esou Optrëtter gesellschaftlech etabléiert an d’Damme kënne reegelméisseg mat Standing-Ovations rechnen. Am 19. Joerhonnert huet d’Ausdoe virun engem Publikum allerdéngs nach zu de Strofdote gehéiert. Plakeg Haut op der Bühn war komplett verbueden. Eleng zu London konnt ee scho mat Kammerflimmere rechnen, wann een just plakeg Been – natierlech mat Collant driwwer – betruechte konnt.

Obwuel d’Dänzerinnen am Laf am 19. an 20. Joerhonnert net politesch aktiv waren, hu si mam Danz vill fir d’Fraerechter gemaach. Als Beispill gëllt hei d’Lydia Thompson, bekannt Burlesque-Ikon aus dem 19. Joerhonnert, déi mat hiren Optrëtter souguer d’Arméi aus der Fassung bruecht huet. Trotzdeem konnt dat verklemmten Amerika vun deemools an d’Press déi talentéiert Fra an hire Succès net stoppen. An dat ass och gutt esou, soss kéint sech hautdesdaags keng Fra am Bikini um Strand weisen.

striptease

Kee skandaléise Wouscht

Ee Striptease am klassesche Sënn soll kloer vum Beräich vun der Prostitutioun getrennt ginn. Ziel ass et heibäi net, Männer unzelackelen an hir Wënsch am Separee ze erfëllen. Et geet vill méi drëm, mat Humor a Sënnlechkeet d’Fantasie vum Publikum unzereegen. Natierlech ass dobäi och Erotik mat abegraff, woubäi de klassesche Striptease méi als Konschtform ugesi soll ginn.

Mëttlerweil muss een keen deieren Entrée méi bezuele, fir am Revuetheater esou eng Show ze kucken. Plakeg Haut kritt een un all Eck gebueden, wouduerch d’Konscht vun der erotescher Entkleedung leider och ëmmer méi am Beräich vun der Pornographie versenkt. Spéitstens säit de 70er Joer huet de Striptease säin Zauber verluer an de legendäre Moulin Rouge ass zur Touristenattraktioun ginn.

Doduerch went sech dësen Artikel och un all déi aussergewéinlech Fraen, deenen et gelongen ass, sech fir den eroteschen Danz staark ze maachen an a gewësser Aart a Weis bekannt ze ginn. Leider gi si an der Geschicht vum Danz kaum genannt, jo ginn esouguer gesellschaftlech entwäert. Dobäi soll ee sech emol sënnlech Fraen, wéi d’Josephine Baker, d’Gypsy Rose Lee oder d’Lili St. Cyr ukucken, déi hirer Zäit wuel viraus waren an de kënschtleresche Wäert vum Danz gesinn hunn.

striptease

D’Josephine Baker am Bananerack bei de “Folies Bergère” am Joer 1927

D’Paräisser Kleopatra

Et war kuerz virum éischten offizielle Striptease, vir genau ze sinn am Joer 1893. Am bekannte Moulin Rouge hu sech nees eng Rei Dänzerinnen, a Seid gekleet, op der Bühn getommelt. Laang Zäit waren Optrëtter wéi dëse verbueden, schliisslech duerften se awer ënnert der Opsicht vu verschiddenen Autoritéiten organiséiert ginn.

Wärend dem zweete „Bal des Quatr’z’Arts“ um 9. Februar, den vun de Studente vun der Paräisser Konschthéichschoul organiséiert ginn ass, ass et zu engem decke Skandal komm!

Schold war hei d’Kleopatra, déi engem Moler als Aktmodell dénge sollt, a vun „Dingerinnen“, déi sech och ausgedoen hunn, emkreest ginn ass. Och dës Konschtaktioun huet mat der Police geend. Esou koum de Fall souguer viru Gericht ënnert dem President vun der Liga fir d’Verdeedegung vun der Moral, dem René Berenguer. Duerch eng symbolesch Bezuelung konnt de Mann allerdéngs besänftegt ginn.

striptease

De Paräisser Moulin Rouge © aconcagua

Staark Fraen beim Burlesque

Déi populäerst Aart vum Striptease ass de Burlesque, een Danz, den sech am 19. Joerhonnert an den USA entwéckelt huet an, an de 50er Joer nei opgegraff ginn ass. D’Wuert u sech kënnt aus dem 16. Joerhonnert a beschreift ee komescht a karikaturistescht Stéck mat lëschtege Personnagen. Schonn de Max Frisch huet säi Wierk „Biedermann und déi Brandstifter“ als Burleske bezeechent.

An den 20er an 30er Jore sinn Elementer vum Varieté, der Revue, dem Zirkus, der Comedy, Gesang an Danz kombinéiert ginn, sou datt sech d’Optrëtter zum sougenannte „Schéinheetsdanz“ geformt hunn – also dat bescht Beispill fir déi sënnlech Konschtform. Och hautdesdaags kreéieren d’Dänzerinne selwer fantastesch Rollen, Kostümer an Iddien.

Dobäi läit den Oflaf vun der Show eleng an den Hänn vun de Fraen, déi mam selbstbestëmmenden Handelen ee richtege Virbildcharakter opweise kënnen. Domat faszinéiere Fraen, wéi d’Dita vun Teese am 21. Joerhonnert hir Fans!

Ähnlech Sujeten Burlesque, Dita Von Teese, Josephine Baker, Konscht, Moulin Rouge, Paräis, Striptease, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel