Search

You may also like

Den Abrigado weist dat anert Gesiicht vu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Den Abrigado weist dat anert Gesiicht vu Lëtzebuerg

Wäit fort vun de blénkege Gebaier vum Kierchbierg an de

Eise Rechnungshaff ass couragéiert gréng orientéiert
Neiegkeeten

Eise Rechnungshaff ass couragéiert gréng orientéiert

Nodeems de Rechnungshaff dann elo och säin Avis zum Budget

Alaska gouf vun engem Äerdbiewen zolidd duerchgerëselt
Neiegkeeten

Alaska gouf vun engem Äerdbiewen zolidd duerchgerëselt

Agefalle Stroossen, agerass Fassaden, eidel Etagèren a Schief: en heftegt

What the Fakt – Éischten Optrëtt vun der Blue Man Group viru genau 37 Joer

What the Fakt – Éischten Optrëtt vun der Blue Man Group viru genau 37 Joer

Si bidden eng humorvoll Show aus Musek, Show an Theater, an dat alles ganz a Blo. Um 17. November 1991 hat d’Blue Man Group hiren éischte groussen Optrëtt zu New York City. De Publikum war aus dem Häisschen!

D’Wuerzele ginn op eng Grupp u jonken Artisten zeréck, déi sech 1987 blo ugemoolt hunn, fir mat hirer besonnescher Show am Central Park zu New York ee Joerzéngt ze begruewen. Dräi Männer aus dësem Grupp, zwee Trommler an een Softwareentwéckler hunn ee Joer méi spéit d’Blue Man Group gegrënnt. Fir d’éischt wëllen si just mat wëllen Aktiounen an Happenings dobaussen op sech opmierksam maache, kuerz drop soll awer schonn déi éischt Show fir déi blo jonk Häre kommen.

An der New York Times gi si wéi follegt fir hiren éischte groussen Optrëtt ugekënnegt: „Déi blo Männer maachen abstrakt Konscht op der Bühn andeems si Faarf op d’Trommele schëdde fir uschléissend hir voll Energie eraus ze trommelen an d’Faarwsprëtzer op Toillen op ze fänken.“

Wichteg ass d’Interaktioun mam Publikum. D’Leit mussen duerch d’Show esou matenee verbonne ginn, datt se ee Ganzt ginn. Fir hiren absolut spektakuläre Programm an de verschiddene Länner a Stied opféieren ze kennen, sinn déi blo Männer mëttlerweil zu 40 Blue Men a 60 Museker. Säit 2010 musse ronn 500 Mataarbechter mat u paken, fir dem wuessende Publikum Meeschter ze ginn. Bis ewell huet d’Blue Man Group 17 Millioune Spectateure weltwäit begeeschtert.

Blo Erfanner, Artisten a contemporär Komediens

Et si bal 2 Stonne vollgepaakt mat Musek, Faarf, Wëssenschaft an Technologie. Ëmmer an iwwerall ass d’Grupp op der Sich no Innovatiounen an Iddie fir an hir Show mat an ze bauen. Sief et ee Lidd, ee Film oder eng Grupp Punks, déi an der Stad um Buedem sëtzt – alles kann zur Inspiratioun déngen.

Insgesamt brauchen d’Männer eng déck Stonn fir de perfekte bloen, pechege Look ze kréien. Mat Ofdeckungen aus Latex ginn fir d’éischt d’Hoer ofgedeckt, duerno kënnt eng Schicht staark fetthalteg blo Schmink op d’Haut. D’Make-Up dréchend dobäi net, sou datt d’Membere wärend der ganzer Show dat glibberescht, naasst blot Ausgesi behalen.

Am Mäerz 2019 kënnt d’Blue Man Group fir véier Optrëtter an d’Rockhal. Wien hei interesséiert ass, sollt sech schnell bäi maachen. Mëttlerweil si schonn dräi Shows ausverkaaft!

Quellen:

Related topics Blue Man Group, Musék, New York, New York Times, Rockhal, Show, What the Fakt
Next post Previous post