Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ozone Trampolinpark zu Féiz: Esou léisst ee sech op d’Spréng hëllefen!
Neiegkeeten

Ozone Trampolinpark zu Féiz: Esou léisst ee sech op d’Spréng hëllefen!

Vergaangene Freideg huet zu Féiz den Trampolin- an Ninja Park

Käerjeng rifft zu Botzaktioun nom Tornado op!
Neiegkeeten

Käerjeng rifft zu Botzaktioun nom Tornado op!

Déi verschidde Baueren aus der Gemeng Käerjeng hunn elo ee

GDPR: Bréissel dréit nach emol un der Schrauf vum Dateschutz
Neiegkeeten

GDPR: Bréissel dréit nach emol un der Schrauf vum Dateschutz

Ab dem 25. Mee huet Europa e neit Reglement, mat

What the Fakt – Den Emblème vun Europa entsteet

What the Fakt – Den Emblème vun Europa entsteet

Et ass net nëmmen d’Symbol vun der EU, mee steet des weideren och fir d’Eenheet an d’Identitéit vun Europa. Den Europafändel, mat sengem bloen Hannergrond an de gëlle Stären ass haut virun 63 Joer fest geluecht ginn.

D’Geschicht vum Fändel geet zeréck op 1955, wou den Europarot, den fir d’Protektioun vun de Mënscherechter a Fërderung vun der europäescher Kultur zoustänneg ass, d’Motiv mat de Stären als säi Symbol ze notzen. Säit der Grënnung vum Rot am Joer 1949 ass no engem geegnete Symbol gesicht an 1950 ënnert 200 Virschléi ausgewielt ginn.

Deemools sollt de Fändel 15 Stären, ee pro Member vum Rot, kréien. Domadder ware fir d’éischt d’Saarland net d’Accord, spéider dunn Frankräich och net méi. Zwee Stäre manner ware, wéinst der Ongléckszuel 13 och net erwënscht. Majo d’Zuel 10 war den Herrschaften och net genehm, well dat dann symbolesch fir déi 10 Grënnungsstaate stoe géif. Schlussendlech konnt ee sech op 12 Stären eenegen, déi als reng symbolesch Zeechen agéieren.

Beschreiwung a Bedeitung

Wann ee vun Europa schwätzt huet bestëmmt jiddwereen d’Bild vum bloe Fändel mat de gëlle Stären, déi am Krees geuerdent sinn, virun Aen. D’Zuel vun de Stäre steet net fir d’Memberstaate vun der EG, mee et ass traditionell d’Symbol fir Vollkommenheet, Vollstännegkeet an Eenheet.

Europa

Déi offiziell Erklärung vun der Europäescher Unioun ass hei wuel nach ëmmer am korrektsten a beseet: „Den Emblème besteet aus engem bloe rechteckege Fändel, dem seng Breet annerhallef Mol sou grouss ass wéi d’Héicht. Op engem onsiichtbare Krees, dem säi Mëttelpunkt de Schnëttpunkt vun den Diagonale vum Rechteck bilt, sinn a gläichméissegem Ofstand zwielef gëlle Stären ugeuerdent. De Kreesradius ass een Drëttel vun der Héicht vum Rechteck.

All Stär huet fënnef Zacken, dem seng Spëtzen een onsiichtbare Krees mat engem Radius vu jeeweils 1/18 vun der Rechteckhéicht beréieren. All Stär steet senkrecht, dat heecht eng Spëtzt weist no uewen, wärend zwou weiderer op enger onsiichtbarer Linn rouen, déi eng Senkrecht zum Fändelschaft bilden. D’Stäre sinn wéi d’Stonnen op engem Zifferblat vun enger Auer ugeuerdent. Hir Zuel dierf net geännert ginn.

Wien et no dëser detailléierter Informatioun nach méi genau well hunn, kritt hei nach e puer design-technesch Erklärungen:

Den Emblème huet folgend Faarwen: Pantone Reflex Blue fir den Hannergrond a Pantone Yellow fir d’Stären. Fir alles wat um Computer geschafft gëtt sollt ee vir de Blotoun 100 % Cyan an 80 % Magenta (hex: 003399) notzen, beim Gieltoun dann 100 % Yellow (hex: FFCC00).

De Fändel dierf offiziell vu jiddwerengem genotzt ginn, soulaang näischt um Design geännert gëtt. Fichieren a verschiddenen Opléisunge kann een sech um Internet erof lueden. Ee Grafik-Handbuch fannt dir HEI.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Design, Europa, Europäesch Unioun, Fändel, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel