Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Claude Turmes: „Är Energie fir eise Planéit!“
Kultur Neiegkeeten

Claude Turmes: „Är Energie fir eise Planéit!“

Am Ministère vun a fir d‘Energie (MEA), dee vum fréieren

déi Lénk: Steiergerechtegkeet, an zwar elo!
Kultur Neiegkeeten

déi Lénk: Steiergerechtegkeet, an zwar elo!

Enger Etüd no, déi am Optrag vun der grénger Fraktioun

Beim Mighty Golem fënns de d’Brieder, déi Welte bedeiten
Kultur Neiegkeeten

Beim Mighty Golem fënns de d’Brieder, déi Welte bedeiten

An enger Säitestrooss vun der Ettelbrécker Foussgängerzon steet e Golem

What the Fakt – D’Emily Dickinson gëtt gebuer

What the Fakt – D’Emily Dickinson gëtt gebuer

Op den Dag genau ass virun 188 Joer eng vun den talentéiertste weibleche Vertrieder vun der Poesie gebuer ginn. D’Schrëftstellerin Emily Dickinson huet am 19. Joerhonnert mat senge Gedichter déi modern Weltliteratur gepräägt. Do wënsche mir natierlech alles Guddes fir de Gebuertsdag!

Um 10. Dezember 1830 ass d’Emily zu Amherst, Massachusetts, gebuer ginn. Seng Jugend huet hatt mat Schoul, Bicher, Relioun an der Exploratioun vun der Natur verbruecht. Duerch säin dauernd Verlaangen, neit Wëssen ze erlaange koum dat jonkt Meedchen net laanscht d’Poesie an huet sech och direkt an déi schrëftlech Konschtform verléift.

An de patriarchalesche Grenzen zu der Zäit huet d’Emily Dickinson een immens onkonventionellt a selwer bestëmmend Liewe gefouert. Scho fréi huet hatt fir sech entscheet sech aus der Gesellschaft zeréck ze zéien an säin Elterenhaus net méi ze verloossen. Esou konnt hatt sech vollkomme senger Léift zur Poesie zouwennen.

Ufanks huet déi jonk talentéiert Fra hir Gedichter als Bréiwer geschriwwen, vun deenen der vill och haut nach existéieren. Deemools war et ee Kommunikatiounsiwwerfloss un Humor, Reflektiounen an Anekdoten, déi un dem Emily säi Brudder oder Frënn geriicht waren. Duerch d’Konfrontatioun mat Wierker vum Ralph Waldo Emerson, dem Elizabeth Barrett Browning an dem Henry Vaughan huet hatt sech dozou beruff an inspiréiert gefillt als Fra déi weiblech Gréisst a Schéinheet an der Welt ze verbreeden.

Ënnerhalb vun zwee Joerzéngte sinn esou iwwer dausend Gedichter entstanen, déi d’Emily awer ni verëffentlecht huet. Just seng Famill an enkste Kollegen haten déi grouss Éier u senger immenser Begabung deel huelen ze dierfen. D’Schluechtfeld vun der Séil, der Verzweiwlung, dem Ofschid an dem Dout duerften eben zu Liefzäite just déi nooste Persoune betrieden. Mee och d’Léift an d’Thematik vum eleng sinn huet déi jonk Fra ëmmer nees opgegraff, wann och heiansdo op eng frech an ironesch Aart a Weis.

„I’m Nobody! Who are you?
Are you – Nobody – too?
Then there’s a pair of us!
Don’t tell! zhey’d advertise – you know!

How dreary – to be – Somebody!
How Public – like a Frog –
To tell one’s name – the livelong June –
To an admiring Bog!”

„So alles wouer, mee so et schif“ – esou war der amerikanescher Poetin hire Motto. Déi eenzel Verse waren ëmmer zimlech kuerz ouni een erklärenden Titel.

D’Zillenhaus zu Amherst, wat och haut nach steet an Ulafstell vu fille Bewonnerer ass, sollt d’Emily Dickinson bis zu sengem Liewensenn net méi oft verloossen. No enger mysteriéiser Krankheet ass hatt mat 55 Joer gestuerwen. Den neiste Kenntnisser no soll hatt awer u Bluddhéichdrock gelidden an duerch ee Schlag verscheet sinn.

Eréischt nom Dout sinn d’Gedichter un d’Ëffentlechkeet komm an hunn d’Emily Dickinson weltwäit berühmt gemaach. Et kann een zurecht behaapten, datt hatt eng weiblech Pionéierin ass an der Welt een immense literareschen a kulturelle Cadeau gemaach huet!

Quellen:

Ähnlech Sujeten Emily Dickinson, Gedichter, Literatur, Poesie, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel