Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Véier nei Sozialwunnengen am Val des Bons-Malades
International Neiegkeeten gain kpop dating

https://moien.lu/dirty-jokes-about-dating/

Leschten Donneschdeg huet de Stater Schäfferot um 11, Val des

UNRWA: Washington leescht keng Beiträg méi!
International Neiegkeeten gain kpop dating

UNRWA: Washington leescht keng Beiträg méi!

De 24. August huet d‘Trump-Administratioun annoncéiert, der UN-Agence fir palestinensesch

What the Fakt – Internationalen Dag vun den Hiefammen!
International Neiegkeeten gain kpop dating

What the Fakt – Internationalen Dag vun den Hiefammen!

Als Gebuertshëllef sinn si dobäi, wann neit Liewen an d’Welt

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!

Bei der sougenannter Istanbul-Konventioun hunn haut virun 8 Joer ganzer 13 Memberstaaten ënnerschriwwen, fir esou d’Gewalt géint Fraen, sou wéi haislech Gewalt ze bekämpfen an ze verhënneren. Och Lëtzebuerg huet deemools de Vertrag ënnerzeechent. E bësse méi wéi 3 Joer drop ass d’Europarotskonventioun a Kraaft getrueden an ass bis ewell vun 46 Staaten ënnerschriwwen a vun 33 Staaten ratifizéiert ginn.

Ziel ass et Affer vu Gewalt ze protegéieren an ze verhënneren, datt d’TäterInnen ouni Strof dervu kommen. Dobäi ass de Vertrag immens ëmfangräich a geet vu Moossnamen am Beräich vun der Preventioun, Betreiung an Hëllef bis hin zum Rechtsschutz, wéi och Migratioun an Asyl. Grondsätzlech sollen esou all Formen vun gewalttätegen Doten géint Fraen, déi leider onverhältnesméisseg staark betraff sinn, bekämpft ginn.

Mam Ënnerschreiwe vun der Konventioun stellen d’Memberstaate sech bereet d’Geschlechter an hirer Verfassung an dem Rechtssystem gläichzestellen. Donieft mussen d’Offeren un Hëllef verbessert an d’Bevëlkerung fir Bildungsofferen an der Problematik sensibiliséiert ginn. Nom Artikel 33 verflichte sech d’Ënnerzeechner och dozou, offensiv géint psychesch Gewalt virzegoen. Dës weideren muss och beispillsweis bei kierperlecher Gewalt (Art. 35), sexueller Gewalt an/oder Vergewaltegung (Art. 36), Zwangsofdreiwung an/oder Zwangssteriliséierung (Art. 39) oder och géint d’Ustëftung zu dësen Handlungen (Art. 41) schnell an effektiv gehandelt ginn.

Gewalt

D’Feld vun der Gewalt streckt sech dobäi iwwert esou vill Dimensiounen, datt ee bal nëmme mam Kapp rësele kann. Heizou gehéiert beispillsweis d’Zwangsbestietnes, wéi och Genialverstümmelung, Stalking, psychologesch a sexuell Gewalt a sou villes méi. D’Memberstaaten ginn allerdéngs dozou opgeruff, datt si sech duerch d’Konventioun fir all d’Affer asetze sollen, wou also och Männer a Kanner (Art. 2) dozou gehéieren. Dobäi ënnerleien déi eenzel Staater strenge Kontrollen, déi vun engem internationale Grupp vun onofhängegen ExpertInnen – dem sougenannte „Group of expert on action against violence against women an d’ domestic violence“ (GREVIO) – duerchgefouert ginn.

Och Lëtzebuerg war am Joer 2011 ënnert den 13 Memberstaaten, déi d’Konventioun vun Istanbul ënnerschriwwen hunn. Um 7. August 2018 huet de Grand-Duché de Vertrag ratifizéiert an um 1. Dezember 2018 ass den Text a Kraaft getrueden.

Gewalt

Haislech Gewalt – wéi soll een als Affer handelen?

Datt dem eegene Partner, engem Elterendeel oder Kolleg d’Hand ausrutscht ass e kenger Aart a Weis ze entschëllegen. Leider gi sech d’Affer oft selwer d’Schold, denke si hätte provozéiert oder et wuel duerch iergendeng Handlung verdéngt. Desto méi laang ee sech sengem Schicksal hiergëtt, desto méi schwéier gëtt et, ze handelen, wouduerch d’Affer oft an eng Spiral geréit, aus der een nëmme schwéier erauskënnt.

Sollt ee bedreet ginn oder an iergendenger Form Gewalt erliewen, sollt een direkt d’Police verstännegen. D’Beamten sinn dozou verflicht, an all Fall vu Gewalt ze handelen an eventuell ee Verbuet fir d’Wunneng ze betrieden auszeschwätzen. Wie schnell aus der Wunneng flüchte muss, fënnt Ënnerstëtzung am Fraenhaus, woubäi d’Dieren Dag an Nuecht fir d’Affer, déi hei och hiert Kand matbrénge kënnen, opstinn. Donieft kann a soll ee sech och Berodung sichen, déi oft souguer gratis ugebuede gëtt. Hei kënnt Dir Iech sécher sinn, datt all ALLES vertraulech behandelt gëtt.

Egal wéi eng Zort vu Gewalt een erlieft, et muss ee sech ëmmer bewosst sinn, datt ee selwer net d’Schold un der Dot huet an et och net verdéngt huet. Dës weideren muss a soll een net schweigen, just well ee sech schummt. Déi eenzeg Persoun, déi hei d’Verantwortung dréit, ass de Täter. Op alle Fall sollt een natierlech ëmmer seng Kanner viru Gewalt schützen!

Ähnlech Sujeten europäesch Konventioun géint d'Gewalt géint Fraen, Fraenhaus, Istanbul-Konventioun, Vergewaltegung, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel