Search

You may also like

USA: D‘Mark Diesel mécht mat Deisel eng echt Fälschung
Neiegkeeten

USA: D‘Mark Diesel mécht mat Deisel eng echt Fälschung

Et ass enk an dem klenge Buttek an et schéngt

ICT Awards 2019: MIXvoip ass d‘Telekommunikatiounsentreprise vum Joer!
Neiegkeeten

ICT Awards 2019: MIXvoip ass d‘Telekommunikatiounsentreprise vum Joer!

Et war schonn déi 13 .Editioun vun der „IT One

Grand Catch Impro den 14. Mäerz am Théâtre Le 10
Neiegkeeten

Grand Catch Impro den 14. Mäerz am Théâtre Le 10

Am Kader vum 21. Gebuertsdag vun der Ligue d’Improvisaioun Théâtrale

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd

Um 26. November 1832 gëtt am Big Apple déi alleréischt Stroossebunn weltwäit a Betrib geholl. D’Fortbeweegungsmëttel ass zwar schonn op Schinne gefuer, gouf awer nach vu Päerd an anere Mauldéiere gezunn.

Si ass queesch duerch Manhatten gefuer an huet gläichzäiteg och dëse Staddeel mam nërdlechen Deel Harlem verbonnen. Aus dësem Grond krut d’Bunn den Numm „New York and Harlem Railroad“. Schonn deemools war de Prinzip kloer: d’Waggonen sinn op zwou Schinne gefuer, goufen awer vun Déieren ugedriwwen. An dräi Waggone konnte ronn 30 Leit transportéiert ginn, mee och Liewensmëttel an aner Wuere goufen esou beweegt.

Den Iddi mat de Päerd huet sech awer net ganz esou laang duerchsetze kennen. D’Déiere waren einfach ze lues an hunn déi ganz New Yorker Stroossen mat hiren Hannerloossenschafte verschmotzt. 1769 huet den James Watt d’Dampmaschinn verbessert, wouduerch schliisslech och den Zuch an d’Bunn mat dëser revolutionärer Leeschtung a Schnellegkeet konnten equipéiert ginn.

Et huet e bësse méi wéi honnert Joer gedauert bis zu New York déi éischt Bunn mat Kabele gefuer ass. An de folgende Joer huet d’Stad dru geschafft, d’Stroossebunn op Elektresch ëmzestellen, wat 1915 schlussendlech komplett gegléckt war.

Europa krut seng éischt Bunn am Joer 1855. Ufanks just zu Paräis konnt scho sechs Joer drop déi englesch Haaptstad London säin néit Fortbeweegungsmëttel op Schinne presentéieren.

Mee och Lëtzebuerg konnt, och virum aktuellen Tram, de Persounentransport mat der Bunn ubidden. Vun 1875 bis 1964 war d’Staater Gare mam Stadzentrum verbonnen, sou wéi och verschidden Nopeschgemengen. Nodeems 1859 d’Gare zu Lëtzebuerg ageweit ginn ass, sinn einfach Päerdskutsche fir de Wee bis an den Zentrum net duergaangen. Esou ass, zesumme mam Bréisseler Ingenieur Charles de Féral, ee Projet op d’Been gesat ginn, fir d’Uewerstad effektiv an den Transport an ze bannen.

Nodeems de Bus awer ëmmer méi beléift ginn ass, hunn déi Verantwortlech d’Stroossebunnnetz no an no opgeléist an d’Bunn ewech geholl, fir se dann elo 2017 nees am Grand-Duché ze integréieren. Méi zur Geschicht vum fréieren Tram zu Lëtzebuerg fënnt een am Tramsmusée an eiser Haaptstad.

Quellen:

Related topics Fortbeweegung, Lëtzebuerg, New York, Tram, What the Fakt
Next post Previous post