Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

An Therapie: Kierperbemolung amplaz Selbstverletzung
International Kultur hattiesburg dating https://moien.lu/dating-website-for-expats/

chloe sutton dating

D’Problemer vun der psychescher Gesondheet si mëttlerweil esou aktuell, wéi

Den Déif hat der zolidd an d‘Sabbel kritt
International Kultur hattiesburg dating https://moien.lu/dating-website-for-expats/

Den Déif hat der zolidd an d‘Sabbel kritt

Am Mee 2012 haten si eng Bijouterie zu Schëffleng iwwerfall,

USA: Bundesstaat Alabama verbitt de Schwangerschaftsofbroch
International Kultur hattiesburg dating https://moien.lu/dating-website-for-expats/

USA: Bundesstaat Alabama verbitt de Schwangerschaftsofbroch

De Senat vum US-Bundesstaat Alabama huet gëschter dat schäerfsten Ofdreiwungsgesetz

What the Fakt – d’Etta James als Ikon vun der „Black Music“

What the Fakt – d’Etta James als Ikon vun der „Black Music“

Dës Powerfra ass eent vun de wéinege weiblechen Idoler an der Musek vun de 60er Joer. Mat Lidder, wéi „All I could do was cry“ oder „Tough Lover“ huet d’Etta James säin Duerchbroch an Rock’n’Roll, Blues an Jazz gefeiert. Virun 81 Joer ass déi US-amerikanesch Sängerin op d’Welt komm an huet an hirer Karriär d’Musekswelt nohalteg gepräägt.

Um 25. Januar 1938 gëtt d’Etta James gebuer an erlieft eng immens schwéier Kandheet. De Papp ass net bekannt an déi mannerjäreg Mamm, déi als Prostituéiert schafft, weist wéineg Interessi un hirem Kand. No der Gebuert kënnt hatt bei seng Grousselteren, spéider hëlt eng Fleegefamill dat klengt Meedchen op. Am Kampf ëm eng Existenzberechtegung fënnt hatt seng Léift zur Musek, déi him Kraaft gëtt, säi Liewen trotz Schwieregkeeten ze meeschteren.

Als éischt trëtt d’Etta James engem Gospelchouer bäi. Nodeems d’Famill 1950 op San Fransisco plënnert feiert dat talentéiert 13-järegt Meedchen seng éischt Bühnenerfahrung mat der Band „The Creolettes“, déi hei a verschiddene Clubs a Caféë spillen duerften. Duerch déi gutt Aschätzung vum Bandleader Johnny Otis gëtt d’Talent vun der Sängerin erkannt an hien iwwerhëlt d’Aufgab als Mentor vum Etta.

Duerch de Wiessel zum Label „Chess Records“ léist seng éischt Band sech op an hatt ënnerschreift ee Vertrag als Solo-Kënschtlerin. Et sollt déi richteg Entscheedung sinn, wëll déi US-amerikanesch Sängerin erlieft säi groussen Duerchbroch mat den LP’s „The Second Time Around“ an „At Last!“. Beit Lidder landen an den Charts, eent dovunner entwéckelt sech souguer zum Topseller. D’Karriär ass steil biergop gaangen, een Hit nom anere koum eraus.

Etta James

D’Etta James bei engem Concert a Frankräich (1990) © Roland Godefroy

Eng stilistesch Allzweckwaff

Iwwerzeege kann déi jonk Kënschtlerin doduerch, datt hat sech op kee Stil festsetzt. Souwuel am Beräich Rhythm-and-Blues, wéi och am Rock’n’Roll, Soul, Blues, Jazz a Gospel experimentéiert d’Etta James ronderëm a gëtt zum weiblechen Idol vun der Bevëlkerung. Mat senger kräfteger Stëmm, déi perfekt mat der deemoleger Musek harmonéiert war et scho quasi garantéiert, datt dës Powerfra enorme Succès erlieft.

Um Enn vun de 60er Joer ukomm sollt den Erfolleg leider ze vill sinn. D’Sängerin verfält der Heroin-Sucht, muss souguer an Therapie goen. D’Kënschtlerin beweist net nëmme musikalesch Stäerkt, mee meeschtert och den Entzuch mat Bravour a setzt sech uschléissend fir Anti-Droge-Programmer an. Elo war de Wee nees fräi, fir sech der Musek zouzewennen. An de Joren 1978 an 1980 trëtt d’Etta James souguer als Opening Act fir d’Rolling Stones op an hält 1984 den Erëffnungsconcert vun den olympesche Summerfestspiller zu Los Angeles.

Wat ee Succès!

Nenneswäert ass, datt dem Etta seng Musek an de 60er Joer an der Coca-Cola Reklamm gespillt ginn ass, hatt 1993 an d’Rock’n’Roll Hall of Fame opgeholl gëtt, ee Joer drop de Grammy fir déi beschte Stëmm erhält an 2004 vum Magasinn Rolling Stone op Plaz 62 vun de gréisste Kënschtler aus allen Zäite gewielt gouf.

Och d’Filmindustrie ass op d’Liewen an den Erfolleg vun der US-amerikanescher Sängerin opmierksam ginn. 2008 war et um R’n’B-Star Beyoncé fir d’Etta James ze wierdegen. De Kinofilm „Cadillac Records“ erzielt ee Stéck vun der Geschicht vun der Sängerin an de Wiessel zu Chess Recors, verkierpert vum Beyoncé.

Fir méi genau ze sinn beschreift de Popfilm dat turbulent Chigago vun de 50er Joer, an deenen de jonke polneschen Emigrant Leonard Chess eng Bluesband fir seng Bar engagéiert. Hien ass beandrockt vun der Energie an der Passioun, déi d’Museker ausdrécken. Doropshin organiséiert den US-Amerikaner eng Sessioun am Opnamestudio a grënnt méi spéit seng eege Plackefirma mam Numm „Chess Records“. All Museker, deen et an d’Charts packt, kritt ee Cadillac geschenkt, doduerch den Numm. D’Entreprise hëlt am Laf vun der Zäit vill grouss Museker ënner Vertrag, sou wéi och d’Etta James.

Alles huet een Enn

Am Alter leit d’Sängerin verstäerkt u Krankheeten, wéi Hepatite B, Alzheimer a Leukemie. Um 20. Januar 2012 ass si mat hirer Kraaft um Enn a stierft un enger Longenentzündung am Spidol zu Riverside (USA). Och haut nach gëllt d’Musek vun der Kënschtlerin als Inspiratiounsquell. Sou ass bei der Single „Levels“ vum verstuerwene schwedeschen DJ Avicii e’Etta James als Sample ze héieren.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Beyoncé, Cadillac Records, Etta James, Musék, Sängerin, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel