Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wanteraktioun: Zäit de Bilan ze maachen
International Kultur dating in lincolnshire uk speed dating norfolk uk

https://moien.lu/1st-year-dating-christmas-gifts/

D‘Wanteraktioun, déi zanter 2001 eng fest Plaz als humanitär Aktioun

Staatsbeamte geroden an d’Schweessen: 2. Editioun vum Sportsdag
International Kultur dating in lincolnshire uk speed dating norfolk uk

Staatsbeamte geroden an d’Schweessen: 2. Editioun vum Sportsdag

Reegelméisseg Beweegung deet bekanntlech Kierper a Geescht gutt. Esou wëll

Ab Januar 2019 ass den Dampmelder eng Obligatioun
International Kultur dating in lincolnshire uk speed dating norfolk uk

Ab Januar 2019 ass den Dampmelder eng Obligatioun

En ass iech sécher schonn hei an do op engem

What the Fakt – den europäeschen Dag vum Noutruff 112

What the Fakt – den europäeschen Dag vum Noutruff 112

Wisou den Dag vum Noutruff op den 11. Februar fält, kann ee sech bei der Nummer 112 scho bal denken. Säit dem Joer 2009 gëtt dëse wichtegen Aktiounsdag a ganz Europa gefeiert. D’Nummer, déi liewe rette kann, ass europawäit gläich a gouf am Joer 1991 agefouert.

Generell muss ee soen, datt den 112 eng gratis Nummer ass, déi an der EU, der EFTA, a Russland, Kroatien an der Ukrain erreechbar ass. Et ass nach guer net esou laang hir, datt et d’Nummer offiziell gëtt. Eréischt 1991 huet de Ministerrot vun der Europäescher Unioun decidéiert, fir den 112 als generell Noutruff-Nummer anzeféieren.

Wien den 112 wielt sollt sech bewosst sinn, datt de Mëssbrauch vun der Nummer strofbar ass. Sollt an der Zäit ee seriéisen Asaz erakommen, sinn eventuell net genuch Zoustänneger do, fir sech ëm de Virfall ze këmmeren, wat am schlëmmste Fall och mat déidleche Suitten ausgoe kann. Wielt een den Noutruff gëtt ee mat der Haaptzentral verbonnen, déi sech dann ëm déi weider Schrëtt këmmeren.

D’Initiative fir den Aktiounsdag geet op d’Joer 2009 zeréck. Virun 10 Joer hunn d’EU-Parlament, den Rot vun der Europäescher Unioun an d’EU-Kommissioun sech zesumme gesat fir dësen Dag an d’Liewen ze ruffen. Heimat sollt drop opmierksam gemaach ginn, datt déi liewensrettend Nummer wierklech an der ganzer EU fonctionnéiert, wat bis dohin déi wéinegst EU-Bierger woussten. Donieft sollen d’Zentralen dozou opgeruff ginn, Personal anzestellen, dat e puer Sprooche weider kann, sou datt bei engem Virfall keng Sproocheproblemer opdauchen.

112

Eng Etüd vun de leschte Joren huet erginn, datt ee Véierel vun den EU-Bierger an de leschte 5 Joer op mannst ee Mol den 112 gewielt huet. 53% vun den Uriff sinn vum Festnetz komm, déi restlech 47% vum Handy. Sollt een a Bulgarien an d’Vakanz goen, sou sollt ee sech net wonneren, wann een bemol eng Wëllkomm-SMS kritt, déi op d’Nummer, déi Liewe rette kann, hiweist.

Bei der Aféierung vum Aktiounsdag wousste just 24% vun den befroten EU-Bierger, datt si mam Wielen vum 112 an der ganzer EU gehollef kréien. Duerch d’Aféieren vun dësem Dag konnt den Taux sech steigeren, woubäi d’Zuel an Zukunft nach weider soll an d’Luucht goen!

Ähnlech Sujeten 112, Ambulance, CGDIS, Noutruff, Pompjeeën, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel