Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Europa-Tournée fir den Donald Trump
Kultur scrabble dating site https://moien.lu/reddit-free-software-dating/

is dating a single mom a good idea

Haut geet dem amerikanesche President säin Tour duerch Europa lass.

Porsche Mobil 1 Supercup: Gutt Leeschtung vum Dylan Pereira zu Monza
Kultur scrabble dating site https://moien.lu/reddit-free-software-dating/

Porsche Mobil 1 Supercup: Gutt Leeschtung vum Dylan Pereira zu Monza

No technesche Problemer zu Francorchamps, wou de Lëtzebuerger Espoir säi

What the Fakt – „de groussen Diktator“ vum Charlie Chaplin erlieft seng Uropféierung
Kultur scrabble dating site https://moien.lu/reddit-free-software-dating/

What the Fakt – „de groussen Diktator“ vum Charlie Chaplin erlieft seng Uropféierung

Haut virun 78 Joer huet de populäerste Komiker vun den

What the Fakt – den europäeschen Dag vun den Talenter

What the Fakt – den europäeschen Dag vun den Talenter

An den europäesche Länner steet de 25. Mäerz ganz am Zeeche vun der Talentfërderung. Déi eng fanne scho fréi eraus, wouran si immens gutt sinn. Anerer brauchen Zäit fir hiert Talent ze fannen. An awer – an dat ass dat gutt un der Saach – soll jiddweree eng speziell Begabung hunn!

Am Ufank stoung de Virschlag vun der ungarescher Regierung den europäeschen Talentdag an d’Liewen ze ruffen. Déi offiziell Gebuertsstonn vun der Initiative war allerdéngs eng EU-Konferenz zum Thema „Ënnerstëtzung vun Talenter“ am Joer 2011. Déi éischt puer Kéiere gouf dësen Aktiounsdag um 9. Abrëll zelebréiert, woubäi ee sech herno awer op de 25. Mäerz gëeenegt krut. A mat enger Rëtsch Participanten aus 20 verschiddenen Natioune konnt een och net grad soen, datt Desintressi besteet.

Wisou ee sech schlussendlech fir den haitegen Dag entscheet huet, ass och ganz einfach ze erklären: De 25. Mäerz ass de Gebuertsdag vum ungaresche Komponist, Pianist a Museksethnolog Béla Batók, den als wichtege Vertrieder vun der musikalescher Modern gëllt. Mat sengem immensen Talent krut de Museker mat 11 Joer d’Chance ëffentlech viru Publikum opzetrieden a mat 18 Joer an der Kinneklecher Musekakademie vu Budapest opzetrieden.

A wourëm geet et?

D’Kärausso ass, datt ee jonk Talenter – egal a wéi engem Gebitt si begaabt sinn – fërdere soll. Dobäi soll et och eng sënnvoll Investitioun an d’Zukunft duerstellen, sief et fir d’Entwécklung, d’Ekonomie oder d’Individualitéit vun der Natioun oder och fir déi ganz Europäesch Unioun. Dobäi muss een awer soen, datt ausser an Ungarn den europäeschen Dag vum Talent net wierklech an d’Praxis ëmgesat gëtt.

Wat ass Talent eigentlech?

Iwwert dëst Wuert fält een esou oft, a genau sou vill gebraucht een et wuel och. Trotzdeem kënne wuel déi wéinegst eng prezis Definitioun liwweren. Den Duden beseet lëschtegerweis „Een Talent ass een, deen Talent huet“. Dës weidere gi si un, datt et sech ëm eng Begabung handelt, déi sech duerch ongewéinlech oder iwwerduerchschnëttlech Leeschtungen op engem bestëmmte Gebitt ervir hieft. Allerdéngs soll et ee Mythos an aalt Elite-Denke sinn, datt een Talent ugebuer ass an eenzel Persoune mat spezielle Fäegkeete geseent sinn.

Talenter existéieren der vill, an dat an diverse Beräicher. Laut enger weiderer Definitioun muss een vill schaffe fir d’Talent zur Koryphäe virun ze entwéckelen. Een Talent solljust eng Méiglechkeet zu enger bestëmmter Leeschtung sinn, mee nach laang net d’Leeschtung selwer. Dofir muss ee seng Begabung notzen a mam Potential vun der Ausdauer, der Motivatioun an der Leeschtung kombinéieren.

Trotz allem muss ee soen, datt een duerch säin eegent Talent seng Leeschtunge mat Häerz ervir bréngt. Hëlt een elo d’Beispill vun engem Tennisspiller, dee keen Talent fir säi Sport huet, mee sech wärend Joren den idealen Ëmgang mam Ball an dem Schléier ugëeegent huet, nëmme fir d’Präisser mat Heem ze huelen, esou kann ee sech froen, ob net iergendwann de Punkt kënnt, wou de Sportler mat senger Aktivitéit net méi zefridden ass.

Säin Talent fannen

Sollt Dir äert Talent nach net fonnt hunn, da passt emol an alle méigleche Situatiounen op folgend Punkten op:

  • Wat mëscht mir Spaass?
  • A wéi enge Situatioune fillen ech mech besonnesch wuel?
  • Wat kann ech gutt a vläicht souguer besser wéi aner Mënschen?
  • Wat motivéiert mech?
  • Denken oder Handelen ech éischter? Sinn ech éischter praktesch oder geeschteg veranlaagt?
Ähnlech Sujeten Bela Bartok, Dag vum Talent, Leeschtung, Potential, Ungarn, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel