Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Macron a Bettel, et géif een hinnen hir gutt Absichten esou gäre gleewen
Neiegkeeten

Editorial: Macron a Bettel, et géif een hinnen hir gutt Absichten esou gäre gleewen

Um Donneschdeg war de franséische President Emmanuel Macron den Invité

What the Fact – De British Museum zu London mëscht seng Dieren op
Neiegkeeten

What the Fact – De British Museum zu London mëscht seng Dieren op

Haut op den Dag genau ass et 260 Joer hir,

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn
Neiegkeeten

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn

Um Sonndeg also ware Gemengewahlen. Wien um Sonndeg esou um

What the Fakt – de Festival vun de Primaten

What the Fakt – de Festival vun de Primaten

Sou munche wäert haut säin Aarbechtskolleg, Bänknoper oder Partner ukucken an denken „Haut ass däin Dag!“. Et ass ee kuriéise Feierdag, bei deem et awer wierklech ëm d’Déier geet. Scho säit 18 Joer gëtt um 14. Dezember den internationalen Afendag gefeiert. Mee wisou eigentlech?

Et ass een Éierendag fir d’Gorillaen, d’Schimpansen, d’Orang-Utans an all déi aner afeg no Verwandte vum Mënsch. Déi genau Originne vum Feierdag ginn op der offizieller Internetsäit als Mysterium beschriwwen. Esou richteg kloer ass et net, ob et vun engem Grupp Hooligans kënnt, déi sech an engem Café wéi Afe beholl hunn, op et ee wëssenschaftlesche Schlag géint déi soss reliéis Feierdeeg sollt sinn oder ob et d’Mënschheet a Saachen Afen an natierleche Liewensraum vun dësem Déier soll sensibiliséieren.

Fest steet awer, datt den Dag vum Primat offiziell duerch ee Witz vum Konschtstudent Casey Sorrow festgehale gouf. Am Joer 2000 huet hien aus Spaass den Afendag an de Kalenner vun engem Frënd agedroen. Majo aus dësem Witz ass schliisslech een internationale Feierdag entstanen.

Zieler vun dësem afegen Dezemberdag

Generell geet et drëm, datt de Mënsch och emol d’Geleeënheet kritt, sech wéi ee Primat ze behuelen (och wann verschidde Leit dofir kee speziellen Dag brauchen). Um Site vum Afendag gëtt dozou opgeruff, wéi een Af ze jäizen, mat senge Frënn an der Famill „ofzehänken“, sech géigesäiteg ze entlausen oder sech mat Exkrementer ze beschéissen (een natierlecht Verhale vum Af, wat awer elo net vun eis ënnerstëtzt gëtt).

Op alle Fall soll d’Aktioun vu vill Spaass an Humor begleet ginn. Haut ass dann och déi ideal Geleeënheet, fir am Afekostüm dobausse ronderëm ze lafen, Donkey Kong ze spillen oder eppes zur Erhalung vum Liewensraum vum Af bäi ze droen, beispillsweis als Spend. Aner Virschléi wieren nach ee Filmowend mat „King Kong“ oder „Planet der Affen“ ze verbréngen oder ganz haart dem King Louie säi Lidd vum Dschungelbuch ze sangen.

Af

Afen a Mënschenafen – wat ass den Ënnerscheed?

Insgesamt ginn et iwwer 250 verschidden Zorten u Primaten. De Begrëff „Af“ beschreift hei just eng Grupp un Déieren. Fir wëssenschaftlech genau ze bleiwen, dierf een d’Déier just als Af bezeechnen, wann et ee Schwanz huet. Domadder halen si d’Gläichgewiicht, fir op den Äscht ronderëm ze lafen. Hiert Skelett gläicht och méi engem véierbeenegen Déier, wéi beispillsweis engem Hond.

Zu de Mënschenafen ghéieren beispillsweis Gorillaen, Schimpansen oder Gibbons, also Primaten, déi méi eiser Spezies gläichen. Si hu kee Schwanz, änele vum Skelett hir och méi eis a sinn vun der Schëllerpartie esou gebaut, datt si vun Aascht zu Aascht schwénge kënnen. Hiert Gehir ass esou entwéckelt, datt si sech speziell Fäegkeeten an Verhalensweisen uneegne kënnen, wouduerch een dem Mënschenaf beispillsweis Zeechesprooch bäibrénge kann.

Hätt Dir et gewosst?

  • De Klengsten Af ass just esou grouss, wéi ee Goldhamster. Den Zwergseidenaf ass 12 bis 15 Zentimeter laang, mat engem Schwanz vun ongeféier 20 cm
  • Orang-Utan heecht iwwersat „Bëschmënsch“. Si liewen op der Insel Borneo a Sumatra, wou de Begrëff aus der indonesescher Sprooch kënnt
  • Schimpansen hunn ee bessert Kuerzzäitgediechtnes wéi Mënschen. Dat konnt bei enger Etüd un der Universitéit Kyoto eraus fonnt ginn
  • Primaten hu Fangerofdréck an Neel un Hänn a Féiss
  • Schimpanse bauen sech selwer Geschir fir ze schaffen, wouduerch si méi no mat eis verwannt sinn, wéi Gorillaen

Ähnlech Sujeten Gorilla, Internationalen Afendag, Mënschenaf, Primat, Schimpans, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel