Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereent am Wettlaf géint de Covid19
Kultur Neiegkeeten

Vereent am Wettlaf géint de Covid19

D‘EU-Kommissiounspresidentin hat virun der Konferenz gesot: „Ouni Impfstoff keen Enn

Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten
Kultur Neiegkeeten

Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten

D‘Zuel vun den Automobilisten, déi op de Stroosse wou d‘Héchstgeschwindegkeet

Réckruff: Glas am Äppelkompott vun ALDI!
Kultur Neiegkeeten

Réckruff: Glas am Äppelkompott vun ALDI!

Wéi ALDI elo matdeelt sollen sech am Äppelkompott vun der

What the Fakt – de Frank Sinatra kënnt op d’Welt

What the Fakt – de Frank Sinatra kënnt op d’Welt

Den US-amerikanesche Sänger, Entertainer a Schauspiller ass och haut nach, duerch seng onverwiesselbar melancholesch Stëmm, weltwäit mat Lidder, wéi „New York, New York“ oder „My Way“ bekannt. Hien ass d’Verkierperung vum Entertainment vum amerikaneschen Zäitgeescht. Virun genau 103 Joer ass de Sinatra op d’Welt komm.

Gebuer um 12. Dezember 1915 zu New Jersey stellt de Francis Albert Sinatra schnell seng Léift zur Musek fest, och wann et deemools just duerch d’Spille vun der Ukulele war. Duerch seng immens Begeeschterung vun den Optrëtter vum Bring Crosbys ass et zum jonke Kärel sengem Dram ginn, och op der Bühn ze stoen an de Publique mat sengem Gesang ze faszinéieren.

An de 40er Joer ass hien, no sengem Bestietnis mam Nancy Barbato an der Gebuert vu senger Duechter Tina, a ville Clibb an um Radio opgetrueden. Dat war deemools just méiglech, duerch seng Kontakter zur Mafia. Esou ass awer schliisslech och den Harry James an Tommy Dorsey op hien opmierksam ginn, wouduerch de Sinatra an enger Big Band sange konnt.

Mat sengem enorme musikaleschen Talent huet de Sänger entscheet, eng eege Plack opzehuelen, déi him schlussendlech zum groussen Duerchbroch verhollef huet. D’Amerikaner waren him schonn no kuerzer Zäit verfall a sou koum et zu engem Plackevertrag, spéider souguer zu engem Oskar duerch seng Roll am Film „The House I Live In“.

Den Héichpunkt vu senger Karriär gouf markéiert duerch seng Ënnerstëtzung bei der Biergerrechtsbeweegung an de 60er Joer, ugefouert vum Martin Luther King. Generell war de Sänger staark ëm d’Wuelergoe vun de Mënsche bekëmmert. Esou ass et kee Wonner, datt hien ville Kannerhëllefsorganisatioune gehollef huet, sech fir d’Jugendaarbecht an Israel engagéiert huet oder sech fir jüddesch an arabesch Weesenheemer agesat, oder souguer selwer opgebaut huet.

Och am héijen Alter huet de Frank Sinatra et sech net huele gelooss am Museksbusiness täteg ze sinn. 1994 huet hien säi leschte Studioprojet ugefaangen, huet nach 80 Optrëtter absolvéiert an ass tatsächlech och nach fir Concerten a Japan an op d’Philippinnen geflunn. Am Alter vun 83 ass de Museker dunn den 14. Mee 1998 zu Los Angeles gestuerwen.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Big Band, Frank Sinatra, Jazz, Musék, My Way, New York New York, Oskar
Nächsten Artikel Virrechten Artikel