Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Paräis wëll Nuklearofkommes mam Iran nei verhandelen, Teheran wiert sech
https://moien.lu/dating-sites-in-abidjan/ https://moien.lu/dating-victoria-hearts/

panzer mit angepassten matchmaking

E Freideg huet Teheran den Appell vu Paräis zréckgewisen, mat

https://moien.lu/pew-research-center-5-facts-about-online-dating/
https://moien.lu/dating-sites-in-abidjan/ https://moien.lu/dating-victoria-hearts/

D’Selbstinszenéierung vun de Rietsen als Opfer fonktionnéiert nëmmen dank de Medien

Et ass wuel déi Zeen, déi jiddereen aus der Diskussiounsronn

Jemen: Den UN-Emissär soll sech zu Hodeida fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen
https://moien.lu/dating-sites-in-abidjan/ https://moien.lu/dating-victoria-hearts/

Jemen: Den UN-Emissär soll sech zu Hodeida fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen

Den UN-Emissär Martin Griffiths, ass e Freideg op Hodeida geflunn,

What the Fakt – Viru 27 Joer stierft de Freddie Mercury un AIDS

What the Fakt – Viru 27 Joer stierft de Freddie Mercury un AIDS

Mëtt vun den 80er Joer erkrankt de Leadsänger vu Queen um AIDS-Virus, hält et awer ganz laang virun der Ëffentlechkeet geheim. Um 24. November 1991 erleit de Mercury senger schwéierer Erkrankung a stierft zu London un enger Longenentzündung.

Mat der legendärer Band Queen a Lidder wéi „We Will Rock You“, „Bohemian Rhapsody“ oder „Don’t Stop Me Now“ feiert de Leadsänger mat indesche Wuerzelen een enorme musikaleschen Erfolleg. Schonn deemools hu si Welthits geschriwwen an hunn d’Pop-Kultur an de 70er an 80er Joer nohalteg matbestëmmt.

De Megastar kennt de 5. September 1946 mam Numm Farrokh Bulsara zu Sansibar op d’Welt. D’Famill plënnert 1964 an England, wou de jonke Farrokh Konscht studéiert. Et war ëmmer säin Dram Museker ze ginn a sou huet hien sech de verschiddenste Bands ugeschloss. Ufank 1970 gëtt schliisslech Queen gegrënnt an de Sänger nennt sech ab dem Zäitpunkt Freddie Mercury.

Op der Bühn huet hien sech ëmmer betount extrovertéiert ervir gehuewen, am private Beräich war de Museker awer éischter zeréckhalend, woubäi hien awer ni ee Geheimnis aus senger Bi-Sexualitéit gemaach huet. Esou hält hien och seng AIDS-Erkrankung virun de Medien a Fans geheim.

Um 23. November 1991, wou een et vum Ausgesinn hir scho bal net méi ofstreide konnt, huet de Freddie Mercury bei enger Pressekonferenz endlech zouginn, datt d’Spekulatiounen ëm seng Krankheet wouer sinn. Hie wousst wuel, datt e gläich stierwe wäert. Datt dëst awer schonn den Dag drop de Fall sollt sinn hätt keen erwaart. D’Musekszeen weltwäit ass vollkomme getouft an iwweraus traureg iwwert säin Dout. Viru 27 Joer huet eng Legend eis Welt verlooss.

Wat ass AIDS?

Heibäi handelt et sech ëm eng Spéitfolleg vun der Infektioun mam HI-Virus, den de Mënsch enorm schwächt an d’Ofwierfäegkeet vum Kierper verhënnert. Onbehandelt duerchleeft des onheelbar Krankheet dräi Stadien, ier schlussendlech AIDS ausbrécht. Am leschte Stadium ass d’Immunsystem esou staark beanträchtegt, datt scho kleng Infektiounen oder Erkrankungen zum Dout féiere kennen.

Nom Ausbroch vun AIDS ass huet de Betraffenen nach eng maximal Liewenserwaardung vun 3 Joer. 1981 ass et offiziell als Krankheet klassifizéiert ginn an huet fir déi Infizéiert d’Doudesuerteel bedeit.

Onbedéngt ukucken soll ee sech an dësem Kontext dann de Film „Bohemian Rhapsody“, den d’Geschicht vu Queen op eng beandrockend an ergräifend Aart a Weis erzielt.

Quellen:

Foto: ©  BY-SA 3.0

Ähnlech Sujeten AIDS, Bohemian Rhapsody, Dout, Freddie Mercury, Queen, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel