Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Universitéit bitt Studium fir Weltraumfuerschung un
International Kultur Neiegkeeten Stories

Universitéit bitt Studium fir Weltraumfuerschung un

E Freideg hunn de Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP), den Educatiounsminister

Konferenz am Vatikan: Déi kathoulesch Kierch geet „in medias res“
International Kultur Neiegkeeten Stories

Konferenz am Vatikan: Déi kathoulesch Kierch geet „in medias res“

Um haidegen Donneschdeg gëtt déi vum Poopst versprachen, a vum

NATO-Sommet: d‘Zäit nom INF-Vertrag
International Kultur Neiegkeeten Stories

NATO-Sommet: d‘Zäit nom INF-Vertrag

Den Donald Trump wollt nei Atomwaffen, dat awer méiglechst ouni

What the Fakt – De Gagarin an de Grousse Bier, zesummen am Himmel!

What the Fakt – De Gagarin an de Grousse Bier, zesummen am Himmel!

Haut schéngt wuel den Dag vum Weltall, senge Galaxien an Himmelskierperen ze sinn. Net nëmmen si viru laanger Zäit am Stärebild vum Grousse Bier dräi nei Galaxien entdeckt ginn, mee de Galileo hat nach do virdrun dat heliozentrescht Weltbild verbreede wëllen. Virun 58 Joer ass dann och nach op dësem kosmeschen Dag de Juri Gagarin als éischte Mënsch an d’All geschoss ginn! Mee elo emol der Rei no.

Gi mir d’Trap der Rei no erop, esou lande mir fir d’Éischt beim Pisaner Galileo Galilei, deen am Joer 1963 säi Buch „Dialog iwwer déi zwee haaptsächlech Weltsystemer“ verëffentlecht huet. Dobäi huet hien dem Kopernikus seng Léier verdeedegt, woubäi sech nu emol net alles ëm d’Äerd dréit, mee ëm d’Sonn – op alle Fall wat eise Sonnesystem ugeet. Duerch zuelräich kritesch Géigner ass den italieneschen Universalgeléierten op Roum zu sengem Prozess geruff ginn.

Galileo

De Galileo Galilei – ee Porträt von Justus Sustermans (1636)

Virun allem d’Kierch huet sech géint dem Galileo säi literarescht Wierk gestallt. Schliisslech stoung dat heliozentrescht Weltbild am Widdersproch zu der Helleger Schrëft, an duerft just als reng Hypothese ugeholl ginn. Scho Jore virdrun ass dem Italiener verbuede ginn d’Léier, bei der d’Sonn am Mëttelpunkt steet, ze verbreeden. Dëse Fall ass un den Hellegen Offizium an déi italienesch Haaptstad gaangen an esou ass de Galileo ab dem 12. Abrëll 1963 mat Froen duerchbuert ginn.

Dat alt, geozentrescht Weltbild, bei der sech all Planéiten ëm eis Äerd dréien

Dat heliozentrescht Weltbild, bei der sech d’Planéiten ëm d’Sonn dréien.

Beim Inquisitiounsprozess huet den Italiener einfach gesot, datt hien nimools een Unhänger vun der kopernikanescher Léier gewiescht wier a sech och net un d’Verbuet vun 1616 erënnere kéint. Mam Verspriechen, sech dem heliozentresche Weltbild ofzewenden duerft hien no engem kuerzen Openthalt am Klouschter zu Siena zeréck op säi Landsëtz no Arcetri zeréck kéieren, wou hien 1642 gestuerwen ass.

D’Entdeckung vu Galaxien am grousse Bier

Mir schreiden e puer Träppleker erop a kommen zum Astronom Wilhelm Herschel. Haut viru genau 230 Joer huet den aus Däitschland staamende britesche Mann um Nordstärhimmel am Stärebild vum Grousse Bier dräi nei Galaxien (NGC 3310, NGC 3718 AN NGC 3729) entdeckt, déi schätzungsweis 50 Millioune Liichtjoer vun der Mëllechstrooss ewech läit. Den Ursa Major, wéi en op laténgesch genannt gëtt, gehéiert zu den dräi gréisste Stärebiller vum Himmel.

De Grousse Bier um Himmel

an esou kann ee sech dat Ganz nach besser virstellen!

Dobäi muss een elo emol mam Iertum opraumen, datt de Grousse Won dat selwecht ass, wéi de Grousse Bier. De Won, den aus 7 Stäre besteet, bilt nämlech just den Hënneschten an de Schwanz vum Bier. Vir dat komplett Stärebild si weider Himmelskierperen erfuerderlech. De Bier kann een dobäi ëmmer um Nuetshimmel gesinn an ass, duerch den helle Polarstär, liicht ze fannen: déi hënnescht Kant vum Won passt nämlech 5 Mol an eng riicht Linn vum Polarstär aus. Trotzdeem muss ee bedenken, datt seng Stellung duerch d’Joreszäit ëmmer anescht ass.

An esou fënnt een de Grousse Won vum Polarstär aus

Den Ufank vun der bemannter Raumfaart

Vir de weidere Verlaf musse mir wuel e puer Träppleker mateneen huelen, sou datt mir um 12. Abrëll 1961 landen. Als éischte Mënsch am Weltall huet nämlech de russesche Kosmonaut Juri Gagarin d’Äerd ëmrond an ass domat zur Legend ginn.

De Kosmonaut Juri Gagarin bei enger Pressekonferenz 1961 a Finnland

Schonn als jonke Mann huet de Juri, deen um 9. Mäerz 1934 gebuer ginn ass, seng Léift zum Fléien entdeckt. Nieft senger Aarbescht an der sowjetescher Arméi huet hien ëmmer vum Moundfluch gedreemt. Datt hie just wéineg Joer méi spéit mat der Wostok I. Um 09:05 Auer Moskauer Zäit am Kasachstan an den All geschoss hätt, hätt de Gagarin sech wuel ni erdreemt.

D’Landekaspel vun der Wostok I. © SiefkinDR

A just 108 Minutte konnt de Kosmonaut an der Rakéit ee Mol ëm d’Äerd fléien an nees sécher a gesond landen. Nodeems hien uschléissend fir eng laang Zäit weder fléien, nach Fallschirmsprangen duerft, gouf him um 27. Mäerz 1968 endlech een Übungs- a Virbereedungsfluch fir een zweete Start mat enger Rakéit zougedroen. Heibäi ass de Juri Gagarin déidlech verongléckt. D’Doudesëmstann si bis haut nach net ganz gekläert. Als Undenken un de grousse Kosmonaut huet den Armstrong bei sengem Fluch op de Mound een Uerde vum Gagarin matgeholl.

Ähnlech Sujeten Galileo Galilei, Grousse Bier, Heliozentrescht Weltbild, Juri Gagarin, Kosmonaut, Stärebild, Weltall, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel