Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zu Lëtzebuerg ass Zäit oft méi wichteg wéi Geld, wann et ëm Zefriddenheet geet
cfm dating 40

Zu Lëtzebuerg ass Zäit oft méi wichteg wéi Geld, wann et ëm Zefriddenheet geet

Datt Geld eleng net glécklech mécht, ass fir vill Leit

https://moien.lu/rtl-dating-show-abgesetzt/
cfm dating 40

copenhagen speed dating

Dir Dammen an dir Hären, haut geet et net ëm

Ass eng Fusioun tëscht FNCTTFEL an OGBL sënnvoll? (ee Gedanken)
cfm dating 40

Ass eng Fusioun tëscht FNCTTFEL an OGBL sënnvoll? (ee Gedanken)

D‘Eisebunnergewerkschaft FNCTTFEL – déi am Volleksmond de „Landesverband“ genannt gëtt

What the Fakt – Haut ass Games Day!

What the Fakt – Haut ass Games Day!

Et ass ee kuriéise Feierdag, ganz am Zeeche vun de Spiller, den a Groussbritannien gefeiert gëtt. Dat muss een zu Lëtzebuerg awer net dovun ofhalen, dëse spaassegen Dag och ze zelebréieren. Sief et Videospiller, Kaarten- oder Brietspiller, haut soll ee sech u sengem Liiblingsspill erfreeën.

A wouhier kënnt dëse Feierdag? Majo 1975 ass en duerch d’Gaming Convention vum britesche Spillerproduzent Games Workshop an d’Liewe geruff ginn. Am Ufank hat den Hiersteller sech hei op den Import a Verkaf vun US-amerikanesche Rollespiller spezialiséiert. Spéider war hien den éischten europäeschen Ubidder vum Pen&Paper Klassiker Dungeons and Dragons, och bekannt aus der Serie „The Big Band Theory“. Mëttlerweil läit hire Fokus méi um Sortiment vun Tabletop-Spiller an Accessoiren.

Um 20. Dezember 1975 konnt de Games Day, nodeems en des ëfteren ofgesot ginn ass, schlussendlech an der Seymor Hal statt fannen. Och haut gëtt dëse besonnesche Feierdag nach zelebréiert, wëll et déi éischt Feierlechkeet a Richtung Rollen- an Tabletop-Spiller a Groussbritannien war.

Wien sech et nach net denke kann, dem sief gesot, datt haut ausdrécklech drop higewise gëtt säi Liiblingsspill auszepaken an eleng oder mat Kollegen ee Gaming Owend ze organiséieren. Wéi oft huet ee schonn d’Geleeënheet dozou, sech an dëser Aart a Weis d’Zäit ze verdreiwen?

Majo ierger dech net!

Passend zu dësem Thema hu mir eis da gefrot, wat d’Geschicht hannert dem Klassiker „Mensch ärgere dich nicht“ ass. Am Ufank vum 20. Joerhonnert hunn déi däitsch Zaldoten am Éischte Weltkrich all Dag ëm hiert Liewe fäerte missen. Do ass all Geleeënheet zur Oflenkung wëllkomm gewiescht.

1907 huet de Josef Friedrich Schmidt aus engem Hutkartong a klengen, zu Figure geschnëtzten Holzklätz dat éischt Brietspill „Mensch ärgere dich nicht“ gestalt, an dat no enger Inspiratioun vum indesche Lafspill „Pachisi“. De Verkaf ass net esou gutt gelaf. Mee wéi den haitege Klassiker bis bei den Zaldote bekannt gouf, konnt de Schmidt stolz behaapten, datt hien et gepackt huet. Schonn 1920 hat méi wéi eng Millioun Mënschen d’Spill am däitsche Living stoen.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Brietspiller, Games Day, Gaming, Mensch ärgere dich nicht, Spill, The Big Band Theory, Videospiller, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel