Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi a wou d‘Kommunikatioun fir de Naturschutz sënnvoll ass
Kultur Neiegkeeten Stories

Wéi a wou d‘Kommunikatioun fir de Naturschutz sënnvoll ass

All Joer organiséieren d‘ASBL Natur an Ëmwelt, d‘Waasserwirtschaftsverwaltung, d‘Naturverwaltung an

surprise
Fir de Referendum a Katalounien
Kultur Neiegkeeten Stories

Fir de Referendum a Katalounien

Nom Enn vun der Franco-Diktatur, war ech der Meenung, datt

Garage Losch:  Ee Buch mat Symbolcharakter a Geschicht
Kultur Neiegkeeten Stories

Garage Losch: Ee Buch mat Symbolcharakter a Geschicht

Dës Woch war an der Garage Losch, am Showroom vun der

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht

D’Konscht setzt sech mat der Gestaltung aus de verschiddenste Materialen, mam Mëttel vun der Sprooch, diversen Aarbechtstechniken, der Natur an der Welt ausenaner. Als ästhetescht Wonnerwierk huet och si ee speziellen Dag verdéngt, den dëser kreativer Gestaltung seng Éier erweist.

De Begrëff Konscht beschreift allgemeng d’Resultat vu gezielte mënschlechen Aarbechten, déi sech op Wëssen, Übung, Perceptioun, Virstellung an Intuitioun bezéien an keng konkret Funktioun mussen hunn. Et ass ee Kulturproduit, deen aus engem kreative Prozess eraus entsteet. Um Enn vum Prozess steet dann d’Konschtwierk, woubäi säit der Moderne och d’Kreatioun selwer schonn als Konscht ugesi gëtt.

De Robert Filliou an de Gebuertsdag vun der Konscht

Dëse franséische Kënschtler, deen der neo-dadaistescher Bewegung an dem Fluxus ugehéiert huet, setzt fest, datt d’Konscht un engem 17. Januar 1.000.000 Joer al ginn ass. Wien elo denkt, datt hien eng kleng mat der Ratsch huet, soll sech an de Kontext vu senger Zäit zeréck versetzen.

D’Fluxusbewegung vun den 1960er Joer war revolutionär an huet d’Konscht an den Alldag verbonnen. Doduerch huet de Robert Filliou, a senger Aufgab als Kënschtler, d’Geschicht vun der Konscht mam Wierk „Whispered Art History“ ëmschriwwen. Den offiziellen Internetsite vum Gebuertsdag vun der Konscht ënnersträicht, datt virun 1 Millioun Joer een Onbekannten een dréchene Schwamm an een Eemer mat Waasser gehäit huet, a sech d’Konscht doduerch zu dem entwéckelt huet, wat se haut ass.

Bis zu sengem Dout am Joer 1987 huet de Kënschtler selwer dëse Gebuertsdag all Joer grouss gefeiert. De Gedanke gëtt awer och haut nach viru gefouert an ass zu enger Aart Traditioun ginn.

Konscht

Een immenst Potential mat grousser Villfalt

Mat der Zäit si weltwäit divers Konschtepochen entstanen. Heibäi handelt et sech am Allgemengen ëm Klassen, déi der Unuerdnung vun der Konscht déngen a sech op eng bestëmmten Zäit bezéien. De féierende Stil vum 19. an 20. Joerhonnert ass beispillsweis d’Moderne. Wärend dësen Epoche sinn awer och eng grouss Zuel u Stiler entstanen, déi charakteristesch Mierkmoler vun enger Generatioun oder enger Grupp opweisen.

Nieft dem Jugendstil, der Romantik, dem Impressionismus oder dem Realismus existéieren nach de Barock, d’Renaissance, déi gotesch Konscht, de Rokoko an divers aner Stiler. Sou huet sech d’Konscht am Laf vun der Zäit vu primitiven Hielemolereien an der Steenzäit, iwwert zweedimensional verzerrt Kierchebiller aus dem Mëttelalter bis hin zu abstrakter Molerei vun haut entwéckelt.

Generell bitt d’Konscht enormt Potential, souwuel fir deejéinegen, den ee Wierk schaaft, sou wéi och fir d’Welt, déi nieft dem ganze Misär artistesch Liichtblécker erliewen dierf. Konscht ass net just ee Begrëff oder ee Resultat. Et ass ee Prozess, deen Emotiounen ausdréckt, heele kann an d’Matmënschen zum staune bréngt, sief et op eng negativ oder positiv Aart a Weis.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Epochen, Fluxus, Impressionismus, Konscht, KOnschtstiler, Moderne, Robert Filliou, Rokoko, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel