Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

#TellEurope: Net all d‘EU-Spëtzekandidaten hunn Europa am Sënn
International Kultur google adsense on dating sites speed dating hollywood fl

south africa hook up site

Datt et iwwerhaapt Spëtzekandidate gëtt, wou dach de Bierger selwer

political dating uk
International Kultur google adsense on dating sites speed dating hollywood fl

Eng verpasste Chance fir de reelle soziale Fortschrëtt

En Juli ass um Krautmaart de Gesetzprojet 7311 gestëmmt ginn,

Sk8ing Girls: si loossen et zu Schëffleng rullen!
International Kultur google adsense on dating sites speed dating hollywood fl

Sk8ing Girls: si loossen et zu Schëffleng rullen!

Am Kader vum „Internationalen Daach vun de Meedercher“ organiséieren d‘Gemengen

What the Fakt – d’Gebuert vum Raiffeisen a säi Finanzmodell!

What the Fakt – d’Gebuert vum Raiffeisen a säi Finanzmodell!

Mat 38 Agencen am Grand-Duché gehéiert d’Raiffeisen-Bank och bei eis zu de beléiftste Kreditinstituter. D’Geschicht vun der Genossenschaftsbank ass allerdéngs de wéinegste Leit bekannt. Dës huet nämlech mam Friedrich Wilhelm Raiffeisen ugefaangen.

Als Papp vun der moderner Genossenschaftsiddi huet hie weltwäit Karriär gemaach, ouni jeemols seng Heemescht ze verloossen. Mat senger Iddi huet hien dobäi souwuel d’Liewen, wéi och d’Wiertschaft däitlech verbessert. Mam Prinzip vun der Solidaritéit an der Hëllef zur Selbsthëllef ka säi Modell och haut nach iwwert 1 Milliard zefridde Clienten ervirbréngen.

Um 30. Mäerz 1818 ass de Raiffeisen als siwent vun neng Kanner zu Hamm un der Sieg op d’Welt komm. Zu dëser Zäit sinn zuelräich Däitscher duerch Honger, Chômage a politesch Verfolgung emigréiert. Seng Kandheet ass doduerch vu Geldneit gepräägt, wouduerch och seng schoulesch Ausblidung net bezuelt konnt ginn. Esou ass him am Alter vu 17 Joer just nach de Militär bliwwen.

No aacht Joer am Déngscht huet hien duerch Aenproblemer de militäresche Beruff missen opginn. Am Joer 1845 ass de Friedrich zum Buergermeeschter vu Weyerbusch am Westerwald ernannt ginn an huet sech fir de Bau vu Schoulen an enger Strooss laanscht dem Rhein agesat. Ab dësem Moment wäErten d’Begrëffer Selbsthëllef, Selbstverantwortung a Selbstverwaltung säi Liewen bestëmmen.

Raiffeisen

De Raiffeisen ëm 1870

Brout fir d’Welt

Duerch Vulkanausbrëch ännert d’Klima an Europa, donieft bedreet d’Faule vu Gromperen d’Liewensmëttelpräisser. Vir dem entgéint ze wierke grënnt de Raiffeisen de „Weyerbuscher Brodverein“ fir esou Liewensmëttel ze verdeelen. Och a schwéieren Zäiten huet hien säin Prinzip net vergiess, wouduerch 1849 de „Flammersfeler Hülfsverein zur Unterstützung unbemittelter Landwirte“ entstanen ass. Esou konnten och Landwirte Kreditter kréien. Vir Däitschland sollt et den éischte Veräi mat Solidarhaftung sinn.

Als Buergermeeschter vun Heddesdorf (haut Neuwied) huet hien dëser Regioun beim Wuessen nogekuckt. Dobäi huet de Raiffeisen Kanner an Nout gehollef, sou wéi d’Bauere mam Kaf vu Véi ënnerstëtzt. Entloosse Prisonéier si vun him beschäftegt ginn a Bedierfteger kruten eng Kreditkeess gebaut.

Mir dréie weider Richtung Finanzen

Scho kuerz drop grënnt den engagéierte Mann, ouni et ze wëssen, déi éischt Genossenschaft fir Mikrokrediter. Ënnerstëtzung fënnt hien dobäi vum landwirtschaftleche Veräi fir Rhäinpreußen. A just als klengen Tëschestopp: Mëttlerweil sinn 22,6 Millioune Mënschen an Däitschaldn Member an der genannter Genossenschaft.

Och duerch säi Buch „Die Darlehenskassenvereine als Mittel zur Abhülfe der Noth der ländlichen Bevëlkerung, sowie auch der städtischen Handwerker und Arbeiter“ ënnersträicht de Raiffeisen säi Konzept an erlieft immense Succès! Schonn 1870 hunn an der Rhäinprovënz 75 esou Veräiner existéiert.

1874: D’Bank gëtt gebuer!

Veräiner sinn ab dësem Zäitpunkt finanziell vun der nei gegrënnter Däitscher Landwirtschaftlescher Generalbank ënnerstëtzt ginn. Mëttlerweil beschäftegt genau dëst Wiesen 187.000 Voll- an Deelzäitkräft an Däitschland. Mam Opbau vun der Landwirtschaftlescher Zentralkeess fir Däitschland entsti just zwee Joer drop zentral Ariichtunge fir Spuerveräiner an Darlehenskassenveräiner (haut Mikrokrediter) um nationalen Niveau.

Mat sengem Engagement hätt de Raiffeisen d’Éierendokterwierd vum Friedrich-Wilhelm-Universitéit zu Bonn erhale sollen. Kuerz virdrun ass hien allerdéngs um 11. Mäerz 1888 gestuerwen.

raiffeisen

Den ale Logo vun der Bank mat den zwee gekräizte Päerdskäpp

A Lëtzebuerg?

Nom Prinzip vum Raiffeisen ass am Joer 1925 déi éischt Kreditgenossenschaft zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn. Dobäi hunn d’Banke bis 2001 „Centrale des Caisses Raiffeisen luxembourgeoises“ geheescht, wat awer mëttlerweil einfach zu „Raiffeisenbank“ geännert ginn ass.

raiffeisen

De Modell huet eis wuel esou gefall datt emol keng 50 Joer méi spéit schonn iwwert 138 Keesen am ganze Land verdeelt waren. No an no hu sech déi zuelräich Raiffeisebank zesumme geschloss, fir esou dem Client héichwäerteg Déngschtleeschtungen ze offréieren.

Mat 38 Agencen an dem Guy Hoffmann als President vum Direktiounscomitée gehéiere si zu den Top-Banken am Grand-Duché.

Ähnlech Sujeten Bank, Friedrich Wilhelm Raiffeisen, Genossenschaftsbank, Raiffeisekees, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel