Editorial: Risegt NATO-Manöver soll de russesche Bier beandrocken
Haut fänken an Norwegen déi gréisste Militärmanöver zanter dem Enn
Haut fänken an Norwegen déi gréisste Militärmanöver zanter dem Enn
Och en Dënschdeg hu vill Katalanen sech dem Protest géint
Nom Erfolleg vum Internetsite „Smartwielen“ bei de Chamberwahlen 2018, wou
D’Queen Elizabeth II. feiert haut hiren 93. Gebuertsdag – a wat géif do besser passen, wéi eng Taass Téi? Wat fir déi eng just waarmt Waasser mat Goût ass, stellt sech fir d’Briten (dem Klischee no) als Liewenselexéier eraus. Op dofir, op dësem wichtege Gebuertsdag fir Groussbritannien, och de briteschen Dag vum Téi gefeiert gëtt?
Als éischt emol gi mir hin bei d’Kinnigin vum Vereente Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland. Scho säit iwwer 60 Joer, fir genau ze sinn säit si 1952 op den Troun komm ass, regéiert si hiert Räich an ass domat déi am längsten déngend Monarchin an der britescher Geschicht. A mat wat kéint een dës Damm anescht éieren wéi mat enger gudder Taass schwaarzem Téi?
© Joel Rouse /Ministry of Defence Derivative
Dat hu sech wuel och d’Initiateuren vum nationalen Éierendag geduecht. Viru knapp 3 Joer soll sech eng Gemeinschaft vun Téihaiser an Téifrënn zesumme gesat hunn, fir esou d’Téikultur am Land ze fërderen. Doriwwer hinaus ginn heibäi awer och eng Rei Organisatiounen, déi fir de gudden Zweck schaffen, ënnerstëtzt.
Méi zum Téi
Léisst een elo emol den Ice Tea op der Säit, sou kann ee mam waarme Gedrénks net nëmmen eppes fir seng Séil, mee och fir seng Gesondheet maachen. Donieft ginn et erstaunlech Fakten!
Vläicht feiert jo och Dir den Ouschterweekend mat enger gudder Taass Téi?