Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Potter-Fans opgepasst: Den Harry huet haut Gebuertsdag!
hook up snes rf switch

Potter-Fans opgepasst: Den Harry huet haut Gebuertsdag!

Bekannt ginn ass d’Figur Harry Potter duerch d’Fantasy-Roman-Rei vum J.

meetup dating sydney
hook up snes rf switch

speed dating faq

Zur Ofschafung vu Vergewaltegung als Krichswaff musse bewaffent Konflikter beend

geek
Den neie Star Wars Trailer weist vill Neies – A bréngt nei Froe mat sech!
hook up snes rf switch

Den neie Star Wars Trailer weist vill Neies – A bréngt nei Froe mat sech!

Am Dezember ass et sou wäit: Star Wars Episode VIII:

What the Fakt – De Papp vum Saxophon gouf virun 204 Joer gebuer

What the Fakt – De Papp vum Saxophon gouf virun 204 Joer gebuer

De Saxophon – een Instrument wat beim Jazz net ewech ze denken ass. Säin Erfanner, den Adolphe Sax, ass um 6. November 1814 gebuer ginn. Him verdanke mir déi grouss Beräicherung fir d’Musekswelt.

Vu klengem un war den Adolphe Antoine Joseph Sax begeeschtert vun Kompositioun an Instrumenter. Et wonnert een also net, datt de belsche Museker Flütt a Klarinett am Bréisseler Conservatoire studéiert huet. An awer huet him ee ganz bestëmmte Klang gefeelt, eng Mëschung tëschent Holz- a Blechblosinstrument.

Mat 26 Joer fänkt de Sax un, un engem neiaartegen Instrument ze schaffen. Kuerz drop kann hien den éischte Saxophon mat op Paräis huelen, wou d’Holzblosinstrument vum begeeschterten Hector Berlioz vermaart gëtt. Duerch de kräftege Klang an d’Kompatibilitéit mat engem Orchester, souwuel an engem Concertssall, wéi och bei Fräiloftconcerten huet de Saxophon ëmmer méi Succès kritt a vill nei Sponsoren ugezunn.

Saxophon

Adolphe Sax

Doduerch, datt de Papp vum Saxophon kee gudde Geschäftsmann war, sinn dauernd Schwieregkeeten opgetaucht an hie war oft kuerz virun der Faillite. Een Erfolleg vun him war awer, datt d’Militär säin Instrument bei hire Kapellen notze wollt. Doropshi konnt de Sax Coursen an der Museksschoul halen, e gouf zum Direkter vum Bühnenorchester vun der Paräisser Oper an huet sou als räiche Mann een zimlech gutt Liewe gefouert.

No der Nidderlag vum franséische Militär am Joer 1870 huet de Museksproff seng Platz verluer. Et gouf bemol keng Nofro méi un dësem Instrument a sou war hie schlussendlech Faillite.

The Golden Twenties: De Saxophon bléiht erëm op!

Mam Opkomme vun der Jazz-Musek an den 20er an 30er Joer konnt d’Holzblosinstrument en Opschwong erliewen. Mam immens variabele Klang an dem dynameschen Ëmfang ass de Saxophon dat perfekt Instrument fir de Swing an den Jazz. Virun allem de Saxophon Alt an Tenor ginn hei agesat, duerch hiren déiwe virbréirende Klang.

An de 40er Joer erlieft d’Instrument duerch d’Big-Bands grouss Beléiftheet. Déi typesch Bandkonstellatioun besteet hei aus zwee Alt-, zwee Tenor- an engem Baritonsaxophon. Duerch Museker, wéi dem Sidney Bechet, Charlie Parker oder Lester Young huet d’Instrument säin haitege Stellewäert an der Musekswelt kritt a gehéiert zu de beléiftsten Instrumenter.

Verschidde Formen – aner Kläng

Dem Adolphe Sax säi Museksinstrument ass hautdesdaags quasi ëmmer aus Messing. Trotz senger Kofferlegéierung un der Aussesäit geheéiert de Saxophon zur Grupp vun den Holzblosinstrumenter. Den Toun entsteet nämlech duerch ee schwéngend Rouerblat um Mondstéck, wéi beispillsweis bei der Klarinett.

Duerch verschidde Formen entsteet eng grouss Dynamik un Téin. Doduerch ginn et vill ënnerschiddlech Zorte vun dësem Instrument. Da wichtegst Kennzeechen ass nach ëmmer d’Längt vum Korpus. Generell kann ee soen, wat de Saxophon méi laang an no uewen hi gebéit ass, desto méi déif klengt d’Instrument. Déi typesch Modeller sinn hautdesdaags de Bass-, Alt, C-Melody-, Tenor- a Sopran-Saxophon. Donieft existéieren natierlech nach aner Aarten, déi vun engem besonnesch déiwe Subkontrabass bis hin zu engem immens héije Soprillo ginn.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Adolphe Sax, Bass, Jazz, Musék, Saxophon, Sopran, Swing, Tenor, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel