Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UN-Sécherheetsrot beschléisst humanitär Wafferou fir Syrien
International Kultur Neiegkeeten Sport Stories

UN-Sécherheetsrot beschléisst humanitär Wafferou fir Syrien

No iwwer 500 Doudeger a 7 Deeg am ëstleche Ghuta,

CGFP: Fir eng Reform vun de Reformen
International Kultur Neiegkeeten Sport Stories

CGFP: Fir eng Reform vun de Reformen

Um Méindegowend hat d‘CGFP zu senger 51. Konferenz vun de

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!
International Kultur Neiegkeeten Sport Stories

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!

Den 23. Juni 2016 ass schonn elo een Dag, den

What the Fakt – Den Chuck Norris feiert kee Gebuertsdag. De Gebuertsdag feiert hien!

What the Fakt – Den Chuck Norris feiert kee Gebuertsdag. De Gebuertsdag feiert hien!

Als Schauspiller ass den Chuck Norris, den haut säin 79. Gebuertsdag feiert, wuel ni esou erfollegräich gewiescht. Trotzdeem ass déi bärteg Trash-Ikon duerch déi legendär Chuck-Norris-Witzer weltwäit bekannt. Duerch den US-amerikaneschen Acteur a Karate-Weltmeeschter ginn déi stereotypesch Action-Rolle mat de staarken onbezwéngbaren Helde parodéiert a loossen de reale Mënsch ëmmer méi an den Hannergrond réckelen.

Booorn in the USA

Trotz de spannende Mythen ëm d’Ikon ginn et trotzdeem och reell Fakten iwwert den Chuck. Hien ass nämlech den 10. Mäerz 1940 zu Oklahoma an den USA gebuer ginn. Säi richtegen Numm ass iwwregens Carlos Ray Norros Junior. Natierlech war hien net den eenzege Bouf an der Famill: seng zwee méi jonk Bridder hunn d’Famill komplett gemaach. Wärend dem Vietnamkrich ass allerdéngs ee vun hinne gestuerwen.

Als Kand war hien net besonnesch sportlech an immens schei. Dat wäert och u senger schwiereger Liewenssituatioun geleeën hunn. Als jonke Bouf vun 10 Joer huet den alkoholsüchtege Papp d’Famill nämlech verlooss. Nodeems d’Mamm mat hiren zwee Kanner a Kalifornien geplënnert ass, hat de Misär fir de Jong nach ëmmer keen Enn an esou ass hien duerch seng Ofstamung gemobbt ginn.

Nodeems hien d’Schoul ofgeschloss huet a knapp volljäreg war, huet den Chuck Norris sech entscheet bei d’United States Air Force ze goen an als Militärpolizist a Korea ze schaffen. Hei huet hien och säi Spëtznumm „Chuck“ erhalen. Et war och genau déi Zäit, an der hien ugefaangen huet sech fir asiatesche Kampfsport, virun allem Tang Soo Do ze interesséieren an a Coursen ze goen.

Nodeems hien nees an d’USA zeréckgaangen ass, huet de jonke Mann seng eege Karateschoul gegrënnt, an der hien och ënnert anerem prominent Leit, wéi den Steve McQueen oder de Michael Landon trainéiert huet. Am Joer 1968 konnt hien déi éischte Kéier säi Weltmeeschtertitel am Mëttelgewiicht vum Karate feieren. Dobäi muss een och kloerstellen, datt hien den éischte Mann ausserhalb vu Fernost war, den de Schwaarze Gurt am Taekwondo erhalen huet. Am Alter vun nëmme 34 Joer konnt den Norris schonn 32 Karateschoulen seng Eegen nennen, divers Auszeechnungen a Präisser hunn de Sportler ëmmer méi bekannt gemaach. Schliisslech ass och Hollywood ob seng Kampfsportfäegkeeten opmierksam ginn.

Chuck Norris

Den Chuck Norris mam Bruce Lee © Célio

Vun der Karateschoul an de Kino

Mir all kennen den Chuck Norris aus senger Roll an „Die Todeskralle schlägt wieder zu“, an der hie géint de Bruce Lee kämpft a wärend dem Dréi wichteg Filmerfarung sammelt. Weider Dréiaarbechten hunn de Kampfsportler ëmmer méi an d’Roll vum Acteur gedréckt an esou krut hien 1977 seng éischt Haaptroll an enger amerikanescher Produktioun. Bei „Breaker! Breaker!“ hunn d’Produzente méi Wäert op seng sportlech Kämpf, wéi lyresch Dialoger gesat.

Weider Rollen an Offere sinn nokomm an hunn dem Norris säi Succès ëmmer weider gesteigert. Esou ass hie mëttlerweil an diverse Filmer ze gesinn. Mat dobäi gehéiere beispillsweis „McQuade“ (1983), „Hitman“ (1991) oder „Voll auf die Nüsse“ (2004).

Et wësse vläicht déi wéinegst, mee och als Auteur huet hie sech immens dru ginn. Nom Buch „Winning Tournament Karate“ (1975) huet hien 8 Joer drop seng Autobiografie mam Titel „The Secret of Inner Strength“ verëffentlecht. No enger Suite vun dësem Wierk am Joer 1997 ass 2004 seng zweet Autobiografie erauskomm.

Chuck Norris

Den Chuck Norris am Film „Delta Force“, 1986 © Tomer T

D’Entstoe vun den Chuck-Norris-Facts

Säit geraumer Zäit kurséieren divers witzeg Spréch iwwert den amerikanesche Schauspiller, déi seng Kraaft besonnesch ervir hiewen, am Internet. Erfonnt huet dësen Trend een amerikaneschen Teenager. Am Joer 2005 huet den Ian Spector een Niewenjob gesicht. Anescht wéi seng Kollegen, wollt hien allerdéngs net d’Wiss méinen oder Flyere verdeelen. Esou huet hie seng eege Firma gegrënnt, déi Servere fir aner Entreprisen zur Verfügung stellt an hir Internetadresse verwalt.

Enges Dages entdeckt de Student een Internetforum, an deem sech d’User iwwert de Schauspiller Vin Diesel lëschteg maachen. Heibäi goufe witzeg „Fakten“ erstallt, wéi mir se mëttlerweil eigentlech vum Chuck Norris kennen – an dësem Fall awer iwwert de Vin Diesel. Nodeems den Ian Spector eege Spréch eropgelueden hat, konnt hie schonn no wéinege Stonnen 10.000 Mënsche begeeschteren.

Et war am selwechten Internetportal, wou de Student d’User gefrot huet, wien als nächst op d’Schëpp geholl sollt ginn. Zur Auswiel stoungen ënnert anerem d’Lindsey Lohan, de Samuel L. Jackson oder den Dick Cheney. Gewonnen huet hei awer ganz kloer den Chuck Norris! Just e puer Méint méi spéit gouf de Spector vun engem Verlag kontaktéiert. Si hu wuel esou ee grousse Gefalen un de „Fakte“ fonnt a sech een Eck ewech gelaacht, datt am November 2007 d’Buch „The Truth About Chuck Norris: 400 Facts About the World’s Greatest Human“ erauskomm ass. An domat huet de jonke Kärel et net nëmmen op d’Bestsellerlëscht vun der New York Times gepackt, hie konnt och nach dräi weider Editiounen op de Maart bréngen a Milliounen Exemplaire verkafen. Mat dësem immense Succès hätt wuel kee gerechent!

Eng kleng Auswiel

  • Den Chuck Norris huet bis an d’Onendlechkeet gezielt, an dat souguer 2 Mol.
  • Den Chuck Norris kann ee Feier entfachen, andeems hien zwee Äiswierfelen unenee reift.
  • Verschidde Leit kënne vill Pompele maachen – den Chuck Norris kann se all maachen.
  • Den Chuck Norris kann een Happy Meal zum kräische bréngen.
  • Och den Chuck Norris huet als Kand Sandbuerge gebaut – haut och als Pyramide bekannt.

  • De Voldemort nennt den Chuck Norris „Du-weess-scho-wien“.
  • Den Chuck Norris schléift net – hien waart.
  • Den Chuck Norris raséiert sech net – hie schläift d’Messer u sengem Baart.
  • Den Chuck Norris ësst keen Hunneg – hie knat Beien.
  • Den Chuck Norris kann Dréidieren zouknuppen.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Bruce Lee, Chuck Norris, Chuck-Norris-Fakten, Gebuertsdag, Kampfsport, Karate, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel