Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Katalounien: De Separatisteleader Puidgemont gëtt op
International Kultur https://moien.lu/is-plenty-of-fish-a-legit-dating-site/ https://moien.lu/dating-sites-for-over-60s-free/

dating sites ranchers

No villem Hin an Hier, mee och sécherlech fir Neiwahlen

Washington verlaangt vun Ankara Garantie fir d‘Kurden
International Kultur https://moien.lu/is-plenty-of-fish-a-legit-dating-site/ https://moien.lu/dating-sites-for-over-60s-free/

Washington verlaangt vun Ankara Garantie fir d‘Kurden

E Freideg hat den US-Ausseminister Mike Pompeo de syresche Kurde

Rekordverdächteg Legislaturperiod um Krautmaart
International Kultur https://moien.lu/is-plenty-of-fish-a-legit-dating-site/ https://moien.lu/dating-sites-for-over-60s-free/

Rekordverdächteg Legislaturperiod um Krautmaart

Déi (bal) ofgeschlosse Legislaturperiod war villes, mee mat Sécherheet net

What the Fakt – De Gebuertsdag vum Anne Frank

What the Fakt – De Gebuertsdag vum Anne Frank

Bal keen anert Holocaust-Affer ass esou bekannt wéi hatt: D’Anne Frank huet zur Zäit vum Nationalsozialismus an der Juddeverfolgung säi schockéierend éierlecht, an nach ëmmer bekannt Tagebuch geschriwwen. Haut hätt d’Anne säin 90. Gebuertsdag feiere kënnen. Kuerz virum Enn vum Krich ass hatt allerdéngs am Konzentratiounslager, zesumme mat dausenden anere Judde gestuerwen. Eleng de Papp konnt iwwerliewen.

Um 12. Juni 1929 ass d’Anne Frank zu Frankfurt am Main op d’Welt komm. Zesumme mat sengen Elteren, dem jüddesche Bänker Otto Frank an der Mamm Edith Frank-Holländer, ass d’Famill 1933 an Holland emigréiert, nodeems den Hitler un d’Muecht komm ass. Zu Amsterdam konnt dat jonkt Meedchen eng éischt Zäit ouni Angscht opwuessen, d’Sprooch léieren, an d’Schoul goen.

Anne Frank

D’Anne Frank am Joer 1940

Knapp 7 Joer drop ass och dat neutraalt Holland vun den Nationalsozialiste besat ginn, wouduerch sech d’Liewe vun de Judde fir ëmmer verännere sollt. Weder Vëlo, nach mam Tram duerft hatt nach fueren, dozou koum de Juddestär, deen een droe misst. Fir dat mëttlerweil 11 Joer jonkt Meedchen a seng Famill ass et zu dësem Zäitpunkt leider keng Fluchtméiglechkeet méi ginn. No zwee Joer voller Angscht an dem Ufank vun den Deportatiounen huet sech d’Famill schliisslech bei Frënn am Haus un der Prinsengracht 263 verstoppt. Op enkstem Raum hunn déi insgesamt 8 Mënschen iwwer zwee Joer zesumme gelieft, gefaart an awer och gelaacht.

Seng Gefiller a Gedanken, Erliefnisser a Virstellungen konnt d’Anne schliisslech a säin Tagebuch „Kitty“ schreiwen, dat hatt u sengem Gebuertsdag geschenkt kritt huet. Um 9. Oktober 1942 schreift hatt: „Eis jüddesch Frënn a Bekannte ginn a Masse fortgefouert. Si ginn a Véiween gelueden an, an d’Juddelager Westerbork bruecht. Westerbork muss grujeleg sinn.“

Anne Frank

D’Haus un der Prinsengracht zu Amsterdam © Massimo Catarinella

Um 4. August 1944 ass d’Verstopp entdeckt ginn, d’Nazien hunn déi 8 Judden an dat nooste Lager bruecht, ier si schliisslech an d’Vernichtungslager Auschwitz komm sinn. Trotz grousser Hoffnung nach fräi ze kommen – doduerch datt déi däitsch Arméi kuerz virun der Nidderlag stoung – huet d’Anne a seng Schwester Margot Typhus kritt. Beid Schwesteren sinn kuerz noeneen am Mäerz 1945 am Lager un dëser Krankheet gestuerwen.

Als eenzegen Iwwerliewenden ass de Papp Otto Frank nees zeréck an Holland bei déi couragéiert Leit gaangen, déi d’Famill verstoppt huet. Hei ass och d’Tagebuch vum Anne sécher verstaut ginn, sou datt de Papp sengem Meedchen seng Opzeechnung verëffentleche konnt. Als éierlecht Wierk aus der Siicht vun engem jonke jüddesche Meedche gëllt dëst Buch nach ëmmer als wichteg Erënnerung un dat gréisste mënschlecht Verbriechen.

D’Tagebuch ass bis ewell op 55 Sproochen iwwersat ginn. Viru genau 10 Joer huet d’UNESCO d’Wierk an d’Weltdokumentenerbe opgeholl. Mëttlerweil existéiert zu Berlin souguer een Anne-Frank-Zentrum, dat als Partnerorganisatioun vum Anne-Frank-Haus zu Amsterdam gëllt. Zil ass et esou déi nationalsozialistesch grausam Doten als Warnung bewosst an Erënnerung ze behalen. Donieft setzt ee sech hei immens vill fir Toleranz a Vëlkerverständegung an.

Anne Frank

Ähnlech Sujeten Amsterdam, Anne Frank, Auschiwtz, Holocaust, Nationalsozialismus, Otto Frank, Tagebuch, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel