Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europäesch Mobilitéitswoch 2019: Wat steet um Programm?
International Kultur Neiegkeeten Stories

Europäesch Mobilitéitswoch 2019: Wat steet um Programm?

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, déi vum 16. bis

Däitschland: SPD virum Ofgrond
International Kultur Neiegkeeten Stories

Däitschland: SPD virum Ofgrond

Si hunn et schwéier d‘Sozialdemokraten an Däitschland, an d‘Sondagen si

money
De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn
International Kultur Neiegkeeten Stories

De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn

Um Dënschdeg huet de Pëtrolspräis nees ugezunn, wéi den amerikanesche

What the Fakt – Ee Gebuertsdagsständchen vum Marilyn Monroe

„Happy Birthday Mister President....“

What the Fakt – Ee Gebuertsdagsständchen vum Marilyn Monroe

Mam sënnlechen Optrëtt no der Gebuertsdagsgala fir den US-President John F. Kennedy krute mir dat lescht Lidd vun der Ikon Marilyn Monroe gesongen. Mee eigentlech war d’Filmikon a Sexsymbol vum 20. Joerhonnert ganzer 10 Deeg ze fréi drun.

Dës puer Minutte gehéiere wuel zu de legendäerste Momenter am Showbusiness an der amerikanescher Politik. Mat senge 36 Joer, verpak an engem hautfaarwege Kleed aus Seid, gerëscht mat 2500 Steng an Hermelinstola ëm d’Schëllere schreit d’Ikon op den Talekeschong lues iwwert d’Bühn, ier d’Marilyn widder de Mikro tippt an d’Schëllerbedeckung fale léisst. Do war de Publikum, deen aus 15.000 Demokraten, räiche Leit a Promie bestanen huet, schonn an d’Schweesse komm, mee et sollt nach net de sënnlechste Moment vum Owend sinn.

Am Joer 1962 huet den US-amerikanesche President John F. Kennedy geheescht. Säi Gebuertsdag wier eigentlech um 29. Mee, mee wien muss da schonn de Kalenner respektéieren?! Dofir huet déi dat blond Sexsymbol d’Feier am Madison Square Garden zu New York genotzt fir op eng ganz perséinlech Aart a Weis ze wënschen. Bréngt dat da keen Ongléck?

Am duerchsiichteg wierkende Kleed steet déi US-amerikanesch Schauspillerin, Sängerin, Fotomodell a Filmproduzentin do an haucht lues „Happy Birthday, Mister President“ an de Mikro, bal wéi wann hatt dem Kennedy et doheem an der Schlofkummer an d’Ouer géif hauchen. Fir béid Berühmtheete sollt et allerdéngs ee vun de leschte „schaarfe Momenter“ an hirem Liewe ginn.

Mythen ëm zwou Legenden

Um 5. August 1962 huet een d’Marilyn Monroe nämlech dout a sengem Haus zu Los Angeles fonnt. Déi offiziell Versioun beseet, datt d’Schauspillerin sech mat engem Gemësch aus Schlofpëllen d’Liewe geholl hätt. Et existéieren allerdéngs eng Rei aner Theorien, bei deenen oft dat intiimt Verhältnis zum US-President ernimmt gëtt. Déi genau Ëmstänn vum Dout si bis haut nach net bekannt.

Marilyn

Mee och den John F. Kennedy sollt net vill méi laang verschount bleiwen. Um 22. November 1963 ass de 55 Joer ale President bei enger Wahlkampfrees zu Dallas (Texas) erschoss ginn. D’Kugele vun engem Gewier hunn hie bei enger Faart am oppene Gefier duerch d’Stad getraff an déidlech blesséiert. Direkt festgeholl ginn ass de Verdächtege Lee Harvey Oswald, dee kuerz viru senger Iwwerféierung an d’Staatsgefängnis selwer erschoss ginn ass.

Marilyn

Fir d’Opklärung vum Attentat ass déi sougenannt Warren-Kommissioun beoptraagt ginn, déi zum Entschloss komm ass, datt den Oswald den eenzegen Täter wier. Allerdéngs ass spéider erauskomm, datt den FBI, CIA an de Secret Service wichteg Informatioune virun der Kommissioun geheim gehalen hunn. Och dëst Rätsel konnt bis haut net ouni Zweiwel geléist ginn.

Opmaacherbild: © John F. Kennedy Presidential Library

Ähnlech Sujeten Attentat, Dallas, Happy Birthday, John F. Kennedy, Marilyn Monroe, Sexsymbol, Suizid, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel