Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De Präis fir e Liewen: 2 Milliounen US-Dollar!
International alabama dating culture site dating casatoriti

dating sites asking for itunes card

Kleng Kanner déi u spinaler Muskelatrophie leide kann elo an

dating separated friends
International alabama dating culture site dating casatoriti

Ab dësem Joer kann een sech online an d’Wielerlëschten androen

Dat huet den Dan Kersch (DP), Minister vum Ëffentlechen Déngscht an

Sozialwahlen 2019: den OGBL wëll den Doublé
International alabama dating culture site dating casatoriti

Sozialwahlen 2019: den OGBL wëll den Doublé

Si ass ënnert de Gewerkschaften déi onbestridden Nummer 1, an

What the Fakt – A Gedenken un d’Opfer vum Nationalsozialismus

What the Fakt – A Gedenken un d’Opfer vum Nationalsozialismus

Um 27. Januar 1945 war et déi Rout Arméi, déi dat gréisst Konzentratiounslager vum nationalsozialistesche Vëlkermord, fir genau ze sinn d’Lager vun Auschwitz-Birkenau, befreit huet. Säit 1996 ass dësen Akt an Däitschland zum nationale Feierdag ginn. Am Joer 2005 ass heirauser den internationale Gedenkdag fir d’Opfer vum Nationalsozialismus entstanen.

Am Oktober 1939 hat den Adolf Hitler säin Accord zur Ermordung a Vergasung vu Millioune Mënschen, déi net der arescher Rass entsprach hunn, ginn. Zesumme mat verschiddenen Dokteren a Persounen aus dem Fleegeberäich hunn si, ënnert dem Numm T4 (d’Zentral vun der Organisatioun war an der Berliner Tiergartenstraße 4), de systematesche Massemord u Mënschen, déi an hiren Aen net liewenswäert sinn – dorënner virun allem Judden – geplangt.

Mat Hëllef vu Medikamenter a Gëftsprëtzen si bis 1941 ronn 70.000 Leit an de Lageren ëmbruecht ginn. Am selwechte Joer huet den Hitler schliisslech den offiziellen „Euthanasieprogramm“ opgestallt, wouduerch an Europa bis zum Enn vum Krich gutt 300.000 Mënschen dëser „Euthanasie“ zum opfer gefale sinn. De genaue Projet huet misse geheim gehale ginn, fir datt de Bau vun de Gaskummeren an de Kelleren tëschent de Bunkeren an anere Gebaier no Plang konnt verlafen.

Holocaust

Auschwitz-Birkenau

D’Selektioun no Liewen an Dout

Wien mam Zuch an d’Lager vun Auschwitz-Birkenau komm ass, huet enger Selektioun duerch SS-Dokteren ënnerlafen. Sou goufe fir d’éischt Fraen a Kanner vun de Männer getrennt. Uschléissend koumen déi Deportéiert op eng Ramp: déi riets Säit huet dat virleefegt Iwwerliewen als Aarbechtssklav bedeit, lénks den Dout an der Gaskummer. Bei dëse schonn onmënschleche Konditiounen hunn d’Nationalsozialisten dunn nach hir Experimenter gestart, fir datt d’Vernichtung nach méi schnell viru goe soll.

Holocaust

Auschwitz-Birkenau

Sou hu si an hirer Mordfabrik mat Motorofgasen,, Kohlenmonoxyd oder Zyklon B, engem Mëttel zur Schiedlingsbekämpfung, hantéiert an, an insgesamt 7 Gaskummere reegelméisseg déi Deportéiert ëmbruecht. Déi, als Dusch getarnte Raim, waren awer ni gläichzäiteg a Betrib. Fir d’éischt hunn d’Prisonéier sech misse vun hirer Kleedung befreien, ier hiren ënnerernierte Kierper dem Blosaier-Gas ausgesat ginn ass. Uschléissend sinn d’Kéip u liewlose Kierperen am Krematorium verbrannt ginn. Sou sinn ronn 4.000 Mënschen all Dag an der „Doudesfug“ gelant.

Wat iwwereg bliwwen ass

Den Dag vun der Befreiung beschreift de Bataillonskommandeur Andy Shapiro folgendermoossen: „D’Krematorie waren nach waarm. Duerch de Wand ware mir mat Äsche bedeckt, de Schnéi war schwaarz.“ Déi sowjetesch Arméi huet ee grausamt Bild un däitschem Haass a Grëndlechkeet virfonnt: 348.820 Härekostümer, 836.255 Dammekleeder a Mäntel, Bierger u Kannerkleedung Brëllen a Protheese sinn a verschiddenen Zëmmere verstoppt ginn. An insgesamt 298 Säck sinn d’Hoer vun de Frae gesammelt ginn, déi uschléissend hätte sollen zu Industriefilz verschafft ginn.

Holocaust

Bierger u Protheesen, Kleedung, Hoer – alles wat vum Mënsch iwwerech bliwwen ass

Masseweis perséinlech Géigestänn sinn zeréckbliwwen – Réckstänn vu ville Liewen.

Den nationale Gedenkdag

Am Januar 1996 huet sech den deemoleger Bundespresident Roman Herzog un d’Vollek gewend mat engem kloren Appell „D’Erënnerung dierf net verschwannen; se muss och zukünfteg Generatiounen zur Wuechtsamkeet mahnen“. Mat dëse Wierder ass de 27. Januar zum zentrale Gedenkdag un d’Holocaust-Opfer ginn. Am Joer 2005 huet d’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen heiraus een internationalen Dag a Gedenken un d’Opfer vum Nationalsozialismus gemaach.

An elo?

Antisemitismus gehéiert nach ëmmer zu de gréisste Virurteelskomplexer, géigeniwwer vun anere Mënschen. Den Historiker Robert Wistrich erkläert et souguer als längsten, eelsten Haass („the longest hatred“). Déi fréisten Usätz dovunner fënnt een am Neien Testament, wou d’Judden als Christusmärder veruerteelt ginn. An och haut nach gëtt et ëmmer erëm Fäll vu Feindlechkeet géint de Juddentum.

Sou hu beispillsweis Enn Juni 2006 Sachsen-Anhalt Jugendlecher Exemplarer vum „Tagebuch der Anne Frank“ ëffentlech verbrannt, an dat zur „Sonnenwendfeier“. Dräi Joer drop ginn d’Käerzen a Kränz, bei enger ehemooleger Synagog zu Frankfurt, a Gedenken un den Novemberpogrom vun 1938 op d’Strooss gehäit. D’Police gëtt hei mat „Sieg Heil“ begréisst. Weltwäit gi Mauere mat Hakekräizer beschmiert, ganz Gruppen u Skinheads ginn aggressiv géigeniwwer vu Judden. 2011 huet de Stardesigner John Galliano, duerch rassistesch Bemierkungen an engem Café, seng Plaz bei der Luxusmark Dior verluer.

Virum Ausbroch vum Zweete Weltkrich hunn ronn 4.000 Judden zu Lëtzebuerg gewunnt. Momentan kann een der nach 600 zielen. Am Joer 1959 huet de Grand-Duché ronn 18 Millioune Mark vun Däitschland kritt, als „Entschiedegung“ fir seng jüddesch Bierger. Ronn 15 Minutte vun der Haaptsynagog ewech, déi vun Nazien zerstéiert an 1953 nees nei opgebaut ginn ass, fënnt een d’Boulangerie Philip. Als eenzeg koschert Liewensmëttelgeschäft versuergen déi Zoustänneg 30 jüddesch Famillje mat Matzekniddelzoppen, Chanukkakäerzen a koscherem Fleesch.

Opmaacherbild: Yad Vashem – dat offiziellt Denkmal fir d’Opfer vum Holocaust © Israeleschen tourismusministère

Quellen:

Ähnlech Sujeten Antisemitismus, Auschwitz, Haass, Hitler, Holocaust, Juddentum, Konzentrationslager, Nationalsozialismus, Vergasung, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel