Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Pirate mat Zouversiicht um Wee an d’Gemengewahlen
International Neiegkeeten red flags in dating online

dating guys in usa

De Landeskongress vun der Piratepartei Stong voll an ganz am

Nëmmen di Bescht packen eise Groussregioun-Quiz!
International Neiegkeeten red flags in dating online

Nëmmen di Bescht packen eise Groussregioun-Quiz!

D’Groussregioun wiisst ëmmer méi. Net nëmme, wat d’Regiounen ugeet, mee

Bréngt Fleeschverzicht der Ëmwelt wierklech eppes?
International Neiegkeeten red flags in dating online

Bréngt Fleeschverzicht der Ëmwelt wierklech eppes?

Un enger Modellrechnung hunn US-amerikanesch Fuerscher elo berechent, wat de

What the Fakt – Gedenken un iwwer 68 Millioune Flüchtlingen

What the Fakt – Gedenken un iwwer 68 Millioune Flüchtlingen

Säit dem Joer 2001 gëtt all Joer um 20. Juni de Weltflüchtlingsdag begaangen. Heibäi gi genau déi Persounen ervir gehuewen, déi gezwongenermoossen hir Heemecht verloosse mussen. Mat vill Courage, Stäerkt awer och Angscht maachen si sech op eng laang, an och oft geféierlech Rees fir ee bessert Liewen.

Fir eng aller éischte Kéier war et de Poopst Benedikt XV, deen 1914, zur Zäit vum Éischte Weltkrich, mam Dekret Ethnografica Studia zum Gedenkdag vu Migranten a Flüchtlingen opgeruff. Zuelräich Länner hunn dësen Éierendag oprecht erhalen, wouduerch de Weltflüchtlingsdag schliisslech um 4. Dezember 2000 vun de Vereenten Natiounen offiziell an international op den 20. Juni festgeluecht ginn ass.

Geet een der UN Agence fir Flüchtlingen (UNHCR) no, da si weltwäit méi wéi 68 Millioune Mënschen op der Flucht, wann net souguer vill méi. Besonnesch dramatesch sinn dës Zuelen, wëll säit dem Zweete Weltkrich net méi esou vill Leit op der Flucht waren.

Dobäi probéiere si viru gewaltsame Konflikter, Mënscherechtsverletzungen oder och viru politescher, ethnescher a reliéiser Verfolgung dervun ze kommen. Duerch de Klimawandel kënnt elo ee weidere Grond dobäi: Duerch extrem Naturereegnisser ass et de Mënschen oft net méi méiglech, an hirer Heemecht ze bleiwen.

Flüchtlingen

Traureg Rekorder

Um Weltflüchtlingsdag verëffentlecht d’UNHCR déi global Flüchtlingszuelen. Leider stellt een fest, datt Gewalt, Verfolgung a Mënscherechtsverletzungen a ville Regiounen den zu extrem steigenden Zuele gefouert hunn. Wat och oft vergiess gëtt ass, datt hannert all Gesicht vun dëse ville Millioune Mënschen eng Geschicht vu Verloscht, Courage an Hoffnung op Besserung stécht.

Folgend Zuelen si bei der leschter Statistik erauskomm:

  • 68,5 Millioune Mënsche sinn op der Flucht (40 Millioune Banneverdriwwener; 25,4 Millioune Flüchtlingen; 3,1 Milliounen Asylsichender)
  • 85% vun de Flüchtlinge sinn an Entwécklungslänner opgeholl ginn
  • D’Tierkei huet 3,5 Millioune Flüchtlingen opgeholl, de Pakistan an Uganda 1,4 Milliounen, de Libanon 1 Millioun an déi islamesch Republik Iran 979.400
  • 57% kommen aus just dräi Länner (Südsudan, Afghanistan, Syrien)
  • 10 Millioune Persoune sinn staatelos
  • 44.4000 Mënsche mussen duerchschnëttlech pro Dag hir Heemecht zeréck loossen

Flüchtlingen

De Grand-Duché ass bei de Statistike vun der UNHCR net abezu ginn. Fir eis Nopeschlänner huet d’Situatioun am vergaangene Joer awer esou ausgesinn:

  • An Däitschland sinn insgesamt 1.447.900 Persoune concernéiert. Dovun zielen der 1.063.837 zu Refugiéen, 369.284 zu den Asyl-Sichenden an 14.799 als Staatenlos.
  • Frankräich huet am Ganze 458.919 concernéiert Persounen am Land, déi sech an 368.352 Refugiéen, 89.074 Asyl-Sichender an 1.493 staatelos Persounen opdeelen.
  • D’Belsch zielt 69.413 concernéiert Persounen, wouvun der 42.168 Refugiée, 19.550 Asyl-Sichender an 7.695 Staatelos sinn.

Als Refugié gëtt all Persoun, déi vun der Konventioun zum Status vum Refugié aus dem Joer 1951, sengem Protokoll vun 1967, der OAU Konventioun an der UNHCR och als Solchen ugesi gëtt. Si kréien zousätzlech Schutzformen ugebueden oder kënne vum temporäre Schutz profitéieren. Säit 2007 gëllt och all Persoun als Refugié, déi an esou enger Flucht-Situatioun ass.

Eng Persoun, déi no Asyl sicht krut de Status vum Refugié nach net unerkannt, freet awer no internationalem Schutz. Als Staatenlos gëllt all Persoun, déi keng Nationalitéit vun iergendem Staat huet a soumat keng Staatsugehéieregkeet huet.

Flüchtlingen

Flüchtlingskanner aus Syrien, August 2013 © DFID

Wéi leeft dat zu Lëtzebuerg of?

Kënnt ee Flüchtling zu Lëtzebuerg, beispillsweis beim Roude Kräiz un, esou kann hien am Éischtopfaangzentrum wärend der éischter Woch wunnen. Personal steet hinne bei wichtegen Informatiounen an d’Besich bei den Autoritéiten zur Verfügung. Donieft gëllt dës Plaz och als provisoresch Ënnerkonft fir all Persoun, déi ausserhalb vun den normalen Ëffnungszäiten ukënnt an doduerch keng Méiglechkeet hat, eng Ufro ze stellen.

Jee no Unzuel u fräie Plaze kann een och schonn emol 4 bis 6 Wochen am Zentrum bleiwen, ier et da weider beim Office Luxembourgois de l’Accueil et de l’Intégration (OLAI) geet. All Muere kréien si zudeem d’Méiglechkeet Erklärungen an Iwwersetzunge fir hir Post an Erklärungen zu den administrative Schrëtt ze kréien, praktesch Informatiounen (z.B. Adressen, Buslinnen,…), logistesch Froen (z.B. Wunnen, Kleedung,…), Detailer zum Schoulsystem an Formatioune fir Erwuessener, sou wéi Informatiounen zum Lëtzebuerger Gesondheetssystem.

Am sozial-pedagogesche BeRäich gëtt probéiert d’Bewunner ze beschäftegen, si op aner Gedanken ze bréngen, a verschidde Fäegkeeten (z.B. D’Sprooch) bäizebréngen. Donieft ginn et awer och divers aner Fräizäitaktivitéiten, déi vu Sport, iwwer Informatiounssitzungen, bis hin zu Ausflich reechen.

Jiddwereen huet d’Recht, an engem anere Land viru Verfolgung Asyl ze sichen an ze genéissen“Artikel 14 vun der Allgemenger Erklärung vun de Mënscherechter vun de Vereenten Natiounen

Ähnlech Sujeten Flüchtlingshëllef, OLAI, Refugiéën, Rout Kräiz, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel