Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘Vereenegung vun de Banke a Banquiere gesäit de Secteur an Nout
Auto Neiegkeeten

D‘Vereenegung vun de Banke a Banquiere gesäit de Secteur an Nout

D‘ABBL, eng vun den Aflossräichste Patronatsvertriedungen zu Lëtzebuerg, stellt dréche

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!
Auto Neiegkeeten

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!

De Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet bei der

Rendez-vous mat Äisbieren
Auto Neiegkeeten

Rendez-vous mat Äisbieren

D’Lëtzebuerger Fotografin Eilo Elvinger huet 2017 zu London bei de

What the Fakt – Gëff-dengem-Auto-een-Numm-Dag

What the Fakt – Gëff-dengem-Auto-een-Numm-Dag

Huet ären Auto een Numm? Bei de kuriose Feierdeeg ass haut nämlech den amerikaneschen Name-Your-Car-Dag. Eng witzeg Geleeënheet fir eppes iwwert d’Geschicht vun dësem ongewéinleche „Feierdag“ kennen ze léieren a vläicht och iwwert är eege Kreativitéit?

Wéi dëse komeschen Dag zu Stand komm ass, ass wéi ëmmer erëm onbekannt. Gewosst ass awer, datt mir vill Zäit an eisem Auto verbréngen och wa jo mëttlerweil ökologesch gesinn éischter zu anere Fortbeweegungsmëttel gerode gëtt.

Mee den Auto déngt net nëmmen dozou, eis vun A no B ze bréngen. Hautdesdaags ass en och Statussymbol, kompenséiert déi net virhande Frëndin oder eng aner Saach aus, an bitt d’Lokatioun fir fantastesch Gesang-Optrëtter vum Chauffeur.

Dobäi kënnt, datt de Mënsch d’Ugewunnecht huet, allem wat ëm no steet een Numm ze ginn. Sou gëtt een einfache Géigestand op den Niveau vun engem Liewewiesen erhuewen. Et ass also net verwonnerlech, datt den Auto scho bal zu engem Frënd oder Familljemember gëtt, wou een jo sou vill Zäit mat ëm verbréngt an op säi Schutz ugewisen ass.

Zu dësem extraen Dag hunn mir eis och mol hei am Gebai emfrot, wien sengem Gefier een Numm ginn huet a wa jo, wéien.

Eiser Schreifmaschinn, dem Kléi säin deemolegen Trabi huet Titus geheescht, seng Fra huet een Jaacki an d’Mady Lutgen vu maddi.lu hat ee Sarah. Weider goung et da mat Mataarbechter, déi ëm einfach de Modell als Numm ginn oder den Numm vum Virbesëtzer. Och Karetta oder Schatzi waren zimlech beléift. De Golf GTI vun eisem Nopere vu Mix Voip huet den Numm Heinrich.

Mee och ganz ausgefalen Nimm wéi Grousse Laangen (een Audi A6 mat Kennzeechne GL) oder eisem Korrespondent, dem Laurent säi Laguna Matata, fir ee Renault Laguna sinn bei der Ëmfro erauskomm. Eisem neien däitsche Mataarbechter säi gelounten Auto gouf, no ville Mängel, schlussendlech Scheissding gedeeft.

Mäin eegenen Auto (ee bloe Peugeot) krut vu Frënn den Numm Blueberry Princess. A wéi heecht ären dann?

Quell: www.kuriose-feiertage.de

Ähnlech Sujeten Auto, Feierdeeg, Fortbeweegung, Numm, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel