Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eis Nopere kréien eng nei Regierung
International Neiegkeeten Stories

Eis Nopere kréien eng nei Regierung

No de Kommunalwahlen huet de Premierminister Edouard Philippe mat alle

Asselborn: Katar-Kris duerch Dialog léisen
International Neiegkeeten Stories

Asselborn: Katar-Kris duerch Dialog léisen

D’Katar-Kris huet scho säit Wochen d’Noriichtewelt am Grëff. Nodeems den CSV-Deputéierte

63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der Fra“
International Neiegkeeten Stories

63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der Fra“

Déi 63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der

What the Fakt – Géint Drogemëssbrauch an illegalen Handel!

What the Fakt – Géint Drogemëssbrauch an illegalen Handel!

Ob Tubak, Alkohol, Gras oder och déi haard Saachen, wéi Heroin an Crystal Meth, all dës Stoffer kënne süchteg maachen an eise Kierper uerg a Matleedenschaft zéien. Zënter 1987 gëtt an de Vereenten Natiounen de Weltdrogendag oder och den Internationalen Dag géint Drogemëssbrauch an onerlaabte Suchtstoffverkéier organiséiert.

Um 7. Dezember haten déi Vereenten Natiounen d’Resolutioun 42/112 an d’Liewe geruff a sech bei hirer Generalversammlung op de 26. Juni gëeenegt, fir sech esou géint de Mëssbrauch vun Drogen opzeleenen. Un hirer Säit hu si de sougenannten United Nations Office on Drugs and Crime (UNODC), déi fir dësen Dag matverantwortlerch sinn.

Ënnert dem Begrëff Drog versteet een eng staark wierksam psychotropesch Substanz. Allgemeng kann een duerch d’Anhuele vun de Stoffer eng bewosstsins Wierkung erzilen, oder och seng Receptioun veränneren. Traditionell ginn Droge gären als Genossmëttel genotzt, sou datt een ee Rausch erliewe kann.

Vill Droge kënnen dobäi eng psychesch an neurochemesch Ofhängegkeet ervirruffen, wouduerch een ee staarkt an oniwwerwendbaart Verlaangen no méi kritt. Den eegene Konsum kann ee mat der Zäit ëmmer méi schlecht kontrolléieren, wouduerch ee sech selwer, sou wéi och alldeeglech Verflichtungen an Aktivitéite vernoléissegt.

Drogemëssbrauch

Wourop huet d’UN sech gëeenegt?

Generell ass uginn, datt d’Memberstaaten weiderhi géint d’Bedreeung vun Droge virginn. Regierungen an Organisatioune gi verflicht fir Programmer opzestellen, fir Undeel um sougenannte Comprehensive Multidisciplinary Outline of Future Activities in Drug Abuse Control deelzehuelen an esou Moossname géint den Drogemëssbrauch an illegalen Handel ze schafen.

Doriwwer hinaus sollen d’Memberstaaten der UN Ressourcen zur Verfügung stellen, fir esou d’Kooperatioun mat den Entwécklungslänner ze stäerken an hir Kontroll-Programmer ze fërderen.

Drogemëssbrauch

Wat ass hei legal a wat bewierkt et?

  • Alkohol ass zu Lëtzebuerg legal. De kontrolléierte Verkaf an Ausschank ass fir Jugendlecher ënnert 16 Joer verbueden. De Konsum soll eng entspanend an/oder euphoriséierend Wierkung hunn, deen de Kontakt an Autsausch mat Aneren erliichtert, awer och d’Reflexer méi lues mëscht. Doduerch sollt ee selwer keen Auto méi fueren! D’Uewergrenz läit am Grand-Duché bei 0,2 Promill fir Leit am Stage, ënner 18 Joer oder Beruffschaufferen. Fir all déi aner sinn et 0,5 Promill.
  • Tubak gehéiert zu de legale Substanzen an och hei ass de kontrolléierte Verkaf ass fir Jugendlecher ënnert 18 Joer verbueden. D’Wierkung gëtt als stimuléierend an entspanend beschriwwen. De Bols an de Bluttdrock steigen un, wouduerch d’Haut- an Häerzkranzgeféiesser manner duerchblutt ginn. Den Nikotin gehéiert dobäi zu de süchteg-maachensten Substanzen. Haaptrisiken sinn Erkrankunge vun den Otemweeër, eng chronesch Bronchite, Longenentzündung, Fëmmhouscht oder och Longekriibs.
  • Cannabis ass am Grand-Duché nach illegal. D’Wierkung kann een als entspanend an opheiterend erklären. Oft gi Stëmmungen awer och verstäerkt an d’Perceptioun verännert. Duerch de sénkende Bluttzockerwäert am Kierper sollt ee beim Konsum op alle Fall eppes iessen a keen Auto fueren!
  • Kokain ass bei eis wuel immens beléift awer och illegal. Duerch de Konsum soll ee méi leeschtungsfäeg, euphoresch a selbstbewosst ginn. Allerdéngs gëtt dobäi och den Häerzrhythmus beschleunegt. Beim duerch-Nues-zéie kann et zu Entzündunge vun der Nueseschläimhaut kommen an et kann ee sech mat Heptatites C ustiechen. Zesumme mat Alkohol schiedegt ee seng Liewer.
  • MDMA gehéiert och zu den illegale Substanzen. Och hei gëtt een nom Konsum euphoresch, d’Middegkeet gëtt gedämpt an de Kontakt zu anere Persoune gëtt vereinfacht. Wat esou flott kléngt schéisst awer och den Häerzrhythmus an d’Luucht an d’Kierpertemperatur steigen. Am schlëmmste Fall erleit een Panikattacken oder et dehydratéiert een.

Kuckt ee sech dës Risiken esou un muss ee sech froen, op ee wierklech dës Substanzen zou sech huele muss, fir d’Liewe genéissen ze kennen. Ee gemittlechen Owend ënner Kollege ka sech schliisslech och ouni Alkohol an Drogen als lëschteg erausstellen!

Opmaacherbild: Beschlagnaamt Drogen zu Bogota, Kolumbien am Abrëll 2013 © National Police of Colombia

Ähnlech Sujeten Alkohol, Cannabis, Heroin, Internationalen Dag géint Drogemëssbrauch an onerlaabte Suchtstoffverkéier, Kokain, MDMA, UN, UNODC, Weltdrogendag, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel