ANKAA-Zenter: Offiziell Aweiung mam Jean Asselborn
E Projet mat Lëtzebuerger Bedeelegung gouf e Mëttwoch, den 19.
E Projet mat Lëtzebuerger Bedeelegung gouf e Mëttwoch, den 19.
Nodeems de Januar an de Februar scho relativ gutt Méint
Zesumme mam Departement vun de Jonke begréisst an ënnerstëtzt den
Scho mat 14 Joer huet hie sech bei der Universitéit Leiden ageschriwwen. Herno huet hie sech allerdéngs fir eng Léier als Moler ëmentscheet. Bis 1625 ass hien hei vum Historiemoler Jacob van Swanenburgh an dem Pieter Lastman ausgebilt ginn. Mat 25 Joer ass et vir hien op Amsterdam gaangen, wou hien als finanziell onofhängege Moler geschafft huet, säi Saskia vun Uylenburg bestuet a säi Jong Titus kritt huet.
Ee Selbstportrait vun 1630
Dem Rembrandt seng éischt Fra ass fréi gestuerwen. Wëll de Kënschtler net eleng wollt sinn huet hie sech mam Hendrickja Stoffels zesummegedoen, woubäi 1654 dat klengt Cornelia op d’Welt komm ass. Duerch eng Faillite kuerz drop huet den Artist, deen eigentlech gären iwwer d’Mooss gelieft huet, sech zeréck gezunn. Duerch esou Liewensaschnëtter kann ee seng Wierker a verschidde Perioden andeelen.
Mat klengen Zeechnungen, Molereien a Radéierungen huet den Hollänner Motiver vun der Bibel, der Mythologie an der Geschicht duergestallt. Besonnesch opfälleg war schonn deemools den Hell-Donkel-Kontrast. Besonnesch nennenswäert sinn hei „Anatomie des Dr Tulp“ vun 1632 an „Nachtwache“ vun 1642. Mat realisteschen Duerstellungen ass de Rembrandt an der éischter Phas (1631 bis 1642) als Portraitist bekannt ginn.
“Die Nachtwache” – Rijksmuseum Amsterdam
Weider gaangen ass et tëscht 1642 an 1650 mat méi waarme Faarwen an engem berouegenden Effekt. Opfälleg fir dës Zäit ware virun allem d’Landschaftsbiller, wou een beispillsweis „Blick über das IL vom Diemerdijk aus“ nenne kann.
An der leschter Amsterdamer Zäit (1650 bis 1669) sinn nees staark Liichtkontraster virun donkelem Hannergrond dem Rembrandt säi Favorit. Mat decke Faarftupfer ass d’Kleedung vun de Personnage just nach ugedeit ginn, sou datt de Spectateur sech op d’Kärausso konzentréiere kann.An dëser Zäit huet den hollännesche Kënschtler sech och mam eegenen Ech beschäftegt an divers Selbstporträite geschaf.
Selbstporträt, 1660
Um 4. Oktober 1669 ass de Rembrandt van Rijn zu Amsterdam gestuerwen. Seng Wierker kann een och haut nach ënnert anerem am Rembrandthaus an der hollännescher Haaptstad bewonneren.
Opmaacherbild: Selbstbildnis als Zeuxis, 1685