Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Géint d‘Diskriminatioun: déi „reklasséiert“ Aarbechter erhiewen d‘Stëmm
International Kultur hook up causes https://moien.lu/dating-app-bio-ideas/

best dating sites for older singles uk

No méintelaangen Diskussiounen zur Reform vum „Reklassement“ an no villen

Een éischt Gespréich tëscht dem OGBL an dem Marc Hansen
International Kultur hook up causes https://moien.lu/dating-app-bio-ideas/

Een éischt Gespréich tëscht dem OGBL an dem Marc Hansen

E Méindeg huet de Minister vun der Fonction Publique, Marc

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum
International Kultur hook up causes https://moien.lu/dating-app-bio-ideas/

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum

Während d‘Resultat vum Referendum zur kurdescher Onofhängegkeet am irakesche Kurdistan

What the Fakt – D’Geschicht vum Rock am Ring!

What the Fakt – D’Geschicht vum Rock am Ring!

Haut ass den Optakt vun der 32. Editioun vum Rock am Ring um Nürburgring an der däitscher Eifel. Wärend dräi ganzer Deeg kënne Musekfans iwwer 60 Kënschtler a Bands op enger vun den dräi Bühne live erliewen. Mee wéi ass dësen enorme Festival eigentlech entstanen?

Am Entstéiungsjoer 1985 stoungen Open-Air-Festivals ënnert kengem gudde Ruff. Trotzdeem ass de Marek Lieberberg den erneite Versuch agaangen, fir ee gréisster Rock-Evenement um neien Nürburgring ze organiséieren. An endlech krut hien den Accord fir den éischte „Rock am Ring“ ze starten. Um 25. a 26. Mee sinn esou Kënschtler, wéi de Joe Cocker, de Chris de Burgh, U2 oder och Foreigner opgetrueden.

Deemools war et nach eng eenzeg Bühn, op der déi insgesamt 17 Artisten a Gruppen opgetruede sinn, fir esou 75.000 Visiteuren a Fans ze ënnerhalen. Zu dëser Zäit huet den Ticket och grad emol 49 DM kascht, wat ongeféier 25 € sinn. Mëttlerweil zitt dem Lieberberg säi musikalesche Bebe al Joer iwwert 80.000 musekbegeeschtert Leit aus der ganzer Welt un. Hie selwer hält sech, trotz der immenser Erfollegsgeschicht, léiwer hannert de Kulissen op a këmmert sech, trotz sengen 73 Joer, ëm den reiwungslosen Oflaf vum Festival.

Säit Joerzéngten zitt de bekannten a profiléierte Concertveranstalter d’Stars vun der internationaler Musekzeen un a schreckt net do virdrun zeréck, oppen a konkret ze schwätzen, wann hie fir seng Leidenschaft a Positioun kämpfe well.

Wärend der ganzer Rock am Ring Geschicht huet den Opbau sech vun enger op dräi riseg Bühne gesteigert. Mee net nëmmen d’Opmaachung ass an d’Luucht gaangen, och d’Präisser sinn drastesch geklommen. Am Joer 1992 sinn déi 49 DM fir een Ticket ëm 25% gesteigert ginn op 75 DM. Mëttlerweil läit een eleng beim Festival Ticket fir de ganze Weekend gäre bei 170 € opwäerts.

Rock am Ring

© Rock am Ring

Duerch d’Joren

  • 1985: Den éischte Rock am Ring, mat 17 Bands a 75.000 Visiteuren
  • 1986: 50.000 Fans maache bei der zweeter Editioun mat
  • 1987: 20 Bands hunn um éischte Juni-Weekend déi 60.000 Fans begeeschtert
  • 1988: D’Zuelen u Visiteure falen op 30.000 zeréck, de Festival pauséiert 2 Joer
  • 1991: No der Auszäit ass de RaR mat enger Editioun vun 3 Deeg zeréck komm
  • 1992: D’Präisser vun den Tickete klammen op 75DM, wouduerch manner Visiteure kommen
  • 1993: D’Fantastischen Vier trieden um Ring op
  • 1994: 70.000 Fans kommen op den Nürburgring, fir ënnert aanerem Aerosmith a Rage Against The Machine ze gesinn
  • 1995: Rock am Ring ass fir eng éischt Kéier ausverkaaft
  • 1996: Nieft der Centerstage gëtt et eng éischt Kéier eng zweet Bühn
  • 1997: Beim Chris Rae sengem Optrëtt schléit de Blëtz an a leet d’Stroumversuergung um ganzen Nürburgring lahm
  • 1998:Fir eng éischt Kéier ginn et 3 Bühnen, wouduerch 66 Kënschtler beim Festival optrieden
  • 1999: Mat 4 Bühnen an 93 probéiert een de konstante Reen a ville Bulli ze vergiessen
  • 2000: Ronn 100.000 Fans feieren – dës Kéier nees 3 Deeg – mam Campino, dee vun der Bühn fält a sech d’Kräizbänner futti mëscht
Rock am Ring

© Rock am Ring

  • 2001: Nieft dem Reen haten d’Visiteure mat extremer Keelt ze kämpfen
  • 2002: Trotz 30°C am Schiet si just 50.000 Fans op de Festival komm
  • 2003: Mat Bands wéi Metallica, Iron Maiden an dem Marilyn Manson hat de Lieberberg sech selwer iwwertraff an esou 78.000 Fans ugezunn
  • 2004: Gëtt de Publikum méi jonk? Vun de ronn 70.000 Visiteuren war bal kee méi iwwer 30 Joer do
  • 2005: Fir den 20. Gebuertsdag vum Festival huet Green Day mat engem Fan aus dem Publikum gespillt
  • 2006: De Rock am Ring kënnt mat 80.000 Visiteuren un d’Grenze vun de Kapassitéiten
  • 2007: Beim ausverkafte Festival spillen Die Ärzte als Headliner vum Sonndeg an hunn esou 75.000 begeeschtert Fans animéiert
  • 2008: Mat Metallica, Queen of the Stone Age an Die Toten Hosen ass nees ee mega Programm gebuede ginn, woubäi d’Hosen um Festival hir Live DVD opgeholl hunn
  • 2009: De Sender MTV huet eng éischt Kéier de Festival am däitsche Fernseh live iwwerdroen
  • 2010: Fir de 25. Jubiläum spillt Rammstein a beandrockt mat enger immenser Performance, sou wéi opwenneger Pyrotechnik
  • 2011: MTV zitt sech vun zeréck an iwwerléist dem SWR d’Iwwerdroung vum Festival
  • 2012: Scho 5 Méint am viraus war de Festival ausverkaaft, wat Gruppe wéi Metallica, Die Toten Hosen, Linkin Park, Billy Talent an The Offspring ze verdanken ass
Rock am Ring

© Rock am Ring

  • 2013: Dës Kéier hat de Lieberberg d’Museksgréissten doheem gelooss a mat Seed d’Fans zum ausflippe bruecht
  • 2014: Et sollt déi lescht Editioun um Nürburgring sinn, vill Fans bedaueren dës Decisioun
  • 2015: Rock am Ring gëtt zwangsverluecht op de Flugplatz Mendig
  • 2016: De Festival um Zeppelinfeld Nürnberg ass komplett ausverkaaft a faszinéiert mat de Red Hot Chili Peppers, Black Samabth a Volbeat
  • 2017: De Rock am Ring kënnt zeréck a seng Heemecht, leid allerdéngs ënnert dem Terroralarm vum Freideg, wouduerch Rammstein net optriede konnt
  • 2018: Thirty Seconds to Mars, Muse, Foo Fighters an Gorillaz sinn Headliner an begeeschteren un den 3 mat Sonn gefëllten Deeg hir Fans

Opmaacherbild: © Rock am Ring

Ähnlech Sujeten Concert, Festival, Marek Lieberberg, Musék, Nürburgring, Rock am Ring, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel