Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Oekofestival statt Oekofoire
International Neiegkeeten Stories

Oekofestival statt Oekofoire

Vum Kierchbierg an de Pafendall: no 29 Oekofoiren huet sech

Du muss Suessem richteg gutt kennen, fir hei gutt ofzeschneiden!
International Neiegkeeten Stories

Du muss Suessem richteg gutt kennen, fir hei gutt ofzeschneiden!

Suessem ass vun der Bevëlkerung hir eng vun deene gréisste

Twitter huet den Trolls de Krich ugekënnegt
International Neiegkeeten Stories

Twitter huet den Trolls de Krich ugekënnegt

Et ass net den éischte Versuch vun Twitter sech géint

What the Fakt – D’Geschicht vun der “Beweegung 2. Juni”

What the Fakt – D’Geschicht vun der “Beweegung 2. Juni”

An de 70er Joer huet déi lénksextremistesch terroristesch Vereenegung „Beweegung 2. Juni“ hiert Onwiesen a West-Berlin gedriwwen. Wärend bal engem Joerzéngt hu si duerch Bommenuschléi, Entféierungen an weider terroristesch Attacken op sech opmierksam gemaach.

Am Joer 1969 huet sech zu Berlin eng Wunngemeinschaft zesumme gedoen, bei der Männer a Fraen zesummen nei Forme vum Zesumme-Wunnen ausprobéiere wollten, ähnlech wéi bei der Kommune 1. Genannt hu si sech „Wielandkommune“. D’Memberen hunn dobäi aus der Aarbechterklass gestaamt an haten als grousst Zil, déi biergerlech Gesellschaft ze ënnergruewen.

Wat Ufanks mat klengen Aktioune, wéi dem Konsum vun Haschisch oder och Déifställ a Geschäfter ugefaangen huet, sollt sech schnell zu schwéiere Strofdoten ëmwandelen. Als Virbild hat ee sech d’Tupamaros zu Uruguay geholl, fir esou als „Stadguerilla“ aktiv géint d’Regierung ze kämpfen. Ënnert dem Numm „Tupamaros West-Berlin“ si virun allem de Georg vun Rauch, den Thomas Weisbecker an d’Bommi Baumann bekannt ginn. Zesummen huet de Grupp Iwwerfäll duerchgefouert an dobäi och schonn emol ee Journalist blesséiert. Dës dräi Membere konnte schnell an de Bing wanderen.

Beweegung 2. Juni

Logo vun der “Beweegung 2. Juni”

Eng Verwiesslung mat Konsequenzen

Um 8. Juni 1971 sollt de Prozess stattfannen. Den Datum ass awer verluecht ginn an esou hat een nach genuch Zäit, sech ee Fluchtplang auszedenken. D’Baumann an de Weisbecker goufe bis dohi vum Prisong verschount an duerften Heem goen. Heibäi hunn de Von Rauch an de Weisbecker, duerch hir gewëssen Ähnlechkeet, d’Identitéite getosch, wouduerch déi Zwee fräi komme konnten. D’Police wollt de Georg jo nach sichen, mee dee war natierlech scho längst ofgedaucht.

Enn des Jores ass et zum Schosswiessel tëscht der Police an dem Gesichte komm, deen dat Ganzt net iwwerlieft huet. Als Reaktioun dorop hu sech 1972 zuelräich lénksmilitant Gruppen zesumme geschloss an déi sougenannt „Beweegung 2. Juni“ gegrënnt. Den Datum sollt dobäi fir de Benno Ohnesorf stoen, ee Student, dee bei der Demonstratioun géint de Schah-Besuch erschoss ginn ass.

Déi aggressiv Grupp konnt divers Sprengstoffuschléi organiséieren, bei deenen et och Doudeger ginn ass. Nom Dout vum Wiesbecker – och duerch Erschéissen – huet d’Beweegung sech duerch een Sprengstoff-Attentat beim Landeskriminalamt zu Berlin gerächt. Kuerz drop ass et zum Branduschlag bei der juristescher Fakultéit un der Fräier Universitéit komm.

Wou esou drastesch gehandelt gëtt, kënnt et natierlech och zu Prisongsstrofen. Zesumme mat de Membere vun der RAF ass d’„Beweegung 2. Juni“ an den Hongerstreik gaangen, fir esou speziell Konditiounen ze kréien. An och bei dëser Aktioun sollt et nees een Doudege ginn: De RAF-Member Holger Meins ass um 9. November 1974 un de Folge vum Honger gestuerwen.

Duerch verschidden Entféierungen ass no an no d’Fräiloossung vun de politesche Gefaangene gefuerdert ginn. Wien net esou nees eraus komm ass, huet sech aner Weeër zur Flucht gesicht. Trotzdeem huet d’Beweegung sech um 2. Juni 1980 opgeléist. Vill Memberen hu sech uschléissend der RAF ugeschloss.

Ähnlech Sujeten Beweegung 2. Juni, Lénksextremistesch, Terrorismus, Uschléi, West-Berlin, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel