Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mat dësem Test kanns du däi Lëtzebuergesch verbesseren!
International Kultur white woman dating website https://moien.lu/dating-ex-cocaine-addict/

mature dating in south africa

Nëmme wien üübt, ka besser ginn. Versich dech also un

https://moien.lu/how-to-matchmaking-key-fortnite/
International Kultur white woman dating website https://moien.lu/dating-ex-cocaine-addict/

Gemengenautonomie a méi Demokratie? (Lieserbréif)

Et ass dacks positiv wat an de Gemengen duerch déi

Treffen tëscht Bettel a Merkel zu Berlin
International Kultur white woman dating website https://moien.lu/dating-ex-cocaine-addict/

Treffen tëscht Bettel a Merkel zu Berlin

Eise Premierminister Xavier Bettel war gëschter op Besuch zu Berlin

What the Fakt – Globalen Dag vum Recycling

What the Fakt – Globalen Dag vum Recycling

Déi gréng a blo Tonn, wéi och déi blo Tut sinn zu Lëtzebuerg fir de Recyclage virgesinn. A Saachen Ëmweltschutz soll den Akt, eppes opzewäerten an et erëm ze benotzen essentiell sinn, wouduerch den Internationalen Dag vum Recycling weltwäit sollt eescht geholl ginn.

All eis Konsumgidder, sief et Iessen, Kleedung oder elektronesch Géigestänn, bestinn aus de 6 wichtegste Ressourcen. Dozou ziele Waasser, Loft, Ueleg, Gas, Kuel a Mineralstoffer. Mëttlerweil ass eise Verbrauch esou exzessiv geklommen, datt mir iergendwann keng natierlech Ressource méi wäerten hunn. Wat hei eemol fort ass, kënnt esou schnell net méi zeréck, wouduerch et gëllt Alternativen ze fannen, sief et duerch Recyclage oder aner Moossnamen.

Nach ass dësen Aktiounsdag relativ nei, wat mam kommende Bewosstsinn fir d’Ëmwelt an d’Natur och kee Wonner ass. Fir genau ze sinn geet d’Initiative op de Weltrecyclingverband, de sougenannte Bureau of International Recycling am Joer 2018 zeréck. Si verstinn sech als Interessevertrieder an dësem Beräich. Geet een elo ganz an den Detail, esou trëfft een op de Ranjit Baxi, deen zu dësem Dag, duerch seng nei Positioun beim BIR, op der 2015er World Recycling Convention zu Dubai opgeruff huet.

Dobäi ass den haitegen Dag dowéinst ausgewielt ginn, wëll den 18. Mäerz 2018 de 70-järege Jubiläum vum Weltrecyclingverband markéiert. De Grond fir dëse wichtegen Aktiounsdag war d’Verschwendung vun natierleche Ressourcen an de Wëllen een ëffentlecht Bewosstsinn zu dësem Thema bei der Bevëlkerung ze verankeren. Et geet virun allem ëm den nohaltege Gedanken, wëll all Joer Milliounen Tonnen u Ressource genotzt ginn, déi uschléissend no hirer Notzung an den ewech fléien. Dobäi sollt een doran keen Dreck, mee eng Chance gesinn!

recycling

D’Fuerderungen si kloer

Nieft hiren Zieler geet et dem BIR och dorëm, datt nieft Waasser, Kuel, Ueleg, Gas a Mineralstoffer de Recycling als sougenannt siwent Ressource etabléiert gëtt. Heivir hu si ee Katalog mat diverse Moossnamen entwéckelt:

  1. Fërderung vum Recycling duerch d’Implementéierung a Stäerkung vun internationalen Ofkommen
  2. Ënnerstëtzung vum nohaltegen Handele mat recyclingfäegem Material
  3. Besser Informatiounen an Opklärung vun der Ëffentlechkeet iwwert d’Roll vum Recycling fir den Ëmweltschutz an eng nohalteg Wirtschaft
  4. Etabléierung vun international eenheetleche Begrëffsbestëmmungen
  5. Weltwäit Ënnerstëtzung vun Initiativen, déi recycléieren
  6. Fërderung vu recyclingfrëdnlechem Produktdesign
  7. Verbesserung vum momentane Recycling-Verfueren, duerch Ënnerstëtzung vu Wëssenschaft a Fuerschung

recycling

Lëschteg an eescht Fakten

Déi offiziell Internetsäit vum Global Recycling Day bitt divers Informatiounen a Rotschlei an der Thematik vum Recyclage un. Dorënner fënnt een och eng Rei Fakten, déi net all esou witzeg sinn, wéi et op den éischte Moment schéngt.

  1. Duerch Recycling ginn all Joer 700 Milliounen Tonne CO2-Emissioune gespuert
  2. Et gëtt geschat, datt weltwäit 1,6 Millioune Mënschen am Prozess vum Recycling schaffen
  3. Australien recycléiert 63% vu senge Produkter all Joer
  4. Säit 700 viru Christus verwäert de Mënsch Metall ëmmer an ëmmer erëm
  5. 91% vum produzéierte Plastik kënnen net nees verwent ginn

Dat gouf wierklech recycléiert???

Ëmmer just iwwert déi negativ Aspekter ze informéiere mëscht op Dauer net glécklech. Dowéinst hu mir verschidden Informatioune vun der offizieller Internetsäit vum haitegen Aktiounsdag eraus gefëscht. Dorënner sinn eng Rëtsch Produiten, vun deenen een nimools erwaart hätt, datt se recycléiert gi wieren.

„Mir dinn eisem schéine Planéit wéi, andeems mir ëm all seng Ressourcen ewech huelen, mee et gëtt eng einfach Léisung, déi do hëlleft“, esou d’Grënner vum Aktiounsdag. Déi siwent Ressource ass net limitéiert a kann ënnert Ëmstänn éiweg genotzt ginn. Mam recycléierte Material kënnen immens Produiten entwéckelt ginn, déi donieft och nach gutt fir eise Planéit sinn:

  • ADIDAS Laf-Schong: Säit 2016 stellt dës Sportsmark, zesumme mat diversen Ëmwelt-Organisatiounen, Schong hir, woubäi ee Puer jee 11 Plastiksfläschen enthält.
  • Skateboarden aus Fëschernetzer: De Bureo Ahi Performance Cruiser besteet aus alen Netzer vun de Fëscher, déi net méi gebraucht ginn, wouduerch ee wärend dem Fueren och nach der Äerd eppes Guddes deet.
  • Nohalteg Fläscheschlësselen: Wéi wier et dann emol seng Fläsch mat engem alen ëmtransofmréierte Baseball-Schléier opzemaachen? Mat der Nummer op dësem Géigestand kann ee souguer zeréck verfollegen, bei wéi engem Spill mam Schléier gespillt ginn ass.
  • Patagonia Kleedung: Dëse Label steet eko-frëndlech Kleedung aus benotzte Gedrénksbéchsen hir.

Weider Produite kënnt Dir HEI noliesen.

Fir eng nohalteg Zukunft muss jiddwereen vun eis Moossnamen treffen, woubäi de Recyclage wuel ee wichtege Schrëtt ass. Et gëtt endlech Zäit, datt den Erhalt vun eiser Ëmwelt déi wichtegst Prioritéit gëtt!

Ähnlech Sujeten Bureau of International Recycling, Ëmweltschutz, Globalen Dag vum Recycling, Natur, Nohaltegkeet, Recyclage, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel